
shotshop.com
Gëtt et nach intakt Dinosaurier-DNA?
Am Jurassic Park Film fannen d’Fuerscher am Bernsteen eng Moustique, déi just éier se gestuerwen ass, engem Dinosaurier Blutt oofgezaapt huet. Doraus extrahéieren se Dino-DNA a “bastelen” sech T-Rexen an all méiglech aner Saurier. Ass dat realistesch?
D’Grondiddi aus dem Film huet schon eng wëssenschaftlech Basis, mee funktionéiere kéint sou eppes awer nët. Dat fänkt domat un, dass DNA, also d’Ierwmaterial, wat een dofir bréicht, och ënnert deene beschten Emstänn no Millioune Joer sou dégradéiert ass, dass een net méi vill domat ufänke kann. Ausserdeem hunn se am Film d’Dino-DNA mat Fräschen-DNA gemëscht an a Strausseneeër ausgebréit. Dat as pur Utopie.
Da kann ech mer mäi "Schouss-Saurier" wuel ofschminken…
Richteg Dinosaurier wäerte mer wuel ni méi hei ze gesi kréien. Obwuel, den Jack Horner, e bekannte Paläontolog, schafft tatsächlech drun, aus Hénger en Dinosaurier-ähnlecht Déier ze kreéieren: den Chickenosaurus, wéi den Horner et nennt (siehe Infobox). Ob dat klappe kéint, do sinn d’Experten sech awer net eeneg.
Fir méi rezent ausgestuerwen Déieren kéint et awer vläicht funktionéieren. Et gëtt ëmmer méi wahrscheinlech, dass d’Wëssenschaftler kéinten de Mammut, beziehungsweis en Elefant, deen em enorm ähnlech ass, zeréckbréngen.
Firwat geet dat da mam Mammut a mam Dino nët?
D’Mammute si nët all verstengert ginn, mee oft just déifgefruer. A se sinn och nët viru Milliounen vu Joer ausgestuerwen, mee “réischt” viru puer dausend Joër. E Grupp Fuerscher huet d’Genomen vun zwee Mammuten komplett entziffert. Déi nächst Etapp wier, d’Genen déi de Mammut resistent géint d’Keelt gemaach hunn, wéi eng déck Fettschicht a laang Hoër, an de Genom vun engem asiatëschen Elefant eranzebréngen a sou lues a lues mammut-ähnlech Elefanten ze zillen.
Auteur: Liza Glesener
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © shotshop.com