Wikimedia Commons
Bitcoins produzéieren tatsächlech waarm Loft. Well d‘Computer, déi se produzéieren, lafe weltwäit op Héichtouren. Si verbrauchen dofir vill Stroum, méi wéi e Land wéi Irland - schätzen Experten - a produzéieren dobäi vill Hëtzt. Dofir loosse sech Firmen, déi Bitcoins produzéieren, gären do nidder wou de Stroum bëlleg ass. En ideale Standuert ass zum Beispill Island mat gënschtegem Stroum aus Geothermie oder Waasserkraaft an arktescher kaler Loft fir d’Computeren ze killen.
Verréckt. Mee wéi kënne Computeren Suen maachen?
Si stellen hier Recheleeschtung fir d’Bitcoin-Netzwierk zur Verfügung a ginn dofir mat Bitcoins belount. Bei digitalen Währungen tauschen sech d’Computeren vun all den Notzer permanent iwwert den Internet aus. Wann eng Persoun mat engem Bitcoin bezilt, mëscht net eng zentral Plaz d‘Contabiliteit iwwert d’Transaktioun, mee all d’Notzer vun dësen Digitalsuen.
All d'Notzer?
Jo, jiddereen deen d’Bitcoin Software notzt, huet eng Kopie vun der kompletter Conta, vun Ufank un an kann se sou ëmmer iwwerpréiwen. Ëmmer dann, wann, bildlech geschwat, eng Säit an der Compta mat Iwwerweisunge voll ass, gëtt se vu leeschtungsstaarken Serverfarmen beschafft, dat sinn Fabrikshaalen voller Computeren. Si mussen dofir eng Aart mathematesche Puzzle léise, wat immens opwänneg ass. Dofir packt dat ëmmer nëmmen eng vun deenen villen Serverfarmen als éischt. Fir dës Leeschtung kritt se dann als Belounung nei Bitcoins.
OK Bitcoins ginn aus Rechnungen gemaach déi just de Bitcoins hëllefen? A wisou sinn et da richteg Suen?
Ganz einfach, well am Moment vill Leit dozou bereet sinn, Bitcoins géint Dollar, Euro oder aner Währungen anzetauschen. Wann dat mol net méi den Fall ass, sinn d’Bitcoins och näischt méi wäert. Vill Geldexperten gleewen awer drun, dass digital Währungen eng Zukunft hunn. Genee wéi fréier, wéi d’Mënschen lues vum Materialwäert hier wäertlos Pabeiersuen als Ersatz fir Goldmënzen akzeptéiert hunn. D’digital Währungen mussen awer nach e puer Problemer léisen.
Zum Beispill?
Am Moment ass de Bitcoin-Algorithmus (also wéi e gerechend gëtt) vill ze lues, kéint also guer net déi Onmass vun Iwwerweisungen ofwéckelen, déi all Sekonn an Euro ufalen. Ausserdeem muss d’Sécherheet nach erhéicht ginn. Et ginn ëmmer erëm Bitcoin-Boursen gehackt, an den Notzer Bitcoins am Wäert vu ville Milliounen Euro geklaut.
Mathematiker an Informatiker hunn also nach e Koup ze dinn, ier mir eis normal Suen géint digital Suen antauschen?
Jo, an dofir ass Fuerschung an dem Beräich och esou spannend!
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia Commons
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science
Wéini wien wiem wéi vill Bitcoins iwwerwisen huet, gëtt net an enger zentraler Fiduciaire festgehalen, mee an enger sougenannter Blockchain. Dat ass näischt anescht wéi eng Kopie vun der Compta, déi op all um Bitcoin-Netzwierk deelhuelende Computere läit a permanent aktualiséiert gëtt. Ähnlech wéi d’Säiten an der klassescher Compta ginn hei permanent méi Bléck ugehaangen, an deenen déi leschten Transferte festgehale ginn. Si loossen sou eng Ketten aus Bléck entstoen, dohier den engleschen Numm Blockchain. Dat revolutionäert heirun: Well d’Compta ëffentlech ass, ka jiddereen se iwwerpréiwen. Si ass also immens fälschungssécher. De Blockchain-Algorithmus kéint prinzipiell och an anere Beräicher genotzt ginn, an deenen Transaktiounen oder och Kontraktoffschless fälschungssécher festgehale misste ginn.
De Bitcoin-Algorithmus ass sou ugeluecht, dass maximal 21 Millioune Bitcoins produzéiert kenne ginn, dann ass Schluss. Wann ee Bitcoins als Alldag-Suen asetze géing, géing domat en Phänomen dreeën, den een Deflatioun nennt. Well d’Unzuel un Bitcoins beschränkt ass, géifen se ëmmer méi wäertvoll ginn. Konsumente géifen sou wéineg digital Sue wéi méiglech ausginn, well se an der Zukunft méi domatter kafe kennen. Gläichzäiteg géifen d’Paien, déi Boîtten un hier Aarbechter musse bezuelen, ëmmer méi wäertvoll ginn. Fir konkurrenzfäeg bleiwen ze kennen, missten se also ëmmer erëm d’Paie senken, wat an der Reegel schwéier duerchzesetzen ass. Béid Phänomener féieren dozou, dass eng Volleksekonomie bei Deflatioun an eng schwéier Kris rutsche kann.