Adobe Stock

Schlecht Laun am November – dat kennen ech. Mee et gi bewäert Methoden, fir dʼStëmmung ze verbesseren. Sport zum Beispill hëlleft. An du muss heifir definitiv keen Extremsportler sinn: Schonn e Spadséiergang un der frëscher Loft ka Wonner wierken. Den Trick ass, deng kierperlech Aktivitéit ze steigeren. Dat setzt Gléckshormoner fräi, mécht dech méi fit an du hues méi Energie.

Wat sinn dat da fir Gléckshormoner?

Dat sinn Neurotransmitter, also Moleküllen, déi am Gehier Signaler iwwerdroen. Dozou gehéieren zum Beispill Dopamin, Serotonin, Oxytocin oder Endorphiner. Endorphiner zum Beispill kënne Péng reduzéieren an e Gefill vu Gléck an Zefriddenheet bewierken. An esou Endorphiner ginn eebe beim Sport vun eisem Kierper fräigesat, mee och, wann s de laachs oder Musek lauschters.

Huet dës éiweg dréif Luucht och en Afloss op meng Hormoner?

Jo, den Hormonhaushalt gëtt esouguer immens vill vum Liicht beaflosst. Eis Ae registréiere Liicht nämlech net just, fir datt mir eis an der Welt orientéiere kënnen. Se leeden dʼLiichtreizer och a Regiounen am Gehier weider, déi eise biologeschen Dagesrhythmus steieren. Vun November bis Februar steet dʼSonn jo esouguer mëttes niddereg a mir kréien net vill vun hire Stralen of. Wéinst dem Liichtmangel bilt dʼGehier manner Hormoner, déi eis wakereg an aktiv maachen a Glécksgefiller ausléisen. Eent dovun ass Serotonin, dat vill un der Regulatioun vun eiser Stëmmung bedeelegt ass. Géint de Serotoninmangel am Wanter kann ënner anerem och eng Liichttherapie hëllefen. Méi Infoen heizou fannt Dir op science.lu.

Meng Laun gëtt och nees besser, wa mer Kichelcher fir Chrëschtdag baken. Dësen Doft ass fir mech puert Gléck.

O jo, virun allem Gerécher, déi s du mat schéinen Erënnerunge verbënns, kënne sech positiv op deng Stëmmung auswierken. Esou Erënnerunge si ganz fest an engem Deel vun dengem Gehier – dem Hippocampus – verankert. En ass fir dʼLaangzäitgediechtnes verantwortlech. Am Hippocampus ass dʼErënnerung un e Geroch mat der Erënnerung un dʼËmstänn verbonnen, ënner deenen s du de Geroch fréier emol geroch hues. Zum Beispill den Doft vu Chrëschtdagskichelcher, déi s du als Kand mat denger Mamm gebak hues: Wann s du dee selwechte Geroch nees an dʼNues kriss, da spiers du direkt e Gefill vu Freed. Dëst ass och op den Dopamin zeréckzeféieren, dat Gléckshormon, dat och mat Belounung, Motivatioun a Loscht verbonnen ass.

A wat ass elo den ultimativen Tipp, mat deem ech meng Laun ëmmer verbessere kann?

Dee gëtt et net. Bis elo kennt dʼWëssenschaft keng universell Method, mat där s du deng Laun an all Situatioun verbessere kanns. Dofir hunn einfach ze vill Faktoren Afloss op deng Emotiounen. Mee dʼFuerscher schaffen drun, eis Psych ëmmer besser ze verstoen – an dowéinst bleift et an der Wëssenschaft esou spannend.

Wat hëlleft soss nach géint schlecht Laun?

Meditatioun baut Stress of, berouegt de Geescht a mécht ënnerlech roueg. Schlecht Laun verschwënnt derbäi. Wann ee meditéiert, da ginn Endorphiner an eventuell och Dopamin ausgeschott.
DʼErnärung spillt eng wichteg Roll fir eis Stëmmung. Eng equilibréiert Ernärung mat vill Geméis, Uebst a Vollkarproduite kann dʼLaun positiv beaflossen.
Gesellegkeet ass en immens wichtege Faktor, fir dʼLaun ze verbesseren. Zäit mat Frënn a Famill ze verbréngen, Gemeinsamkeet ze erliewen a positiv Emotiounen ze deelen, ka beträchtlech dozou bäidroen, dass mer eis besser fillen. Heibäi gëtt haaptsächlech Oxytocin fräigesat. Dat passéiert iwwregens och, wann ee säin Hausdéier oder Déieren am Allgemengen heemelt oder andeems een aneren hëlleft.
Laache reduzéiert Stress a verbessert dʼStëmmung. Heibäi ginn Endorphiner fräigesat.
Selbstreflexioun an Achtsamkeet hëllefen, e Gefill vun Dankbarkeet ze entwéckelen. Positiv Momenter an Erfarungen am Liewen ze erkennen, kann dozou bäidroen, negativ Gedanken an den Hannergrond ze drängen.

 

Den Hormoncocktail zum Gléck

Endorphiner si kierpereegen Opioiden, déi Péng reduzéieren an e Gefill vu Wuelbefannen an Euphorie bewierken.

Dopamin ass en Neurotransmitter, dee mat Belounung, Motivatioun a Loscht verbonnen ass.

Oxytocin steet mat soziale Bindungsprozesser an Intimitéit a Verbindung. Et kann e Gefill vu Proximitéit a Bindung zu engem Partner oder och zu sech selwer bewierken.
Serotonin ass un der Regulatioun vun der Stëmmung, dem Appetit, dem Schlof, der Léierfäegkeet an dem Gediechtnes bedeelegt. E Serotoninmangel steet mat Depressiounen, Angscht- a Schlofstéierungen a Verbindung.

 

Liichttherapie am Wanter

An den däischtere Méint vun November bis Februar ass eng Liichttherapie a ville Fäll tatsächlech hëllefräich. Dobäi kënnt et virun allem op dat richtegt Liicht am richtege Moment un. Moies brauchs du e Liicht mat vill bloen Undeeler, fir datt s de wakereg a besser gelaunt bass. Owes virum Schlofegoen solls du drop oppassen, net ze vill bloem Liicht ausgesat ze sinn – zum Beispill vum Handy. Da kanns du besser schlofen, fills dech moies ausgerout an net schlecht gelaunt.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Éditrice: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR
Gehirentwécklung Firwat ginn et Rietshänner a Lénkshänner?

Ongeféier 90 Prozent vun der Weltbevëlkerung si Rietshänner, zirka 10 Prozent si Lénkshänner. Mä firwat ginn et iwwerhaa...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR