
Wikimedia
Supercomputer-Modeller vum Magnéitfeld vun der Äerd. Lénks: normal; rechts: Während enger Emkéierung
Ass d’Mënschheet a Gefor wann d’Magnéitfeld vun der Äerd sech ëmdréit?
Et ass scho richteg dass villes drop hiweist dass d’Magnéitfeld sech ëmdréit an dass dat net sou ohne ass. Mee dass d’Welt dofir soll ënnergoen oder d’Liewe soll ausstierwen ass awer net wouer.
Mee mol fir unzefänken: wou kennt dat Magnéitfeld dann eigentlech hier?
Eis Äerd besteet jo aus verschiddene Schichten, a ganz an der Mëtt ass e mega waarmen Äerdkär aus flëssegem Eisen. Duerch d’Äerdrotatioun an déi extrem Hëtzt entsti komplex Konvektiounsbeweegungen an deem Kär an doduerch entsteet e risegt Magnéitfeld rondrëm eise Planéit.
Firwat brauche mer dat dann eigentlech?
D’Magnéitfeld ass schonn zimlech wichteg well et eis viru Partikelen a Strahlen aus dem All schützt. Wann et net do wier, da wier d’UV-Strahlung an d’Radioaktivitéit hei ënnen um Buedem esou héich dass mer banne Sekonne géife gegrillt ginn.
Dat kléngt awer net esou gutt ! Wéi kommen di Leit dann elo drop dass et sech géif emdréinen ?
Eigentlech huet eise Planéit schonn zimlech Routine doran. D’Magnéitfeld dréit sech nämlech am Duerchschnëtt all 250.000 Joer eng Kéier ëm. D’Fuerscher hu festgestallt dass de physikaleschen Nordpol sech am Moment aussergewéinlech schnell vun deem geographeschen ewechbeweegt. Dobäi kommen dann nach Moossungen dass d’Stäerkt vum Magnéitfeld amgaang ass rapid ofzehuelen. Dofir menge verschidde Fuerscher dass d’Magnéitfeld effektiv amgaang ass sech ëmzedréinen.
Wat géif dat da fir eis heeschen? Wann d’Stäerkt vum Magnéitfeld ofhëlt, da si mer jo méi deene Partikelen aus dem All ausgesat?
Du däerfs net vergiessen dass dee Phenomen sech iwwer Jordausenden hinzitt, mir dierften also net allze vill dovu matkréien. Keng Angscht! Laut geophysesche Berechnunge muss de Fred Feuerstein virun 800.000 Joer dat och matgemaach hunn, an hien huet et jo och iwwerlieft!
Text: Corinne Kroemmer
Foto: Wikimedia (Supercomputer-Modeller vum Magnéitfeld vun der Äerd. Lénks: normal; rechts: Während enger Emkéierung)