(c) „Marseiller Seife“ von Simon A. Eugster - Eigenes Werk. Lizenziert unter CC BY-SA 3.0 über Wikimedia Commons

Seef war Jorhonnerte laang e Luxusproduit. Du koume Chemiker, hunn d’Seef bëlleg gemaach an hunn ëmmer méi nei seefenaarteg Substanzen entwéckelt. Hautdesdaags wëllen se souguer Seef aus Sand produzéieren.

Wéi sinn se dann op dës Iddi komm ?

Fuerscher experimentéieren nu mol ëmmer gäre rondrëm. Nee ganz am Eescht: Am Sand ass an der Reegel Silizium. An d’Chemiker versichen, doraus all méiglech chemesch Verbindungen ze produzéieren. Si hunn dunn zoufälleg festgestallt, dass e puer dovunner seefenaarteg Eegeschaften hunn.

Mee eigentlech wësse mer jo wéi ee Seef produzéiert?

Dat stemmt, an dat och scho säit Jorhonnerten. Fir d’Hänn ze wäschen ass Seef nach ëmmer e gudde Choix. Mee et huet een domat och Wäsch gemaach, an dat war immens ustrengend. Et huet een d’Wäsch kräfteg reiwen a kniede missen, fir dass se propper ginn ass. Dat huet sech réischt geännert, wei Chemiker seefenaarteg Substanzen entwéckelt hunn, déi besser wéi déi klassesch Seef gewierkt hunn. Des Substanzen nennt een Tensiden. Wann een op d’Verpackunge vu WäschmëttelenBotzproduiten oder och Duschgele kuckt, kann een dat am Klenggedrocktene liesen. No dem zweete Weltkrich hunn sech dunn d’Wäschmaschinnen an den Haushalten etabléiert an des seefenaarteg Tenside goufen en Masse agesat. D’Hausfraen hunn sech iwwer propper Wäsch gefreet, mee d’Tensiden haten e Problem: am Géigesaz zu der klassescher Seef waren se biologesch net ofbaubar.

Dat heescht, si hunn d’Ëmwelt verknascht?

Genee, an dat huet een an dësem Fall souguer däitlech gesinn: Vue que dass d’Wäschmëttelen am Endeffekt an de Baachen an an de Flëss landen, hunn déi sech op Platzen an enorm Schaumbidde verwandelt. Dat ass an de 50er a 60er Joere vum läschte Jorhonnert geschitt.

A wat huet een dann dunn gemaach?

D’Chemiker hu rëm missen an de Labo an hu Wäschmëttelen entwéckelt, déi biologesch ofbaubar sinn. Dat sinn och déi, déi mir haut benotzen. Dofir schaimen eis Flëss lo net méi.

Mee d’Fuerscher experimentéieren trotzdem weider?

Jo kloer. An elo hunn se eben entdeckt, dass ee Seef souguer aus Sand maache kann. Dee kéint an Zukunft Äerdueleg oder Planzenfett remplacéieren, déi ee bis elo fir d’Produktioun vu Seef benotzt huet.

Dat ass jiddefalls eng iwwerraschend Entdeckung!

Dat kann ee sou soen. Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: „Marseiller Seife“ von Simon A. Eugster - Eigenes Werk. Lizenziert unter CC BY-SA 3.0 über Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR