
Michal Kowalski (Shutterstock)
Wa mer genéiert sinn, si mer automatesch gestresst.
Heiansdo sinn ech esou genéiert dass ech mech am léifste giff an engem Mauslach verkrauchen! An dobäi ginn ech dann esou roud am Gesiicht. Ma firwat eigentlech?
Du bass net eleng an deem Fall! Esou eng staark emotionell Reaktioun verursaacht Stress, an dat ass eng Alarmsituatioun fir däi Kierper. Wéi’s du sees: du wëlls dech an engem Mauslach verkrauchen! De Kierper bereet sech also op eng Aktioun fir, e Kampf oder eng Flucht. Am wëssenschaftleche Jargon schwätzt een dofir vun der „Fight or Flight response“! An däi roud Gesiicht ass just eng Konsequenz dovun!
Firwat brauch ech dann e roud Gesiicht fir ze kämpfen oder fortzelafen?
D’roud Gesiicht ass just en Zeeche vu verbesserter Duerchbluddung, fir deng Muskele besser mat Sauerstoff an Energie ze versuergen. Mee et ass just am Gesiicht wou net nëmmen déi grouss déif Odere betraff sinn, mee och déi kleng ënnert der Haut, déi fir däi roud Gesiicht zoustänneg sinn. Firwat dat just am Gesiicht esou ass, dat ass bis elo nach e Rätsel fir d’Fuerscher!
Mee dat muss jo awer och iergend en Zweck erfëllen?
Jo, mir sinn déi eenzeg, déi roud am Gesiicht ginn - bei Déieren ass dat net bekannt. Freet sech just firwat? Mee do sinn d’Fuerscher sech nach net eens. Si mengen awer dass et eng wichteg sozial Roll spillt. Dass mer doduerch am Fong unerkennen dass mer e Fehler gemaach hunn an eis indirekt an ouni Wieder dofir entschëllegen. Studie weisen dass sou eng éierlech Entschëllegung an de meeschte Fäll och appréciéiert gëtt an dass d’Leit positiv dorop reagéieren! An awer bleiwen zu deem Thema nach vill wëssenschaftlech Froen op!
Dat heescht ech brauch mer eigentlech kee Kapp ze maachen, wann ech roud ginn! Weider Informatiounen doriwwer fannt der wéi ëmmer an der Infobox!
Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Michal Kowalski (Shutterstock)