© Depositphotos

An der Evolutioun hunn eis bei Keelt haart Nippelen offensichtlech net geschuet.

Bei Keelt ginn d'Nippelen op emol haart. Aktfotografen notzen dat souguer als Trick fir dass d’Modele méi attraktiv ausgesinn. Mee wisou reagéieren d‘Broschtwaarzen op Keelt?

Dës harmlos Alldagsfro ass en ongeléisten Rätsel vun der Wëssenschaft. Déi plausibelst Theorie ass am Moment, dass de Phenomen duerch de selwechte Reflex ausgeléist gëtt, deen och d’Héngerhaut ausléist. Bei Keelt zeien sech kleng Muskelen un der Wuerzel vum Hoer zesummen a riichten et op. D’Wëssenschaftler mengen, dass gläichzäiteg och dat rengt Muskelnetz an der Broschtwaarz aktivéiert gëtt an se haart mécht.

Ob eng Broschtwaarz haart ass oder net, dat schützt eis awer net viru Keelt!?

Dat ass eben dat rätselhaft drun… Bei der Fra ginn d‘Broschtwaarzen och haart, wann e Puppelchen dono gräift oder un hinnen nuckelt, also ganz allgemeng, wann se beréiert ginn. Dat resultéiert an engem agreabele Gefill. An dat kann och erëm Héngerhaut ausléisen. Sou en agreabelt Gefill gëtt och vu Musek ausgeléist, déi eis besonnesch beréiert. Béid Phenomener: also Gefiller a Keelt schéngen also matenee verbonnen ze sinn.

Gëtt et do eng Erklärung?

Wahrscheinlech ass dat éischter Zoufall. De Kierper notzt an deenen zwee Fäll déi selwecht Nervleitungen. En huet do en bëssche gespuert. An an der Evolutioun hunn eis bei Keelt haart Nippelen offensichtlech net geschuet.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Depositphoto

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. 

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR