
Wikimedia Rittmeyer EN, Allison A, Gründler MC, Thompson DK, Austin CC
Dat klengsten Déier ass eng Méck aus Guadeloupe
Et ass emol keng Laus, mee eng Méck aus der Guadeloup! An zwar ass déi en Zéngtel Millimeter grouss! Dat klengst Wirbeldéier ass e Fräsch aus Papua Neu Guinea, dee ganzer 7 Millimeter grouss ass! Dat klengst Mamendéier, eng Spëtzmaus, ass esou guer 4 cm grouss!
Dat ass jo e risen Ënnerscheed tëscht der Méck, dem Fräsch an der Maus!
Eigentlech huet d’Wirbelsail jo d’Entwéckelung vu méi grousse Liewewiesen erméiglecht. Dofir ass et och keng grouss Iwwerraschung dass dat gréissten Déier op der Welt e Wirbeldéier ass, an zwar de Blowal mat 30 Meter.
Mee e klengt Déier brauch jo guer keng esou eng stabil Schankekonstruktioun fir z’iwwerliewen. Dofir ass déi Miniaturwelt vun de Wirbeldéieren och esou faszinéierend fir d’Fuerscher, well se iergendwéi widderspréchlech ass.
Mee d’Mamendéiere si jo awer net grad esou kleng. D‘Spëtzmaus huet 4 cm soss de, nee?
Jo, déi hunn nach d’zousätzlech Erausfuerderung dass se liewegen Nowuess kréien! An da muss jo genuch Plaz bannendra sinn, fir d’Entwéckelung vun deene Klenge bis zum Schluss ze packen! Onendlech schrumpfe kann een se jo och rëm net!
Onendlech net, nee! Mee wat ass dann theoretesch sou dat klengst?
Et ass jo grad d’Wirbelsail, déi vill Plaz ewech hellt. Dofir mengen se, dass dat klengst Wirbeldéier net manner wéi 5 mm kleng ka sinn.
Mee déi Welt vun de Miniatur Wirbeldéieren ass nach zimlech onbekannt! An se fannen och ëmmer nach méi klenger! De Kaarp, dee mat 7,9 mm laang de Rekord gehal huet, ass eréischt virun e puer Joer vun deem klenge Fräsch vu 7 mm vum Podium gehait ginn!
Haart Konkurrenz also! Mee wat d’Déiere méi kleng ginn, wat se och méi schwéier ze fanne sinn, huelen ech un! Ech sinn dann emol gespaant mat wat d’Fuerscher als nächst kommen!
Text: Corinne Kroemmer