(c) RTL

Eng Alternativ mat där ee flexibel bleift an déi vläicht méi ökologesch ass? De Mr Science huet sech op d’Sich no enger Alternativ gemaach, an huet se fonnt!

Iwwerall an Holland an a Stied wéi Kopenhagen ass d‘Haapttransportmëttel net den Auto mee de Vëlo, awer net onbedéngt aus dem Grond, datt e méi ökologesch ass, mee well e méi bëlleg a méi séier ass. Allerdéngs sinn do och keng Hiwwelen ze iwwerwannen...

Lëtzebuerg ass kee Vëlosland!

Zu Lëtzebuerg geet et dacks Bierg op an of, a wann een net grad Frank Schleck heescht, kënnt een als Vëlosfuerer naass geschweesst op der Aarbecht un. Aus deem Grond huet de Mr Science getest, ob en Elektrovëlo, also e Pedelec, fir den Aarbechtswee eng Léisung kéint sinn. E Pedelec ass e Vëlo mat elektreschem Hëllefsmotor, deen de Fuerer bis 25 km/h beim pedalléieren ënnerstëtzt. Aus dem Grond kënnt een net an d’Schweessen, et ass ee méi séier wéi wann een alles selwer dréckt an et behält een déi ganz Fräiheete vum Vëlo.

Test Auto géint Pedelec

Mir hunn eng Streck vun 29 Kilometer getest, vu Kayl op de Kierchbierg. En Auto brauch an der Moyenne am Beruffstrafic ëm déi 45 Minutten, mee dës Zäit variéiert ganz staark mam Trafic. Fir e Vëlo ass des Streck méi kuerz (19 km) well een iwwer Vëlosweeër a queesch duerch d’Staat fuere kann.

Matt engem Pedelec kann een, eisen Tester no, ouni grouss Ustrengung eng Moyenne iwwer 22 km/h fueren an domat packt een dës Streck an +/- 52 Minutten. Den Ausgang vun der Course Auto géint Pedelec gesitt dir am Video.

„Kitchen table to office desk“ – also de ganzen Trajet zielt.

Och wann den Auto an der Moyenne méi séier ënnerwee ass, verléiert een duerch d’Parkplaz sichen nach Zäit op de Pedelec. Während d'Zäit, déi ee mam Auto brauch, staark variéiert, kënnt ee mam Pedelec ëmmer t'selwecht séier vun A op B. Et kann een also besser plangen.

Wéini lount et sech vum Auto op de Pedelec ëmzeklammen?

Fir kuerz Trajeten ënner 10 Kilometer ass e Pedelec, wann een de kompletten Trajet hellt, meeschtens méi séier, souguer wann een net am Beruffstrafic ënnerwee ass. Bei Trajeten déi doriwwer eraus ginn, wéi bei eisem Test, ass et vum Verkéier ofhängeg,wéi séier den Auto ukënnt. Wann en Auto am Duerchschnëtt manner wéi 40 km/h fiert, dann ass de Pedelec méi oder ähnlech séier. Kontrolléiert selwer um Bordcomputer vum Auto wéi séier dir sidd.

Vum Präis hier lount et sech: kee Parking, kee Bensin, keng Assurance... En Auto kascht, wann een d’Gesamtkäschten hëlt, eng 30 Cent pro Kilometer. De Stroum deen den Elektrovëlo op 50 km brauch ass bal ze vernoléissegen: 15 Cent. Also 0,3 Cent de Kilometer.

E-bike – de séiere Brudder vum Pedelec

De Motor vun engem normale Pedelec ënnerstëtzt de Vëlosfuerer just bis 25 km/h, a wann e méi séier fuere wëll, muss ee selwer méi fest pedalléieren. E-bikes, also déi séier Variant vu Pedelec’en, ënnerstëtze bis zu Geschwindegkeete vu 45 km/h a sinn dem Gesetz no zu Lëtzebuerg als klenge Motorrad agestuuft (Stand 10/2016). Domadder muss een sech un déi selwecht Gesetzer hale wéi e Motorrad (Helm, Assurance, Plack, kee Vëloswee). Den E-bike huet méi Contraintë wéi e Pedelec, mee ass och eng ökologesch a séier Alternativ zum Auto op Strecke bis 30 Kilometer Längt.

Multi-Mobilitéit – d'Konzept fir d’Zukunft

Stied wéi Kopenhagen hunn et fäerdeg bruecht fir e Groussdeel vun hiren Trajeten am Beruffstrafic vun ënner 80 Kilometer op den ëffentlechen Transport ze kréien. D’Konzept vun der Zukunft heescht Multi-Mobilitéit, dat heescht déi geschéckt Kombinatioun vu verschiddene Verkéiersmëttel – wéi Zuch, Bus, Vëlo an och Auto. Et fiert een also net just mat engem Verkéiersmëttel, mee et deelt een seng Streck op a wielt jeeweils op den Deelstrecken dat séierst an dat prakteschst Verkéiersmëttel.

Eng Kombinatioun Pedelec mat Zuch huet op eiser Teststreck am Beruffstrafic nach emol en Zäitgewënn vun 10 Minutte bruecht .

Eise Fazit

Pedelec ass eng reell Alternativ fir souguer am Beruffstrafic mat Zäit op d’Aarbescht ze kommen. Fir Strecken ënner 20 Kilometer war de Pedelec souguer deelweis méi séier wéi den Auto. Fir Strecken déi doriwwer raus ginn oder déi ze geféierlech fir de Vëlo sinn, ass d’Kombinatioun mam Zuch eng séier a praktesch Léisung. D’Vëlosweeër, laanscht Landstroossen an duerch d’Stad missten awer op ville Plazen nach ausgebaut ginn, oder komplett Trajete missten am Beruffstrafic just fir Vëloen zougänglech gemaach ginn.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

 

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Auch interessant

Ökologie Newtrap: eine neue automatisierte Methode zur Überwachung von Molchen

Forscher haben eine Fotofalle entwickelt, mit der eine unauffällige Überwachung von Molchen, einer wichtigen Gattung der...

FNR
Umwelt Warum ist die biologische Vielfalt für uns so wichtig?

Zum Internationalen Tag der biologischen Vielfalt befassen wir uns mit der Frage, warum biologische Vielfalt auch für ...

FNR
Innovation Hub Dudelange Ein Start-up-Inkubator mit grünem Charakter

Projekt Neischmelz: In Dudelange wird aus einem Industriestandort ein Öko-Stadtteil samt Inkubator für Umwelttechnologie...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR