Kriibs-Blutttest

(c) Shotshop

Genee wéi gesond Kierperzelle ginn och Kriibszelle Stoffer an d’Blutt of.

D’Äntwert ass leider en kloren Neen. Et handelt sech em eng villverspriechend Fuerschungsaarbecht, awer bis zu enger praktescher Uwendung ass et nach en laange wäite Wee. Mee d’Fachwelt ass trotzdeem begeeschtert!

Wisou?

Haut gëtt Kriibs oft eréischt entdeckt, wann ee schonn an engem avancéierten Stadium ass, a Krankheetssynthomer opdauchen. D’Medeziner géife Kriibs awer scho gären am Ufanksstadium traitéieren, well dann d’Chancen op eng Heelung an der Reegel besser sinn. Dofir versicht ee jo haut schonns esou munch Kriibsaarte mat Fréierkennungsënnersichungen mat Zäit ze entdecken. En einfache Blutttest wär awer vill méi an einfach, virun allem och wann een op verschidde Kriibsaarten teste kéint.

Wéi géif dat prinzipiell funktionéieren?

Bei Kriibs wuchere kierpereegen Zellen onkontrolléiert. Genee wéi gesond Kierperzelle ginn och Kriibszelle Stoffer an d’Blutt of. Dat si jee no Kriibsaart zum Beispill bestëmmten Eewäisser oder Brochstécker vun hirem Genmaterial. Blutttester op Kriibs sichen no dësen Unzeechen, d’Medeziner nennen se Kriibsmarker. D’Schwieregkeet dobäi ass, dës Substanze vun deenen ze ënnerscheeden déi zum Beispill vun entzündten Kierperzellen ofgi ginn. Oft ginn déi nämlech Stoffer an d’Blutt of, déi deene vu Kriibszellen immens ähnlech sinn. En zouverlässege Kriibstest muss awer zwou Ufuerderungen  erfëllen: E soll méiglechst all Kriibspatient entdecken, awer bei gesonde Patiente wa méiglech keen Alarm schloen.

Kloer, do kann ee mol en uerdentleche Schreck kréien...

...an déi Patienten missten da belaaschtend an deier Tester maachen wéi Computertomographien oder Tissueprouven... An der aktueller Fuerschungsaarbecht schneid de Blutttest awer souguer vergläichsweis gutt of, en diagnostizéiert nëmme bei wéinege Patiente fälschlecherweis Kriibs. Gläichzäiteg sinn em awer vill Kriibsfäll net opgefall. Bei Broschtkriibs huet en am schlechtsten ofgeschnidden, héi huet en d’Krankheet an 2 vun 3 Fäll iwwersinn. Mee vill Kriibsfuerscher gleewen, dass d’Method trotzdeem vill Potenzial huet.

Se mussen et awer hikréien, sou Blutttester méi zouverlässeg ze maachen.

Jo, awer genee dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Shotshop

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Iwwerwaache vun enger Kriibserkrankung

Wann en Patient schonns erkrankt ass an déi genee Kriibsaart bekannt ass, gi mëttlerweil a munche Fäll schonns Blutttester agesat, fir de Verlaf vun der Erkrankung ze iwwerwaachen. Well all Kriibsaart eng Aart molekulare Fangerofdrock huet, wëssen d’Medeziner an dësem Fall no, wat fir enge Substanzen se siche mussen. Wann déi zeréckginn, kennen se doraus zéien, dass d’Therapie uschléit. Falls net, kennen se probéieren, d’Medikamenter ze wiesselen.

Réckfall-Fréierkennung

Och an dësem Fall, wëssen d’Medeziner genee, no wat fir enge kriibsspezifesche Substanzen se siche mussen. Studien hu gewisen, dass an dësem Fall Blutttester oft méi empfindlech si wéi bildgebend Verfuere wéi Computertomographien. Mat Blutttester kann an dëse Studie Réckfäll méi fréi erkannt ginn.

Wéi d’Sich no Terroristen

Et kann een d’Sich no Kriibszelle mat der Fahndung no Terroriste vergläichen. Wann een d’Raster ze graff uleeën, also all d’Léit verdächtegt, déi eng Kéier am Internet d’Sichwuert „Bomm“ aginn hunn, fëscht ee vill ze vill Onschëlleger eraus an déi richteg Schëlleg ginn an der Mass vu Verdächtege wahrscheinlech iwwersinn. Wann een d’Sich méi genee agrenzt, also beispillsweis zousätzlech nëmme Mënsche mat Chemiesstudium verdächtegt, sinn ëmmer nach vill Onschëlleger am Viséier, mee e puer méiglech Comptabel fale schonn duerch d’Netz. Eréischt wann de Schëllegen ergraff gouf, weess ee genee, no wat fir engen Eegenschaften een hätt misse sichen. Nëmmen dass ass et fir eng Präventioun oft ze spéit.

Auch interessant

Neugeborenen-Screening Systematische Suche nach Krankheiten bei Babys

Mit Hilfe des Neugeborenen-Screenings werden am LNS seltene, aber schwerwiegende Krankheiten frühzeitig erkannt. Damit l...

LNS
Künstliche Intelligenz CoLive Voice: Schwere Krankheiten an der Stimme erkennen

In einer bislang einmaligen digitalen Gesundheitsstudie dieser Art will das LIH mit Hilfe von Stimmproben vokale Biomark...

LIH
Schnapp & Co. Kann ee sech duerch Keelt erkalen?

Firwat hu mir eigentlech meeschtens am Wanter de Schnapp? Ass et wéinst der Keelt datt een sech méi liicht erkaalt? Mr S...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR