© Shotshop

An d‘Virtuell Realitéit kennt een eran andeem een sech en décke Brëll mat 2 Bildschiermer dran iwwert d’An zitt.

Virtuell Realitéit oder VR ass e Begrëff dee jonk Generatiounen an Technikfreake scho méi laang bekannt ass mee déi meescht waren domat nach iwwerhaapt net a Kontakt a froen sech ausserdeem wat dat brénge soll.

Erziel eis kuerz wat ass gemengt wann ee vu virtueller Realitéit schwätzt, a wéi een do era kënnt?

An d‘Virtuell Realitéit kennt een eran andeem een sech en décke Brëll mat 2 Bildschiermer dran iwwert d’An zitt. Idealerweis deet een nach e Kopfhörer un. D‘Computerbild wat virun den Ae gesäit, beweegt sech synchron mat de Beweegunge vun eisem Kapp – an dofir kritt een d’Illusioun datt een anzwousch anescht ass: eben an enger virtueller Realitéit.

Dat klengt elo fir verschiddener wéi eng mega deier Technik mee dat ass et net!

Nee, wann een e Smartphone huet, huet ee schon déi ganz Technik déi ee fir déi VR Erfarung brauch. Déi Këscht fir iwwert d‘An, an déi een säin Handy muss dra leeë kann am einfachste Fall aus gefaaltem Kartong sinn. Doduerch datt dat elo sou einfach ass an d’Virtuell Realitéit ze goen entwéckelt sech dës Technik natierlech rasant weider. Et gi schon enorm vill Videoen a Spiller um Marché.

A wat hues de schon selwer gemaach?

Jo, ech sinn z.B. duerch Haiser gaangen déi nach net gebaut gi sinn, oder scho laang net méi existéieren, an da sinn ech Achterbunn gefuer, et ass effektiv eng intressant Erfarung.

Mee gëtt et dann e reellen Notzen oder ass et just Spillerei...

Et goufe scho viru Joren Etüde vu Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg gemaach, wou probéiert gouf, fir Leit déi un Ängschte leiden mat Hëllef vu VR Brëller ze behandelen: Si hunn z.B Leit mat Héichtenangscht an engem Glaslift en Héichhaus eropfuere gelooss. Dat ganzt fillt sech reell un – an awer sinn d’Patiente just Beobachter a kënnen sech mat Hëllef vu VR sou un dës quokeleg Situatioun gewinnen...

VR Erfarunge ginn och schon a Schoule getest. An der Geschicht kéint ee mol kuerz an d’Zäit vun den alen Egypter reesen an sou d’Geschicht live erliewen...

Wéi entwéckelt sech dat da weider?

D’Grafiken an Techniken ginn ëmmer méi séier an d’Illusiounen doduerch ëmmer méi perfekt. Visionäre menge souguer datt een sech an Zukunft virtuell op enger aner Plaz ophale kann, a sech quasi als Gespenst tëscht aner Leit beweege kinnt.

Iergendwéi hoffen ech datt dat net kënnt - dat klengt gespenstesch ..

Jo ech hoffen och... Momentan ginn d’Entwécklungen awer éischter a Richtung Gadgeten déi een an der virtueller Welt benotze kann: Händschen déi ugeschloss si maachen datt een och eppes ertaaschte kann oder eng interaktiv Brëtsch déi engem et erlaabt sech an de Kierper vun engem Villchen eran ze versetzen an duerch New York ze fléie – dat gëtt et schonn alles. Da brauch een och net vill Imaginatioun fir sech vir ze stellen datt d’Pornoindustrie e groussen Interessi u VR-Gadgeten huet, mee dat molen ech elo net weider aus.

Haha, an de Risiko datt Leit sech an der virtueller Welt verléiere gëtt méi grouss...

Dee Risiko ass natierlech do. Et ass sécher e neien Challenge fir Pedagogen, Elteren, a Léierpersonal fir de Jonken an natierlech och den Erwuessenen de vernënftegen Ëmgang domat bäizebréngen. Et ass eng Technologie déi vill Méiglechkeeten opmécht, an dofir ass d’Fuerschung grad zimlech spannend.

Auteur: Joseph Rodesch
Photo: shotshops.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR