(C) Shotshop
Gëtt et eng “kritesch Period” fir eng Sprooch ze léieren, wou et dono einfach ze spéit ass?
D’Iddi vun enger „kritescher Period“ gëtt et zum Beispill bei verschiddene Villercherszorten. Wann déi d’Lidd vun hirer Aart net bannent den éischte Woche vun hirem Liewen duerch hir Aartgenosse léieren, léieren si et ni méi. Sou eng Zort „kritesch Period“ gëtt et bei der Entwécklung vun der mënschlecher Sprooch net.
D’Gehir bleift iwwert d’ganzt Liewe fäheg, fir nei Sproochen ze léieren.
D’Dier, fir eng nei Sprooch ze léieren, ass also ni ganz zou. D’Sprooch besteet aus enger ganzer Rei vu Beräicher – zum Beispill der Phonologie, dem Vocabulaire oder der Grammatik –, déi sech all mat ënnerschiddleche Vitessen entwéckelen. D’Léiere vu Sproochlauter zum Beispill geet a jonke Joere méi einfach. Dofir kënne kleng Kanner dacks eng nei Sprooch ouni Accent léieren, wat Erwuessene schwéier fällt. De Vocabulaire ass awer zum Beispill ee Beräich vun der Sprooch, deen iwwert d’ganzt Liewen op bleift. Et kann een also ëmmer nach nei Wieder léieren.
Geet d’Léiere vun enger Sprooch op d’Käschte vun enger anerer?
Et gëtt heiansdo gemengt, de Sproochesystem géing funktionéiere wéi een „Hard Disk“ bei engem Computer, op deem – wa bis voll mat enger Sprooch – keng Plaz méi ass fir eng zweet oder drëtt Sprooch. Dëst ass awer net esou. De Sproochesystem ass ganz flexibel an eist Gehir kann, ënnert de richtege Bedéngungen, ouni Problem eng ganz Rëtsch vu Sprooche gutt léieren.
Auteuren/Kontakt: LEARN
Photo © Shotshop.com
Infobox
D’Phonologie ass en Deel vun den Sproochwëssenschaften. Zesummen mat der Phonetik geheiert se zu der “Lautlehre”. Während d’Phonetik eischter d’konkret Eegeschaften vum Sprochelaut ennersicht, beschäftegt d’Phonologie sech mat der Funktion vun den Lauten fir de Sproochesystem vun eenzelne Sproochen.
LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.
Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei ECCS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei LUCET
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychologin, Léierin a Fuerscherin bei LUCET
Prof. Dr Romain Martin: Vice-Recteur vun der Uni.lu a Fuerscher/Professeur bei LUCET
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Fuerscherin/Professeur bei LUCET
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei ECCS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin/Fuerscherin bei LUCET
ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden