© Pexels

Waasser ass dat wichtegste Léisungsmëttel iwwerhaapt.

Ouni Waasser géif et kee Liewe ginn. Och dofir huet dës aussergewéinlech Flëssegkeet d‘Mënsche schonn ëmmer faszinéiert. Sou muencher ee mengt Waasser hätt souguer eppes wei en “Verhalt”... Mr Science, wat soll dat sinn, dat Waassergediechtnes?

Waasser soll eng Aart vun Erënnerung hunn, un alles, wat eng Kéier mat him a Beréierung komm ass. Besonnesch populär ass des Virstellung bei Homeopathie-Unhänger.

Wisou?

An der Homeopathie gi Substanzen zum Beispill a Waasser opgeléist. Da gëtt dës Léisung ëmmer an ëmmer erëm verdënnt, sou dass zum Schluss oft guer näischt méi vun der Substanz dran ass. D’homeopathesche Léisung soll awer trotzdem wierksam sinn, well d’Waasser eng Erënnerung un déi ursprénglech an him opgeléiste Substanzen hunn soll.

Kann een dat noweisen?

En renomméierte franséische Medeziner huet an den 80er a 90er gegleeft, dës Waassergediechtnes noweisen ze kennen. D’Experimenter konnten awer vu kengem mat Succès widderholl ginn. Trotzdem huet en weider un senger Iddi festgehalen a souguer behaapt, d’gespäichert Informatiounen aus dem Waasser mat enger Antenn opfänken ze kennen. Hien huet d’Signaler gespäichert an huet se als E-mail Unhang un d’USA geschéckt. Do hunn dunn Aarbechtskollege versicht, dës Informatiounen erëm op d’Waasser ze iwwerdroen.

An dat huet geklappt?

Och dës Versich konnten net mat Succès widderholl ginn. Genee sou wéineg wei d’Experimenter vun engem Japaner, dee behaapt huet, dass Waasser souguer Emotioune späichere kéint an een et dofir duerch Gebieder rengege kéint.  

Wann dat sou einfach wier...Mee zréck zum Waassergediechtnes, do ass also guer näischt drun?

Net ganz. Prinzipiell kann sech Waasser schonn un Substanzen erënneren, déi an him geléist waren. Dat konnte viru kuerzem europäesch Wëssenschaftler noweisen. Et  muss een sech dat esou virstellen, dass sech d’Waassermoleküller em aner Moleküller z.B. Medikamenter ronderëm lageren, se riichten sech no hinnen aus. Wann en dës friem Moleküller op emol fort hellt, behält d’Waasser nach fir kuerz Zäit des Unuerdnung bäi.

A fir wéi laang?

Ongeféier eng Billiounstel Sekonn.

Dat ass net laang!

Nee, do hunn ech jo souguer en bessere Verhalt....

An wat bréngt eis dës Erkenntnis?

Waasser ass dat wichtegste Léisungsmëttel iwwerhaapt. Zum Beispill lafe bal all chemesch Reaktioune an eisem Kierper a Waasser of. Wann een besser versteet, wéi Waasser reagéiert, kann een och dës Reaktiounen besser erfuerschen.

Ech verstinn.

Genee dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pexels

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Bloomin‘ Algae App So können Bürger helfen, Blaualgen in Luxemburgs Gewässern zu überwachen

Mit der Smartphone-App Bloomin‘ Algae kann jeder in Luxemburg Wissenschaftlern am LIST helfen, Cyanobakterien frühzeitig...

Science meets Art Wissenschaftscomic: Die Abenteuer von Tuwwo, dem Wassermolekül

Das „LUX:plorations“-Projekt verbindet Kunst und Forschung: Lokale Künstler und Wissenschaftler haben zusammen 8 Kurzges...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR , RTL