FNR, SKIN

„Ziel mir keng!“ kënnt nom Pisa Wëssensmagazin Sonndes owes op RTL Tëlee. Et kann ee sech d’Episoden awer och op RTL Play an um science.lu Youtube-Kanal ukucken: https://www.youtube.com/user/scienceluxembourg

Jo, Gentechnik, Genfood, GMOen… dat mécht iergendwéi Angscht.  

Wärend Gentechnik an der Medikamentenentwécklung net kontrovers ass, ass Gentechnik bei Planzen - also déi gréng Gentechnik em déi et hei am Bäitrag geet -  ganz ëmstridden.  

Déi déi derfir sinn, soen et wier eng wichteg Technologie fir 8 Milliarde Mënschen ze ernären. D’Géigner argumentéieren se wier geféierlech an net natierlech. Ma wat da lo?

D’Eegenschafte vun enger Planz gi bestëmmt duerch hier Genen, also bestëmmten Deeler vun hirer DNA. A schonns zanter Joerdausenden modifizéiere mir Mënschen d’Gene vu Planzen. Duerch Ziichtung probéiere mir Planzen z.B. méi narhaft ze maachen - oder méi resistent géint Krankheeten, Schädlingen, Dréchent oder Héichwaasser. Hei gesi mer z.B. lénks wéi Mais ursprénglech ausgesinn huet, a riets eng Maiszort vun haut. Duerch Ziichtung hu mer eng Réi Genen modifizéiert, a quasi eng ganz nei Planz hiergestallt.

Ganz klassesch gëtt an der Ziichtung d’Kräizung applizéiert. Wa mer z.B. en narhaft Mais hunn, deen awer net resistent ass géint eng nei Krankheet, da kräize mer dee mat enger resistenter Maiszort. Dat gewënschte Resultat: en narhaft Mais, dee resistent ass.

Ma et ass falsch ze mengen, dass Ziichtung ëmmer nëmme ganz natierlech wier. Et ginn eng ganz rëtsch Methoden, a verschiddener dovunner sinn héichtechnologesch.

Et kann  een nämlech nëmme Planze vun der selwechter Aart matenee kräizen – also Mais mat Mais, a Räis mat Räis. Wat awer lo, wann et an eisem Beispill vu virdru - keng Maiszort gëtt, déi resistent ass géint d’Krankheet?

Da muss een op Mutatiounen hoffen, also spontan Verännerungen an der DNA. Ma dat dauert! Oder mir hëllefen no! Wéi bei der Mutagenese: Hei gi Planze mat kriibserreegende Substanzen oder radioaktiver Stralung traitéiert, fir Mutatiounen ze provozéieren. Nom Zoufallsprinzip entstinn hei nei Genen – muncher mat gudden Eegenschaften, muncher mat schlechten. Déi gutt Planzen gi selektionéiert, déi aner eliminéiert.

 

 Des Verfaren goufen laang Zäit als Ziichtung klassifizéiert. A vill Liewensmëttel déi mir iessen, sinn op des Aart a Weis entstane.

Gentechnik ass och eng héichtechnologesch Ziichtungsmethode. Hei kann ee ganz geziilt e bestëmmte Gen aus enger Planz raushuelen, an an eng aner asetzen.

Soumat huet ee mat der Gentechnik vill méi Méiglechkeeten.

  • Et muss een éischtens net op Mutatiounen hoffen, 
  • an et kann een zweetens Genen aus anere Planzenaarten asetzen: z.B. e Gen aus dem Räis an de Mais.

Spéitstens säit der Crispr-Cas-Method ass Gentechnik immens präzis ginn. Ausserdeem ass se méi streng  reglementéiert wéi d’Ziichtung.

Tëschefazit:

D’Gentechnik ass an der Planzenzuucht

  • déi Technik mat de meeschte Méiglechkeeten,
  • déi, déi am strengste reglementéiert ass

Ma och déi kontroverst...Firwat eigentlech?

Ee Kontra-Argument ass: Gentechnik wier net natierlech.

Dat ass korrekt, ma wéi mer gesinn hunn, ass Ziichtung och net ëmmer ganz natierlech. Vrun allem awer kritiséieren d’Géigner dass bei der Gentechnik Genen belibeg tëscht alle méiglechen Aarten ausgetosch kënne ginn. Dat ass fir si e Schrëtt ze wäit.

E weidert Kontra-Argument: Gentechnik wier schiedlech fir eis Gesondheet.

Zu dësem Thema fënnt ee ganz vill Informatiounen a Studien, muncher dovunner kontestéiert vun där enger oder anerer Säit. Fazit ass: Bis elo gëtt et keng wëssenschaftlech Evidenz dofir, dass gentechnesch verännert Planze schiedlech si fir de Mënsch.

