shotshop.com
Elleng duerch Keelt kann een sech net erkalen. Et muss ee scho mat engem Virus infizéiert ginn, dee Schnapp verursaacht. Awer fir erauszefannen, ob een duerch Keelt méi ufälleg fir esou eng Infektioun gëtt, hu virun iwwer engem hallwe Joerhonnert Fuerscher aus Groussbritannien honnerte Fräiwëlleger mat Schnappviren infizéiert. En Deel vun hinnen huet sech zousätzlech stonnelaang der Keelt missten aussetzen. Awer si goufen am Duerchschnëtt net méi dachs krank wéi déi Participanten, déi am Waarme bleiwen duerften. Amerikanesch Fuerscher hunn änlech Versich gemaach, mee hunn och kee Beweis dofir fonnt datt Keelt eleng Schnapp verursaacht. Dofir ass déi verbreete Meenung an der Medezin, dass een duerch Fréieren eleng net méi ufälleg fir de Schnapp gëtt.
Mee et liest een ëmmer erëm, datt Fuerscher elo awer Beweiser dofir fonnt hätten, datt een sech duerch Keelt erkale kann?
Et gëtt Versich mat Mais oder Schnappviren a mënschlechen Immunzellen am Reagenzglas, déi als Beweis zitéiert ginn, datt Keelt Schnapp verursaache kann. Mee si sinn ze wäit ewech vu reale Konditiounen, dass een doraus sécher Conclusiounen zéie kéint. 2006 hu Fuerscher Participanten an enger Studie gebieden, hir Féiss a kal Waasser ze zappen. Dës Leit haten eng liicht méi héich Warscheinlechkeet, de Schnapp ze kréien, wéi Leit ouni kal Féiss. Et waren awer ze wéineg Participanten, fir déi klassesch Schnappversich aus England an Amerika ze widderleeën.
Firwat hält sech déi Virstellung da sou haartnäckeg?
Dat hänkt warscheinlech domat zesummen, dat ee bei enger Erkältung fréiert an dofir Keelt mat Erkältung an Zesummenhang bréngt. Keelt stécht jo souguer am Wuert Erkältung. An et kann dorunner leien, datt een sech meeschtens am Wanter erkaalt.
Firwat kommen dann Erkältungen am Wanter méi dacks vir wéi am Summer?
Dofir hunn d'Wëssenschaftler keng einfach Erklärung, mee si huelen un, datt et dorunner läit, datt mir am Wanter manner dobausse sinnn an eis méi dacks mat anere Leit dobannen ophalen. Sou kënne Schnappvire liicht vun deem engem zum anere wanderen. A well mir am Wanter hëtzen ass d'Raumloft dacks dréchen, wat fir eis Nuesschläimhaut guer net gutt ass: d'Schläimschicht dréchent aus, eis Ofwierzelle kënnen sech net méi gutt doranner beweegen. Sou hunn d'Schnappviren et liicht, eis iwwert d'Schläimhaut z'infizéieren.
Firwat gëtt et keng Impfung géint de Schnapp?
Et huet een zwar am leschte Joerhonnert probéiert, Impfstoffer fir eenzel Virestämm ze entwéckelen, mee am grousse Ganze gëtt et einfach ze vill verschidden Type vu Schnappviren. Et sinn der wäit iwwer 100. Mat enger Impfung géif een sech ëmmer nëmme géint een oder vläicht e puer speziell Virustype schützen. Et bräicht een honnerte verschidden Impfstoffer, déi een och nach andauernd weider entwéckele misst, well Schnappvire veränneren sech séier.
Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michele Weber/FNR
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science
- Transmission of the common cold to volunters under controlled conditions. II. The effect of chilling of the subject upon suscepti-bility. Dowling et al. American Journal of Hygiene 1958: https://www.cabdirect.org/cabdirect/abstract/19592700063
- Exposure to cold environment and rhino-virus common cold. Failure to demonstrate effect. Douglas et al., New England Journal of Medicine 1968: https://www.cabdirect.org/cabdirect/abstract/19692703692
- Acute cooling of the feet and the onset of common cold symptoms. Johnson et al. Family Practice 2006: https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/16286463
- Human Rhinoviruses. Jacobs et al. , Clinical Microbiology Reviews 2013: https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC3553670/
- Temperature-dependent innate defense against the common cold virus limits viral replication at warm temperature in mouse airway cells. Foxman et al. PNAS 2015: https://www.pnas.org/content/112/3/827