© Depositphoto

E ganze Koup Zousazstoffer hu guer näischt mam Wäsch- a Fleegeeffekt ze dinn hunn. Si maachen z.B. de Schaum.

Beim Kaaf vu Schampoing muss een sech zwëschen e puer Doze verschidde Produiten entscheeden. Wisou kann een sech eigentlech net einfach mat Seef d’Hoer wäschen?

Mr. Science, wisou ass dat keng gutt Iddi?

Jiddereen, deen dat eng Kéier ausprobéiert huet, erënnert sech nach un déi rau a struppeg Hoer, déi ee vun normaler Seef kritt. Se reagéiert nämlech mam Kalzium aus dem Waasser zu enger pecheger Substanz, déi ee Kalleksseef nennt. Wei et nach kee Shampoing gouf, huet een sech dës Kalleksseef duerno erëm mat Esseg missen aus den Hoer wäschen.

Wéini gouf Shampoing dann erfonnt?

An den drësseger Jore vum leschte Jorhonnert goufen déi éischt Shampoingen zesumme gemëscht, déi ouni déi klassesch Seef auskomm sinn. Chemiker hate seefenarteg Substanzen entwéckelt, déi keng Kalleksseef méi produzéiert hunn. Se hunn am Laf vun der Zäit ëmmer méi Zousazstoffer erfonnt. Haut sinn 10 bis 30 verschidde Substanzen an engem normale Shampoing dran.

Wat sinn dat alles fir Substanzen?

Ma do wieren d’seefenaarteg Wäschmëttel, déi Knascht an Talg aus den Hoer wäschen. Wëll d’Hoer awer ouni hier natierlech Talgschicht immens drëschen a sprock wieren, mussen se erëm agefett ginn. Dat iwwerhëlt zum Beispill Silikonueleg. Fir dass de Shampoing net ëmgeet, musse Chemiker Konservéierungsstoffer dobäi maachen. Dann sinn awer nach en ganze Koup Zousazstoffer dran, déi guer näischt mam Wäsch- a Fleegeeffekt ze dinn hunn. Se maachen zum Beispill de Schaum!

Deen ass also iwwerflësseg?

Jo, mee mir als Consommateur stinn op Schaum. Aner Ingrediente suerge fir eng "mëllecheg" Optik, fir eng bestëmmt Faarf oder e bestëmmte Geroch. Erëm aner Stoffer determinéiere wei déckflësseg de Shampoing ass. Dat huet souguer e praktesche Virdeel.

De Shampoing soll net ze dënnflësseg sinn, fir dass en engem net duerch d’Fanger leeft?

Genee! D’Chemiker hunn dem Shampoing eng ganz iwwerraschend Proprietéit ginn: Wann een e verreift, gëtt e beemol dënnflësseg a ka sou besser an den Hoer verdeelt ginn. Dat kennt een och vu Ketchup, dee gëtt och méi dënnflësseg, wann een en rëselt.

Dee sollt een sech awer net an d’Hoer reiwen….

Et gëtt awer nach eng Gemeinsamkeet mam Ketchup: Hues de dech och schonn opgereegt, dass zum Schluss ëmmer sou vill Shampoing an der Fläsch oder Tüb bleift? D’Fuerscher experimentéieren elo mat Beschichtungen aus Nano-Partikelen, déi dofir suerge sollen, dass och déi leschten Drëps erausfléisse kann. Sou géif net méi sou vill Shampoing onbenotzt an der Dreckskëscht landen.

Also do gesäit een alt erëm, souguer bei Shampoing hält d’Fuerschung net op!

Dofir bleift se ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo : Depositphoto

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Ein Lungenmodell ersetzt den Einsatz von Tieren für Experimente

Tierversuche in der Forschung sind äußerst umstritten. LIST-Wissenschaftler Arno Gutleb arbeitet mit seinem Team an eine...

Smartphone-App Gefährliche Substanzen in unserem Alltag

In den meisten Konsumgütern stecken Chemikalien. Doch welche davon sind gefährlich? Wer es herausfinden will, kann die A...

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR