(C) borjomi88/Shotshop
Mam Brexit hat kaum ee gerechent, mam Donald Trump och net. An trotzdeem gouf hie gewielt. Firwat lounge sou vill Sondage falsch?
A villen Industrienatiounen gëtt et ëmmer méi schwéier fir Wahlresultater ze prognostizéieren. Zum Deel läit dat um Handy! Firwat?
Handy vs. Festnetz
Dacks gëtt bei Sondagen um Festnetz ugeruff. Hautzudags hunn awer ëmmer manner Leit Festnetz. Et stellt sech d'Fro, ob déi Leit, déi nach een hunn, statistesch repräsentativ sinn.
Lo kéint een natielech einfach soen: Ma da sollen déi déi d'Sondage maachen, einfach um Handy uruffen. Problem: Handynummere stinn dacks net am Telefonsbuch. Et ass also schwéier un déi Nummeren ze kommen. Ausserdeem hiewe Leit des öfteren um Handy net op, wann se d'Nummer net kennen.
Ee weidere Problem: "d'Désirabilité sociale" - um Telefon si Leit nët ëmmer ganz éierlech
Wann eng Positioun an der ëffentlecher Debatt net gutt ugesinn ass, fällt et munche Leit schwéier dat par rapport zu enger aner Persoun zouzeginn. E Beispill: Et gi vill Leit déi niemols no bausse géifen zouginn de Front National ze wielen - wëll dat gesellschaftlech a bei de Kolleegen net gutt ugesi wier. Och um Telefon fällt et hinne schwéier, dat riicht eraus enger Persoun ze soen. Wann se dann alleng an der Wahlkabinn stinn, ass dat eng aner Saach.
Zum Deel gëtt dese bekannten Effekt bei Sondage schonns mat agerechent, an d'Statistiken ugepasst. Et bleiwt awer eng Incertitude.
A wéi ass et mat Sondagen iwwert Internet?
Hei fällt et effektiv ville Leit méi einfach, eng éierlech Meenung oofzeginn. Ee Problem beim Internet: Et muss een d'Leit derzou kréien, matzeman. An dat geet dacks iwwert Pub. E Beispill: Wann een eng Pub fir de Sondage op engem Portal schallt, wou Waffe verkaf ginn, brauch een sech net ze wonneren, wa méi vun deene Usere fir den Donald Trump stëmme wéi fir d'Hillary Clinton. Et ass also schwéier e wierklech repräsentativen Echantillon ze kréien. (D'Telefonsenquête huet hei de Vierdeel, dass d'Leit nom Zoufallsprinzip kënnen ausgewielt ginn).
Iwwregens schéngen och Säite wéi Facebook en Impakt op Wahlen ze hunn
Wéi Quarks & Co. schreiwt, hat Facebook bei der Präsidentschaftswahl 2012 laut eegenen Aussoen bei 1,9 Milliounen zoufälleg ausgewielte Useren d'Chronik manipuléiert. Sie hu bei deene méi Zeitungsartikel mat "haarde" politeschen Themen ugewisen, a manner "Larifari". Laut enger eegener (!) Emfro vu Facebook, hätt dat 3 Prozent vun de Bedeelegten méi zum wiele bruecht. Offiziell verëffentlecht goufen des Resultater allerdéngs na net.
Wichteg: An der Interpretatioun d'Incertitude méi consideréieren
Et muss een awer och soen, dass vill Sondage richteg Tendenzen uginn. Am US-Wahlkampf wor z.B. d'Tendenz a ville Sondagen, vrun allem zum Schluss, dass et duerchaus knapps gëtt. Dat wor jo richteg. Bei der Interpretatioun vun deene Sondage gëtt da gäer ignoréiert, dass Sondagen eng statistesch bekannten Marge d'incertitude hunn. Déi ass méi grouss, wat z.B. manner Leit gefrot ginn... Des Incertitude ass jo normal, wëll jo net all Mënsch gefrot gëtt. A souguer wann, da kéint een ëmmer nach séng Meenung änneren...
Dacks ginn des Donnéen iwwert d'Incertitude matgeliwwert, ma net driwwer geschwat. E Beispill: Wann am Sondage d'Hillary Clinton 2 Prozent iwwert dem Donald Trump läit, an d'Incertitude mat 5 % ugi gëtt, ass de Sondage net wieklech falsch, wann duerno den Trump mat 1 % Viersprong gewënnt. Just dass eeben net iwwert déi gekannten statistesch Incertitude geschwat gouf.
Méi Infos zu dem Thema am Artikel vu Quarks & Co.
Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Foto: borjomi88/Shotshop.com