(c) shotshop.com

Wat am Ufank just fir Autoen geduecht war, hunn elo Fraen aus der ganzer Welt op den Neel, Neellack. Mee wat fir eng Fuerschung stécht hannert dem Neellack?

Jo! An den 20er huet d’Autoindustrie geboomt an néiaarteg, staark déckend Pigmenter fir d’Autolacke sinn entwéckelt ginn. Fraen dei sech schon am 19. Johrhonnert d’Neel parfüméiert a mat roud gefierftem Ueleg poléiert hun wollten mei grell a stark Faarwen. Den Lack vum Auto huet missen op d’Neel!

Dat heescht main Neellack ass Autolack?

Nee, d’Chemiker hu missen e puer Substanze ëmänneren. Beim Autolack reagéieren d’Substanzen nom Opdroe mateneen, dat mëscht de Lack zwar kraatzfest mee de mënschlechen Nol verdreit dat net. Déi éischt Neellacken, déi erfonnt goufen sin no engem Dag schonn ofgebréckelt.

Jo mee mäin Neellack hält jo awer méi laang!

Ma 10 Joer drop gouf den éischten Neellack entwéckelt dee méi laang gehalen huet an méi déckend war. Dofir huet den Neellack wann en gedréchent ass net duerfen ze sprock ginn an fir dass den déckend gouf, sinn ënnert d’Faarf zousätzlech Pigmenter mat agemëscht ginn.

An wei hunn d’Fuerscher et da gemaach fir dass den Neellack sou schéi blénkt?

Freier gouf eng Substanz aus Fëschschuppen am Lack bäigemëscht mee haut kennt de Glanz duerch Pigmenter déi blénke. Well sech des Pigmenter awer no enger Zäit am Lack ofsetzen, sinn oft zwou kleng Kugele mat an der Neellackfläsch. Beim Rësele vermëschen sech d’Pigmenter da rëm.

An wat gëtt et Neits an der Neellackfuerschung?

Mëttlerweil gëtt den Neellack och medezinesch géint Nolpilz agesat. Et gëtt Neellack deen eekleg schmaacht fir d’Kanner vum Daumlutschen an d’Erwuessener vum Neelknaen ofzehalen.

Amerikanesch Studenten hunn souguer eng Iddi Neellack sou ze veränneren dass eng Fra beim erausgoen onopfälleg iwwerpréiwe kéint op een hier K.O.-Drëpsen an d'Glas gemaach huet. Den Neellack soll mat der Drog reagéieren an d’Faarf wiesselen.

Dat heescht d’Fuerschung geet nach ëmmer weider?

Jo, dat ass jo dat spannend…

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Photo © shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Perceptioun vum Risiko Firwat hunn Erwuessener méi Angscht op der Achterban ewéi Jugendlecher?

Mr Science, endlech ass nees Schueberfouer! Do strecken déi Jugendlech op der Achterban d'Äerm an d'Luucht, woubäi déi Erwuesse sech éischter un der Staang festhalen. Firwat fäerten Erwuessener méi?

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR