FNR, Media4all, RTL

Och wann esou e grousse Festival momentan nach ondenkbar schéngt, sou ginn um Enn vum Reportage verschidde Pisten opgezielt, wéi een awer geschwënn erëm e Mega-Event maache kéint.

Vill Leit wënschen sech Concerten a Festivallen zeréck – Mee wat géif an der aktueller Situatioun passéieren? An engem Gedankenexperiment kuckt de Mr Science wéi vill Leit sech op sou engem „Superspreading-Event“ ustieche kéinten. An awer och, duerch wéi eng Mesure sou e Festival bedeitend méi sécher géif ginn.  

D’Zuele vun den Neiinfektiounen a vun aktive COVID-19 Erkrankunge sinn den Ament niddereg zu Lëtzebuerg, an dëst obwuel mir schonn eng Zäitchen aus dem „Lockdown“ eraus sinn. Ufank Summer wären normalerweis déi éischt grouss Festivallen an der Groussregioun mat ëm 100‘000 Leit wärend 3-4 Deeg gewiecht. Wat wier wann - elo - sou ee Festival hei zu Lëtzebuerg géing statt fannen? Wéi vill Leit géifen sech während dem Event ustiechen?

D’Rechnungen déi fir de Reportage gemaach goufen, baséieren op aktuellen Erkenntnisser an op Gespréischer mat Epidemiologien. Ma et handelt sech hei just em ee méiglechen Szenario, eng graff Aschätzung als Basis fir eng Diskussioun. D'Wierklechkeet géif duerno, wéi bei all Szenario, vun de geneeën Emstänn oofhänken. 

Hei am Artikel wëlle mir, begleedend zum Video, eis Berechnungsgrondlag oppe leeën. 

Follgend Suppositiounen goufe gemaach:

  • Mir si vun engem Festival vun 100.000 Leit iwwer 4 Deeg ausgaang, eng ähnlech Dimensioun wéi z.B. de Rock Werchter, a wou keng Mesure wéi Masken-Droen oder Social Distancing agehal ginn.
  • All d‘Visiteuren vum Festival wunnen oder schaffen zu Lëtzebuerg. Des Suppositioun hu mer gemaach, fir dass mer eis, wat d'Prävalenz ugeet, kënnen op eng Etude baséieren.
  • 0,08% vun de Leit déi en Ticket kaf hunn, hunn de Virus. Hei baséiere mer eis op d'CONVINCE-Etude mat dem Stand vum 01.06.
  • Nëmme Persounen, déi sech gesond spiere, kommen op de Festival, déi aner bleiwen doheem. Vill Leit (40-80 %) si schonn ustiechend ier se Symptomer verspieren oder spiere guer keng Symptomer. Mir si vu 75% asymptomatesche (Leit déi keng Symptomer hunn) oder présymptomatesche (Leit déi nach keng Symptomer hunn) Fäll ausgaangen. 
  • Mir hunn d'Superspreadertheorie applizéiert: Aktuellen Etüden no ass et wahrscheinlech dass net all Mënsch deen de Virus a sech dréit selwescht ustiechend ass. Verschiddener wieren deemno kaum ustiechend, während ca. 10 % vun den Infizéierte allerdéngs Superspreader wieren, also Mënschen déi enorm ustiechend sinn, a potentiell honnerte Leit während engem Event ustiechen.
  • Een nei Infizéierten ass tëscht dem 2. a 14. Dag no der Infektioun selwer ustiechend. Mir hunn ugeholl datt déi Neiinfizéiert um Festival erëm no 3 Deeg ustiechend sinn - dass also réit de 4. Dag Neiinfizéierter ufänken anerer unzestiechen. 
  • Mir sinn dervun ausgaang, dass jiddfer initiale Superspreader an der Moyenne pro Dag 25 Leit ustécht, an dass déi aner initial Infizéiert an der Moyenne pro Dag 1 aner Persoun ustiechen.

Mat all deene Suppositioune, komme mer zu folgenden Zuelen:

Méiglech Evolutioun vun den Zuelen

COVID Festival ouni Mesuren
Visiteuren Festival 100'000
Prevalenz um 1. Juni 2020 0,08%
Total infizéiert 80
Krank doheem bliwwen 20
Infizéierter um Festival (déi dat net wëssen) 60
Superspreader (10%) 6
Infizéierter no engem Dag 264
Superspreader (ab 4. Dag) 26
Inf. no Dag 2 468
Inf. no Dag 3 672
Inf. no Dag 4 (méi Superspreader) 1560


E Festival vun 100.000 Leit kéint den offizielle Modellisatiounen no op ee Coup zu iwwer 1000 Neiinfektioune féieren. Dës Zuel ass alleng schonn impressionant, mee nom Festival geet d’Ustiechungswell nach weider an de jeeweilege Famillen, Schoulen oder Aarbechtsfelder. Dem Alexander Skupin no, engem theoreetesche Biophysiker vum LCSB vun der Uni Lëtzebuerg, deen aktuell un deene verschiddene Modellisatioune schafft, kéinten d’Festivalgänger an der Moyenne erëm 1-3 weider Leit an hirem jeeweilegen Ëmfeld ustiechen. Dat géif zu enger grousser zweeter Well féieren, déi de Lëtzebuerger Gesondheetssystem bis iwwert d’Limitte belaascht.

Ënnert wéi enge Konditiounen wier e Festival awer méiglech?

Och wann esou e grousse Festival momentan nach ondenkbar schéngt, sou ginn um Enn vum Reportage verschidde Pisten opgezielt, wéi een eventuell awer geschwënn erëm e Mega-Event maache kéint. Nieft hypothetesche Méiglechkeete vun engem gudde Medikament, dat d’Symptomer schwächt oder enger Impfung géint de Virus ass eng weider Méiglechkeet an der Diskussioun: all d’Leit missten sech kuerz virum Festival teste loossen, a just déi Leit ginn um Festival zougelooss, déi en negatiivt Testresultat virweise kënnen. Quitt datt an deene puer Deeg tëschent Test a Festival e puer nei Leit sech ustieche kéinten, oder vläit puer Leit fuddelen, kann een awer vun +/- 90 % manner Infizéierten ausgoen.

COVID Festival ouni Mesuren mat Testing 90 % eff.
Visiteuren Festival 100'000 100'000
Prevalenz um 1. Juni (0,08%) 0,0008 0,0008
Total infizéiert 80 80
A Quarantän doheem 20 74
Infizéierter um Festival 60 6
Superspreader (10%) 6 0,6
Infizéierter no engem Dag 264 26
Superspreader (ab Dag 4) 26 3
Inf. no Dag 2 468 46
Inf. no Dag 3 672 67
Inf. no Dag 4 (méi Superspreader) 1560 156
     


Dës Approche fir grouss Eventer wërft natielech ethesch Froen op, déi et an de kommende Méint ze kläre gëllt. Däerfen Organisateuren dat verlangen, dass d'Visteuren sech kuerz vierdrun teste loossen?

Dass vill Tester eng vun den effektivste Mesure sinn, fir eng Pandemie ënner Kontroll ze halen, weist net nëmmen dest Gedankenexperiment. Dat ass wëssenschaftlech och quasi onemstridden an dat applizéieren och eng ganz rëtsch Länner sou, an Asien, an ëmmer méi och an Europa. D’Lëtzebuerger Regierung verfollegt mat dem „Large Scale Testing“ eng Strategie, déi immens vill Tester fir d'Populatioun viergesäit - mam Ziel fir asymptomatesch Infizéierter ze detektéieren an ze isoléieren, äer se anerer ustiechen - also Infektiounsketten ze duerchbriechen fir d'Verbreedung vum Virus ënner Kontroll ze halen - fir sou e méi sécheren Déconfinement ze erméiglechen. 

Grouss Eventer, ob Concert-, Sports- oder aner Eventer wiere momentan just da méiglech, wann een d’„Superspreader“ erausgefiltert kritt.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR), Jean-Paul Bertemes (FNR)
Produktioun: Media4all, RTL
Decor: Julieta Fernandez
Merci: Ingo Knopf, Joël Mossong, Alexander Skupin
Biller Festival: Moast /den Atelier

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Auch interessant

Studienteilnehmer gesucht Post-virale Fatigue: Post-Covid und Chronisches Erschöpfungssyndrom

Waren Sie an Covid-19 erkrankt und haben sich immer noch nicht erholt? Leiden Sie unter chronischer Müdigkeit? Dann ist ...

Immunschutz vs. Virus Was schützt besser vor Covid-19: Impfung oder überstandene Erkrankung? Ein Update

Die kalte Jahreszeit steht vor der Tür und mit ihr wohl eine weitere Coronawelle. Dank Impfung, Booster und überstandene...

FNR , LIH

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR