Max-Planck-Institut für Plasmaphysik

De Wendelstein Reakter an Daitschland ass en experimentellt Fusiounskraaftwierk

Mr. Science, an der Energiewend gëtt ëmmer méi op Wand, Sonn a Waasserkraaft gesat. Et geet awer och Riets vu Fusiounskraaftwierker. Wei funktionéieren déi?

Am Prinzip funktionéiere Fusiounskraaftwierker ähnlech wéi eng Sonn op der Äerd. Fir déi enorm Energie ze kréie gëtt vereinfacht gesot Waasserstoff-Gas op iwwer honnert Millioune Grad Celsius erhëtzt. Et entsteet sougenannte Plasma. An dem beweegen sech d'Käre vun de Waasserstoff Atomer da fräi … a stoussen oft sou ferm zesummen, dass se matenee verschmëlze kënnen. Hei schwätzt een da vu Kärfusioun vu ganz klengen Elementer. An engem Atomreakter hu mer eng Kärspaltung vu groussen Elementer.

Bei der Fusioun gëtt och enorm vill Energie fräigesat – reng rechneresch kritt een aus engem Gramm Brennstoff sou vill Energie wéi aus eelef Tonne Kuel.

OK dat ass enorm. Mee si Fusiounskraaftwierker da geféierlech?

Soe mer sou – et kann net zu engem Super-GAU komme wéi zu Tschernobyl... Doduerch datt et kee Material gëtt, wat déi extrem Hëtzt aushält, gëtt de Plasma vu Magnéitfelder an der Schwief gehalen, sou datt en net mat de Wänn vun de Behälter a Kontakt ka kommen. Briechen des Magnéitfelder zesummen am Fall vun engem Accident, killt de Plasma op e Coup un der Behälterwand of an d'Reaktioun verläscht.

Am normale Betrib entseet awer och radioaktiven  Offall – allerdéngs strahlt dee vill manner laang, wéi den Offall aus enger aler Atomzentral.

Mee wéi – a virun allem wéini – gëtt doraus Stroum?

Nach verbraucht en Fusiounsreakter méi Energie wéi e liwwert. E Reakter, deen am Moment zu Cadarache bei Marseille gebaut gëtt, soll dat änneren. Enges Daags soll do 10 mol souvill Energie produzéiert gi wei verbraucht gëtt. Dat ass zimlech ambitionéiert a bis mir Stroum vu Fusiounsenergie an der Steckdous hunn vergi bestëmmt nach 50 Joer.

Auteur: scienceRELATIONS 
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz 
Photo: De leschten vun de fënnef Moduler vum Stellarator Experiment Wendelstein 7-X gouf 2011 agebaut (© Public Relations Department, Max-Planck-Institut für Plasmaphysik via Wikimedia Commons

 

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Emissioun ass vum 1. Mäerz 2017.  

 

Aussi intéréssant

Atomwaffentest an Nordkorea Seismogramm vu Lëtzebuerg huet d’Explosioun enregistréiert

Zu Walfer gouf an der Nuecht vun e Samschden op e Sonnden eng Erschütterung gemooss. Ma wéi wees een, dass et eng Explo...

FNR
Atomendlager Eng Verstopp fir 1 Millioun Joer - geet dat iwwerhaapt?

Zu Bure, 150 km vu Lëtzebuerg, soll en Atomendlager entstoen. Ka sou en Endlager iwwerhaapt sëcher sinn? A wéi deelt ee...

FNR
Energie Le nucléaire, une énergie géniale mais, dangereuse

La division de l'uranium dans une centrale nucléaire génère un rayonnement dangereux. Des murs épais peuvent offrir une...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR