shotshop.com
Mr Science, ëmmer nëmmen an Italien oder Spuenien an d’Vakanz fléien, ass iergendwéi langweileg. Firwat kënne mir net an de Weltall reesen, wéi zum Beispill op de Mars? Dat wär dach mol eppes Neies!
Eng Popp ass jo schonn ënnerwee dohin. Si sëtzt um Steier vun engem Auto, dat de Weltraumentrepreneur Elon Musk, mat der am Ament stäerkster Rakéit an Direktioun Mars geschoss huet.
Cool! Da maache mir also wierklech gläich Vakanz um Mars?
Kéint een sou mengen. Mee den Zäithorizont fir Marsflich mat Mënsche gouf an der Vergaangenheet ëmmer erëm verréckelt. D’US-Amerikaner wollte schonn 1965 op de Mars fléihen…
Firwat ass aus de Pläng bis elo nach ni eppes ginn?
De Mars ass am Duerchschnëtt ronn 500 Mol méi wäit vun eis ewech wéi de Mound.
Ok...
Bei de Moundlandunge waren d’Astronauten héchstens 12,5 Deeg ënnerwee, vu Start bis Landung. Wéinst der vill méi grousser Distanz géif eng Marsrees awer ronn 3 Joer daueren.
Dat wier e laange Congé. Me dat ass net deen eenzege Problem?
Jo, et ass nach net gekläert, wéi een zum Beispill d’Iessen fir sou ee laangen Zäitraum mathuele kéint. Dowéinst experimentéieren d’Weltraumfuerscher mat Mini-Zären oder Algentänk, mat deenen d’Astronauten hiert Iesse maache sollen. Dann ass et onkloer, wéi Mënschen déi psychologesch Problemer erdroen, fir esou laang op klengem Raum an wäit ewech vun der Äerd ze sinn. Mee de gréisste Problem, fir deen et bis elo nach keng realistesch Léisung gëtt, ass déi radioaktiv Stralung am Weltall. Bei engem Fluch op de Mars géif dat zu engem héije Kriibsrisiko ginn.
Eng Vakanz mat Niewewierkungen also...
JO, mee et soll een nimools ni soen… Virun e puer honnerte Joren hunn d’Mënschen och net gegleeft, dass mir eng Kéier iwwert den Atlantik fléien.
Auteur: scienceRELATIONS / Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com
Nach e puer aner Froen...
Ween ware déi éischt Weltraumtouristen?
Den US-Finanzagent Dennis Tito gëllt als éischte Weltraumtourist an der Geschicht. Hien ass 2001 fir ongeféier 20 Milliounen Dollar zur Internationaler Raumstatioun geflunn. 6 aner räich Reesender hunn him dat schonn nogemaach. E puer privat Raumfaartfirme plangen och fir Touristen an d’Äerd-Trajectoire ze bréngen. Den Entrepreneur Elon Musk behaapt schonn Acompte vun räische Interessente fir ee Tour ronderëm de Mound kritt ze hunn. Een aneren Entrepreneur hat en Weltraumhotel am Orbit geplangt, mee huet déi Pläng awer erëm si gelooss. Nach ass de Weltraum eng ganz exklusiv Reesdestinatioun!
Wat si simuléiert Mars Missiounen?
Fir eng bemannte Mars-Missioun virzebereeden, ginn ëmmer erëm Fräiwëlleger a simuléierte Raumkapselen oder Mars-Statioune gestach a fir länger Zäit vun der Baussewelt ofgeschott.
Sou soll ënner anerem d’Reaktioun vun zukünftege Astronauten op déi psychesch Belaaschtung vun der laanger Reesdestinatioun besser verstane ginn. Als grousse Problem stellt sech d’Trennung vun der Famill an d’Langweil eraus. Dowéinst entwéckele Raumfaart-Psychologe Beschäftegungsprogrammer fir zukünfteg Mars-Reesender. Si ginn och dovun aus, dass Weltraum-Reesender individuell psychologesch Betreiung brauche wäerten.
Déi nächst Destinatioun: de Mound?
Do ware mir dach schonn déi lescht Vakanz! Dat seet ee villäicht an der Zukunft, wann an der Famill iwwer Vakanzepläng op de Mound geschwat gëtt. De Raumfaartingenieure geet et haut schonn esou. Obwuel d’NASA vun 1969 bis 1972 am Ganzen 12 Astronauten op d’Mounduewerfläch geschéckt huet, soll dës technesch Meeschterleeschtung widderholl ginn. An dat ass richteg schwéier. Well et gi net méi déi enorm staark Saturn-5-Rakéite vun deemools. Si nozebauen, huet kee Sënn, well hir Technik ze al ass. Souwisou sinn d’Ingenieure vun deemools scho laang an der Pensioun, an domat ass de wichtege Knowhow ass verluer gaangen. Trotzdeem ass d’NASA optimistesch fir an den nächste Joerzéngten um Mound oder a sengem Trajectoire eng Basisstatioun opbauen ze kënne – als Tëschestopp fir a Direktioun Mars.