Wat een hei muss wëssen: Natierlech kënnen Liewensmëttel, déi z.B. nei Proteinzorten enthale,  gëfteg sinn, oder Allergien ausléisen. Ma dat ka souwuel de Fall bei der klassescher Planzenzuucht wéi och bei der Gentechnik sinn. Dofir gi Planzenzorte jo getest éier se op de Marché kommen.

Et ginn awer och Pro-Argumenter, wéi z.B dass duerch Gentechnik manner Pestiziden an Insektiziden mussen agesat ginn.

Dat ass theoretesch wouer. Wann ee mat der Ziichtung net weiderkënnt, kann een duerch Gentechnik méi robust Planzen schafen, déi manner Pestizide brauchen. Dëst ass z.B. bei enger Auberginnen-Zort am Bangladesch gelongen.

Ma net sou kloer ass et, wann ee kommerziell GMOs ukuckt, déi am grousse Stil, z.B. an den USA ugebaut ginn. Hei geet a verschiddene Fäll de Pestizid- oder Herbizid-Asaz erof, an anere erop.

Ausserdeem ännert de Pestizid- an Herbizid-Asaz iwwert d’Zäit, wëll Resistenzen optauchen, an dofir nees méi Herbiziden oder Pestizide gebraucht ginn.

An dann ass do d'Argument, Gentechnik wier e wichtegt Mëttel, fir de Welthonger ze bekämpfen.

Och dat ass theoretesch wouer. Engersäits musse mer ëmmer méi Mënschen ernären, anerersäits hu mer ëmmer manner Platz zur Verfügung. A grad a Regiounen wou d’Mënschen un Honger leiden, brauch een dacks robust Planzen. Hei kéint d’Gentechnik hëllefen.

Ma wat och wouer ass: Bis elo halen déi meescht GMOs déi um Marché sinn dat Versprieche kaum.

Hier Entwécklung kascht vill Geld. Dofir entwéckelen Grousskonzerner se fir grouss Marchéen, wou vill Sue sinn, an deels och mat dubiéisen ekonomesche Modeller, wou Baueren ausgebeut ginn. GMOs kommen bis elo nëmme seelen do zum Asaz, wou de Welthonger misst bekämpft ginn.

 E Géigebeispill ass hei de gëllene Räis, deen duerch ëffentlech finanzéiert Fuerschungsinstituter entwéckelt gouf a Vitaminn A enthält, fir géint Vitaminn A-Mangel a Länner wéi Indien oder Bangladesch virzegoen. 

Schlussfazit:

Gentechnik ass eng vu villen Ziichtungsmethoden. An do ginn et der, déi als risikoaarm agestuuft ginn, a méi technologescher, déi als méi risikoräich agestuuft ginn, wéi z.B Gentechnik. Obwuel den Debat schwaarz-wäiss gefouert gëtt, ass d'Realitéit a Wierklechkeet gro. 

Gentechnik huet tatsächlech e grousst Potential.  Wëll awer d’Akzeptanz vrun allem an Europa net grouss ass, ass et net kloer, ob se hiert Potential wäert kënnen ausspillen. Vill vun de Kritikpunkte riichten sech éischter géint Praxisse vu Grousskonzerner oder der industrieller Landwirtschaft, wéi géint d’Gentechnik selwer.

Vläicht misste mer an Zukunft wech vum schwaarz-wäiss Denken, hin zu Fall-zu-Fall Analysen mat Nohaltegkeetscritèren:

Wéi kann een jee no Problem a Regioun am beschten Planzenzorte sou entwéckelen , dass sou mann wéi méiglech Pestiziden, Insektiziden oder syntheetesch Düngere agesat ginn, an dëst mat moralesch korrekten ekonomesche Praxissen? Wa méiglech mat Ziichtung, wann néideg mat Gentechnik?

 

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Editeuren: Michèle Weber, Lucie Zeches (FNR)
Video: FNR & SKIN

 

 

Auch in dieser Rubrik

SCIENCE CHECK Ziel mir keng: Was bedeutet es, arm zu sein?

Was ist Armut überhaupt? Wie kann man sie messen? Und was sind die Folgen für Menschen, die in Armut leben?

FNR
SCIENCE CHECK Ziel mir keng: Wie schlimm sind Antibiotikaresistenzen?

Es gibt weltweit immer mehr Bakterien, die resistent gegen Antibiotika sind. Wieso entstehen Resistenzen? Wie ist die Situation in Luxemburg? Und wird es bald neue Behandlungen für uns geben?

FNR
Science-Check Sind Antibiotikaresistenzen in Luxemburg unter Kontrolle?

Der übermäßige Gebrauch von Antibiotika hat zu einer besorgniserregenden Zunahme resistenter Bakterien geführt. Haben die Forderungen nach einem besseren Umgang mit diesen Medikamenten Gehör gefunden...

FNR