Luxembourg Science Center

Kach-Event am Luxembourg Science Center

swEEt – Patisserie meets Wëssenschaft

De Luxembourg Science Center invitéiert den 29. Februar 2020 vun 18-22 Auer an sai KicheLabo zu Déifferdéng fir de KachEvent „swEEt – Patisserie meets Wëssenschaft“.

Hei kënnt Dir Desserte selwer maachen an d’Wëssenschaft dohannert entdecken.

Wat gëtt ugebueden?

Um Menü stinn: Variatoune vum Brownie, Île flottante, flësseg Stéckstoff-Glace, explodéierte Karamell,...

Begleed gëtt dat Ganzt vu Wëssenschaftsvermëttler vum Science Center an als Special Guest: d’Lëtzebuerger Patissière Cathy Goedert.

Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt!

Mellt Eech un!

Den Event ass fir Leit ab 16 Joer a kascht den Ament just nach 40€ (50% Reductioun vum initalen Entréespräiss). Ticketen ginn et op der Internetsäit vum Science Center.

Wisou matmaachen?

  • Lecker Desserten
  • Spektakulär Experimenter
  • Dir wollt ëmmer scho wëssen, wat genau an Ären Desserte stécht

Entréeskäschten

€80 €40

Tickets

Organisatioun & Kontakt

Nadia Battello, Science Communicator

nadia.battello@science-center.lu

Disclaimer: science.lu übernimmt für den Inhalt dieser Anzeige keine Verantwortung. Solltest Du Fragen haben, kontaktiere bitte den Organisator. 

Auteur: Luxembourg Science Center
Editeur: Michèle Weber, FNR

 

 

 

Auch in dieser Rubrik

Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
KANDIDATEN-PORTRAIT: TAKE OFF STAFFEL 3 Fréderik Mortier: Kühnheit, Logik und Teamgeist

Mit Ruhe und Begeisterung blickt Fréderik Mortier auf seinen Weg bei Take Off zurück, auf die Bedeutung von Teamarbeit und auf sein ambitioniertes Projekt rund um einen Kunststoff auf Algenbasis

FNR, ALF