Wikimedia Commons

De MINOS Neutrino Detektor an den US

Dovun hu mer jo an der Lëscht vill héieren: vun den Neutrinoen, deene berühmte Partikelen déi méi séier wéi Liichtgeschwindegkeet solle sinn. Mee firwat ass dat esou eng grouss Iwwerraschung fir d'Physiker?

D’Liichtgeschwindegkeet ass bis haut als déi héchste Geschwindegkeet ugesi ginn. Dem Einstein seng Formel „E=mc2“ heescht jo am Fong dass eng Partikel déi mat Liichtgeschwindegkeet ënnerwee ass, seng ganz Masse an Energie ëmgewandelt huet. Et kann een dat sou beschreiwen: Si ass also op deem Punkt ukomm wou se kee Benzin méi huet fir nach méi séier ze ginn!

Ah, an des nei Resultater weisen dass dat net méi stëmmt! Huet den Einstein sech dann tatsächlech geiert?

Net onbedéngt! Des Geschicht kann a verschidde Richtunge weider goen. Et kann tatsächlech sinn dass den Einstein sech geiert huet. Et kann awer och sinn dass beim Experiment eppes schif gaang ass an dass d’Fuerscher sech geiert hunn! ODER et weist einfach dass dem Einstein seng Theorie Limitten huet an nëmmen a gewësse Situatioune ka benotzt ginn. An deem Fall wieren des Resultater en Hiwäis op eng nei, méi generell Theorie, déi dem Einstein seng géif ergänzen.

Wéi eng nei Theorie wier dat dann?

Ma d'Fuerscher hunn d’Zäit gemooss, déi d’Partikelen gebraucht hunn fir eng bestëmmten Distanz zeréckzeleeën. An domat hunn se dann natierlech d’Geschwindegkeet gerechent! Elo kann et awer sinn dass di Partikelen, déi onheemlech vill Energie hunn, méi eng kleng Distanz zeréckgeluecht hunn. Du gesäis se jo net, du mooss se just um Start an um Ziel. Et kann also sinn dass se duerch hier vill Energie eng Ofkierzung duerch d’Dimensioune geholl hunn. Dat géif natierlech erkläre firwat se éischter um Ziel waren, ouni awer méi séier wéi Liichtgeschwindegkeet ze sinn!

Si fuddelen also bëssen! An dat geet nëmme wann se genuch Energie hunn?

Genee! Dem Einstein seng Theorie wier also richteg fir all Partikel déi net genuch Energie huet fir ze fuddelen. A fir déi aner mussen d’Physiker dann eng nei Theorie opstellen.

Text: Corinne Kroemmer
Foto: Wikimedia Commons

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Wéi vill méi séier wieren d’Neutrinoen dann?

Op enger Distanz vun 730 Kilometer hunn d’Neutrinoen den Zäitrekord em 6 Nanosekonne gebrach.  Se sinn 20 Meter virun deene séierste Partikelen iwwert d’Ziel gelaf!

Wou fënnt een Neutrinoen?

Neutrinoen ginn och oft vun de Physiker als Geeschter bezeechent. Et si subatomesch Partikelen mat enger neutraler Charge, quasi ouni Mass, déi mat bal näischt interagéieren. Sou wéi e Geescht ginn e puer Trilliarden Neutrinoen pro Sekonn duerch eise Kierper an eise Planéit, ouni dass mir eppes dovu matkréien. Heiansdo rennen se an en Atom, an dëst Signal erméiglecht et fir se ze detektéieren.

Wann e Stär als Supernova explodéiert, verbreet déi fräigesaaten Energie sech ënner Form vun Neutrinoen. E puer Stonnen ier eng Supernova hei siichtbar gëtt, also ier d’Photonen hei ukommen, gi schonn e puer Trilliarden Neutrinoen detektéiert. Mee och wann des Neutrinoen vill Energie hunn a méi séier si wéi Photonen (also Liichtgeschwindegkeet), kommen se net un d’Neutrinoen vun der OPERA Collaboratioun erun: des Neutrinoen haten nach 1000 mol méi Energie a wiere Jore virun der Supernova detektéiert ginn, an net Stonnen.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

D‘Experiment vum CERN an der Schwäiz gehéiert zu engem grousse Projet, der OPERA Collaboratioun. Dëse Projet huet säin Numm duerch den Neutrino-Detektor kritt, deen och OPERA heescht. Während 3 Joer hunn d’Fuerscher, déi d’Experiment zesummen ausgefouert hunn, no eventuelle Feeler am Material oder am Design vum Experiment gesicht, ouni eppes ze fannen. Mee domat net genuch! Aner Detekteren, wéi zum Beispill den T2K a Japan oder de Minos an Amerika, wäerten d’Experiment onofhängeg widderhuele fir des éischt Resultater aus Italien ze bestätegen (oder och net). Des sensationell Entdeckung wäert d’Physiker also nach eng Rei Jore beschäftegen.

Aussi intéréssant

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- septembre 2022

Les dernières découvertes scientifiques au Luxembourg résumées en petits paragraphes faciles à assimiler.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Moteur électrique contre moteur à combustion Voiture électrique ou diesel : quelle est la meilleure option pour le climat ?

Bien que les véhicules électriques n'émettent pas de CO2 pendant la conduite, leur fabrication consomme plus d’énergie q...

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR