Adobe Stock

Sperma ass e Mix aus verschiddene Sekreeter, déi an Drüse vum männleche Kierper zesummegebraut ginn.

Note vun der Redaktioun: Dëst ass eng iwwerschaffte Versioun vun engem Artikel, deen ursprünglech den 24.11.2021 verëffentlecht gouf. Et gouf een Abschnitt am Ufank derbäi gesat, deen direkt eng Äntwert op d'Fro liwwert an d'Studie zu der Preeklampsie derbäi gefügt.

Et gi keng wëssenschaftlech Beweiser, datt Sperma deen ofgeschléckt gëtt d'Gesondheet fërdert. Systematesch Etüde sinn, wéi's de dir bei dësem Thema virstelle kanns, éischter schwéier duerchzeféieren. Mä d‘Hypothees, datt Sperma gutt fir d'Gesondheet wier, dierft schonn doru scheiteren, datt e Mann beim Orgasmus just ongeféier 5 Milliliter Ejakulat ofgëtt – also ronn en Téiläffel voll. A bei deenen allermannste Koppele wäert et zu sou enger reegelméisseger Opnam komme wéi bei dat bei engem Medikament de Fall wier. 

Tatsächlech enthält Sperma Närstoffer, déi fir de Kierper wichteg sinn: zum Beispill Proteinnen, also Eewäiss-Moleküllen. Mä d'Quantitéit ass ganz kleng. Si maache just 5 Prozent vum Ejakulat aus. Dat geet bei Wäitem net duer, fir dass een d'Wierkung mierkt. Dat selwecht gëllt fir aner Stoffer ewéi Kalzium, Magnesium an Zénk.

Aus wat besteet Sperma dann haaptsächlech?

Niewent Proteinnen an de genannte Spuerenelementer enthält Sperma ënner anerem Aminosaieren, Zitrounesaier, verschidden Zorten Zocker, Hormoner a Spermin – eng Substanz, déi a munche Kierperzelle produzéiert gëtt an déi éischte Kéier am Sperma nogewise gouf. Mä den Haaptbestanddeel ass Waasser: Et mécht wäit iwwer 90 Prozent vun der Spermaflëssegkeet aus. Op d'Spermie selwer entfale just 1-5% Prozent vum Sperma.

Och wann d'Närstoffer net duerginn – huet Sperma awer och positiv Wierkungen?

Na ja, et ginn e puer Studien, déi esou Effete beschreiwen. Amerikanesch Fuerscher hu beispillsweis ënnersicht, ob heefege Kontakt mat Sperma d'Psych vu Frae beaflosst. Si hunn erausfonnt, dass Fraen, deenen hire Partner beim Geschlechtsverkéier kee Kondom benotzen, manner zu Depressiounen tendéieren ewéi anerer. Den Oralverkéier stoung awer net am Fokus vun dëser Studie. An d'Interpretatioun vun de Resultater vun dëser Studie ass och ëmstridden: Well de positiven Effet op d'Stëmmung kéint och ganz onofhängeg vum Sperma – eleng duerch d'kierperlech Intimitéit – ervirgeruff ginn, wat awer net ënnersicht gouf.

An enger anerer, relativ klenger Etüd hu Wëssenschaftler ënnersicht, ob e méi laange Kontakt mat Sperma d'Risiko fir Preeklampsie senke kéint. Dat ass eng Schwangerschaftskomplikatioun, bei där d’Fra héije Bluttdrock huet an Eewäiss am Urin ausscheet. Eng Analys huet gewisen, dass Fraen, déi virun derSchwangerschaft iwwer zwielef Méint reegelméisseg ongeschützteGeschlechtsverkéier mat hirem Partner haten, méi rar un enger Preeklampsie erkrankt si wéi Fraen, déi manner wéi véier Méint mat hirem Partner zesumme gelieft hunn an dobäi Kondomer benotzt hunn. 

D‘Hypothees: D‘Immunsystem vun der Fra kéint sech duerch de Kontakt mat Sperma un d’Eewäisser vum Papp „gewinnen“, wat spéider Immunreaktiounen an der Schwangerschaft reduzéiere kéint. Ob Sperma schlécken eng änlech Wierkung huet, gouf bis ewell net ënnersicht. Et bleift also spannend an der Wëssenschaft.

Ëmgekéiert gekuckt: Ka Sperma schiedlech sinn?

Am Normalfall net. Virausgesat: Béid Geschlechtspartner si gesond. Well net just beim Vaginal- oder Anal-, mä och beim Oralverkéier kann ee sech mat verschidde Geschlechtskrankheeten ustiechen. Méi Informatioune fannt Dir op www.safersex.lu.

Infobox

Wéi Sperma entsteet

Sperma ass e Mix aus verschiddene Sekreeter, déi an Drüse vum männleche Kierper zesummegebraut ginn. Zirka e Fënneftel steiert d'Prostate bäi: a Form vun engem zimmlech salzräiche Sekreet, dat dofir suergt, dass d'Spermien esou beweeglech sinn. Dës Spermien, déi d'geneetescht Material vum Mann droen, entstinn an den Hoden a räifen duerno an den Niewenhoden erun. De gréissten Deel vum Sperma staamt awer aus de sougenannte Spermablosen, déi direkt niewent der Prostate sinn. Si produzéieren ënner anerem Fruktos als Energiequell, fir d'Beweegung vun de Spermien unzedreiwen. D'Mëschung aus alldeem ergëtt eng gielzeg-wäiss, sämeg a liicht alkalesch Flëssegkeet, vun där bei enger Ejakulatioun e puer Milliliter – dat ass ongeféier esou vill ewéi en Téiläffel – aus dem Harnréierche vum Penis kommen. Eng Drëps dovu kann awer e puer Honnert Millioune fierdemaarteg Spermien enthalen.

Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher, iwwerschafft vum Hannes Schlender)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?) a Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen

 

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Physik vum Schifueren Firwat kënnt ee mat moderne Schi esou einfach an d'Kéier?

Mister Science, vill Lëtzebuerger si grad an der Schivakanz. Fréier, mat mengen ale Schi, hat ech den Androck, datt d'Kéierefuere vill méi schwéier war ewéi elo mat moderne Schi. Wéi kann dat sinn?

FNR
Wanterblues Hëlleft méi Liicht géint Wanter-Depressioun?

Wann et dobausse gro an dréif gëtt, geet bei ville Leit d’Stëmmung an de Keller. Ka méi Liicht dogéint hëllefen?

FNR
E-Auto vs Verbrenner  Ass den Elektroauto méi ëmweltfrëndlech?

De Mr Science analyséiert d'Wëssenschaft hannert dëser Fro a kuckt sech den CO2-Foussofdrock iwwert d'Liewensdauer vun deenen zwee Autostypen un.

FNR