Sophie Steinmetz

1947 ass déi éischt kommerziell Mikrowell gebaut ginn.

En amerikanesche Fuerscher huet am 2. Weltkrich per Zoufall entdeckt, dass Radarwelle Liewensmëttel erhëtze kennen. Dat war d’Gebuertsstonn vun der Mikrowell.

Mee wéi kënne Radarwelle beim Kachen agesat ginn?

Dat huet sech och en Ingenieur gefrot, deen am 2. Weltkrich besser Radaranlagen entwéckele sollt. Bäi senger Aarbecht un sou enger Anlag huet en nämlech gemierkt, dass d'Stéck Schokla a senger Täsch geschmollt war. Dunn huet en en Ee an de Radarstrahl geluecht an huet et zum kache bruecht. Bei dësem Versuch ass et explodéiert... Dëst war d’Gebuertsstonn vun der Mikrowell. Well Radarwelle gehéieren zu de sougenannte Mikrowellen. Dat ass näischt aneschters wéi Funkwelle mat enger bestëmmter Wellelängt am Beräich vun e puer Zentimeter.

Aha...., wéini ass et dann déi éischt Mikrowell ginn?

Dat ass erstaunlech séier gaangen. Scho 1947 ass déi éischt kommerziell Mikrowell gebaut ginn. Si war 1,80 Meter grouss an huet 340 Kilo gewieën, et war also en zimlecht Monster. D’Ingenieuren hunn du versicht, d’Baustécker méi kleng a méi bëlleg ze produzéieren. Am grousse Stil hunn sech d’Mikrowellen dunn ab de 70er Joere vu leschte Jorhonnert an de Stéit verbreet.

Wéi funktionéiert eng Mikrowell eigentlech?

D’Mikrowell bréngt Waassermolekülen, also d'Bausténg vum Waasser, a Beweegung. Doduerch erhëtzen déi sech. Well an eise Liewensmëttel méi oder manner Waasser ass, kann ee mat Mikrowelle ganz séier Iessen opwiermen oder kachen.

An wisou ass an enger Mikrowell ëmmer en Dréiteller, huet dat en spezielle Grond?

D’Mikrowelle gi bannen am Apparat vun de Säitewänn hin an hier reflektéiert. Dobäi iwwerlaageren sech d’Wellen an et entsti Beräicher, an deenen se méi staark an anerer, wou se méi schwaach sinn. Fir dass eist Iessen trotzdem gläichméisseg waarm gëtt, léisst een et op dem Dréiteller dréinen.

An dat huet jo och e gewësse Schick... wéi geet et wieder, sinn nei Entwécklungen a Produktioun?

Bei Mikrowelle sinn an nächster Zäit keng grouss Verbesserungen ze erwaarden. D’Fuerscher experimentéieren awer mat ganz groussen a leeschtungsstaarke Mikrowellenapparater, fir beispillsweis an der Metallindustrie Erzer méi gënschteg ze schmëlzen.

Als éischt Radar, da Kichen, an elo Metallindustrie. Mikrowelle si jo zimlech villsäiteg!

Jo. An et gëtt nach vill aner Beräicher, an deenen se agesat kéinte ginn. Dat ass jo dat Spannend vun der Fuerschung!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Sophie Steinmetz

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch in dieser Rubrik

Menstruatioun Firwat hu Frae Péng, wa se hir Reegel hunn?

Fir munch Fraen ass et all Mount dat selwecht: Wa se hir Reegel hunn, hu se esou wéi, dass se bal net kapabel sinn, eppes ze ënnerhuelen. Wouhier kënnt eigentlech dës Péng?

FNR
D’Sënner schäerfen Kann ee seng Sënner duerch Training verstäerken?

Muskele loosse sech trainéieren. D’Ausdauer och. An d’Sënner? Well Perceptioun am Gehier entsteet an dëst verformbar ass, misst et wuel méiglech sinn.

FNR
Sonnencreme
UV-Schutz Wéi funktionéiert Sonnecrème?

Wat heescht SPF15, 30 oder 50 a wéi dacks soll een sech acrèmen?

FNR