Kriibs-Blutttest

(c) Shotshop

Genee wéi gesond Kierperzelle ginn och Kriibszelle Stoffer an d’Blutt of.

D’Äntwert ass leider en kloren Neen. Et handelt sech em eng villverspriechend Fuerschungsaarbecht, awer bis zu enger praktescher Uwendung ass et nach en laange wäite Wee. Mee d’Fachwelt ass trotzdeem begeeschtert!

Wisou?

Haut gëtt Kriibs oft eréischt entdeckt, wann ee schonn an engem avancéierten Stadium ass, a Krankheetssynthomer opdauchen. D’Medeziner géife Kriibs awer scho gären am Ufanksstadium traitéieren, well dann d’Chancen op eng Heelung an der Reegel besser sinn. Dofir versicht ee jo haut schonns esou munch Kriibsaarte mat Fréierkennungsënnersichungen mat Zäit ze entdecken. En einfache Blutttest wär awer vill méi an einfach, virun allem och wann een op verschidde Kriibsaarten teste kéint.

Wéi géif dat prinzipiell funktionéieren?

Bei Kriibs wuchere kierpereegen Zellen onkontrolléiert. Genee wéi gesond Kierperzelle ginn och Kriibszelle Stoffer an d’Blutt of. Dat si jee no Kriibsaart zum Beispill bestëmmten Eewäisser oder Brochstécker vun hirem Genmaterial. Blutttester op Kriibs sichen no dësen Unzeechen, d’Medeziner nennen se Kriibsmarker. D’Schwieregkeet dobäi ass, dës Substanze vun deenen ze ënnerscheeden déi zum Beispill vun entzündten Kierperzellen ofgi ginn. Oft ginn déi nämlech Stoffer an d’Blutt of, déi deene vu Kriibszellen immens ähnlech sinn. En zouverlässege Kriibstest muss awer zwou Ufuerderungen  erfëllen: E soll méiglechst all Kriibspatient entdecken, awer bei gesonde Patiente wa méiglech keen Alarm schloen.

Kloer, do kann ee mol en uerdentleche Schreck kréien...

...an déi Patienten missten da belaaschtend an deier Tester maachen wéi Computertomographien oder Tissueprouven... An der aktueller Fuerschungsaarbecht schneid de Blutttest awer souguer vergläichsweis gutt of, en diagnostizéiert nëmme bei wéinege Patiente fälschlecherweis Kriibs. Gläichzäiteg sinn em awer vill Kriibsfäll net opgefall. Bei Broschtkriibs huet en am schlechtsten ofgeschnidden, héi huet en d’Krankheet an 2 vun 3 Fäll iwwersinn. Mee vill Kriibsfuerscher gleewen, dass d’Method trotzdeem vill Potenzial huet.

Se mussen et awer hikréien, sou Blutttester méi zouverlässeg ze maachen.

Jo, awer genee dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Shotshop

Infobox

Aussi intéréssant

Dépistage néonatal Recherche systématique de maladies chez les bébés

Grâce au dépistage néonatal, des maladies rares mais graves sont détectées de manière précoce au LNS. Cela permet d'évit...

LNS
D'intelligence artificielle CoLive Voice : Reconnaître les maladies graves par la voix

Dans le cadre d'une étude de santé numérique unique en son genre, le LIH souhaite identifier des biomarqueurs vocaux pou...

LIH
Schnapp & Co. Kann ee sech duerch Keelt erkalen?

Firwat hu mir eigentlech meeschtens am Wanter de Schnapp? Ass et wéinst der Keelt datt een sech méi liicht erkaalt? Mr S...

FNR