Sigismund von Dobschütz

D’elektronesch Zigarett - e gudden Ersatz fir gewéinlech Zigaretten?

Dat ass jo elo den neisten Trend: elektronesch Zigaretten. An de Butteker gesäit een déi an alle Faarwen a Formen ... mee wéi funktionéieren se eigentlech?

Du keefs deng Zigarett, also dat wat‘s de fëmms, eigentlech a flësseger Form an enger Cartouche, déi‘s de dann an d’elektronesch Zigarett mëss. Do ass en Akku oder eng Batterie dran, déi e Verdampfer aschalt, soubals du um Mondstéck zitts! D’Flëssegkeet an der Cartouche gëtt da gehëtzt a verdämpt, an du otems deen Damp dann an!

Wat ass da genee an där Flëssegkeet déi ech kafen?

Do sinn e ganze Koup Aromen dran, déi’s du der kanns eraussiche wann’s de d’Cartouche keefs: Tubakgeschmaach, Uebstaroma an esou weider! Da sinn awer och nach aner Chemikalien dran, déi fir d’Imitatioun vum Zigarettendamp zoustänneg sinn an déi verschidden Arome verstäerken. An zu gudder lescht natierlech Nikotin! 

Mee dat heescht Goudrong an esou ass keen dran?

Nee, am Géigesaz zu normalen Zigaretten ass hei keen Goudrong dran. Et feelen och eng ganz Rei aner Chemikalien, déi an der Zigarett schiedlech sinn. Dat heescht awer net dass d’elektronesch Zigarett gesond ass! Et sinn nach keng wëssenschaftlech Studie gemaach ginn, fir ze kucken ob déi Chemikalien déi dra sinn schiedlech sinn, wann se inhaléiert ginn. Et sinn zwar keng nei oder onbekannte Chemikalien, mee och wann eppes onschiedlech ass wann‘s de et zum Beispill ëss, heescht dat nach laang net dass et och onschiedlech ass wann‘s de et inhaléiers! Soulaang et keng weider Studien dozou ginn, géif ech d’elektronesch Zigarett dofir mat Virsiicht genéissen!

Fir op Nummer sécher ze goen, géif ech einfach emol jidderengem rode fir opzehale mat fëmmen! Sou! A weider Informatiounen zum Thema fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Sigismund von Dobschütz

Infobox

Auch interessant

Lungenkrebs Warum haben Raucher nicht die gleichen Prädispositionen?

Entscheiden genetische Veränderungen in der Lunge darüber, welcher Raucher anfällig für Lungenkrebs ist? Daraus ergäbe ...

LIH , CHL