Pixabay

Et seet ee gären: „Zerbriechlech wéi Glas“.

Et seet ee gären: „Zerbriechlech wéi Glas“. An dobäi kenne Fuerscher hautdesdaags Glas produzéieren, wat een em de Fanger wéckele kann, ouni dass et brëscht. Wéi ass dat méiglech?

Andeems ee ganz, ganz dënnt Glas produzéiert. Dat sinn da keng Fensterglieser wéi mir se kennen, mee Glasfolië. Wann dës just nach en Honnertstel Millimeter dënn sinn, kann een se em de Fanger wéckelen ouni dass se briechen.

Dat ass erstaunlech! Wat kann ee mat sou Glasfolië maachen?

Et kann een des Glasfolië ganz gënschteg mat dënnen Hallefleederschichte bedrécken, an et wëll een aus hinnen zum Beispill Bildschiermer fir opzerullen oder Solarzellen, déi ee kann diebelen, produzéieren.

Ob sech déi éischt Glasbléiser dat sou virgestallt hunn, wat eng Kéier alles aus Glas gemaach kéint ginn?

Bestëmmt net. Glas war awer fréier och schonns en Hightech-Material mat streng gehiddte Fabrikatiounsgeheimnisser. Wousst de zum Beispill, wisou d’Glasmécher zu Venedeg op der Insel Murano schaffen a liewen hunn missen?

Nee …

Fir dass se Venedeg net sou einfach verloosse konnten! Se hunn nämlech entdeckt, wéi ee kristallkloert Glas hierstelle kann. Dorun huet Venedeg laang ganz gutt verdéngt.

Wourauser besteet Glas eigentlech?

De wichtegste Bestanddeel ass … Sand! Dëse gëtt bei iwwer 1000°C geschmolt. Et hellt een un dass d’Mënschen déi éischte Kéier virun ongeféier 4000 Joer duerchsiichtegt Glas produzéiert hunn. Säit deem goufen d’Rezepturen an d’Produktioun ëmmer méi raffinéiert. Haut kann een net nëmmen hauchdënn Glasfolië produzéieren, mee och sougenannt héichfest Glas.

Wat ass dat?

D’Fuerscher wësse scho säit enger Zäitchen, dass Glas genee sou stabil wie Stol oder Beton ass. Zumindest theoretesch. Normaalt Glas ass nämlech sou zerbriechlech, well et ëmmer winzeg Rëss un der Surface huet. An hei fänkt et dann un mat briechen. Hautdesdaags packen d’Fuerscher et awer, d’Surface vu Glas sou ze traitéieren, dass se dës Mikrorëss net méi hunn. An doduerch gëtt Glas méi stabil. Dofir sinn d’Displayen vu moderne Smartphone vill méi robust wei déi vun den éischte Modeller. An et gëtt souguer schonn éischt Gebaier, déi nëmme vun duerchsiichtege Glasmaueren, also vu Fënstere gedroe ginn.

Kléngt schick!

Fannen ech och! D'Fuerschung bleift weiderhin spannend.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch interessant

Ultraleicht und extrem belastbar Entwicklung und Erprobung neuer Strukturen für Bauteile in der Luft- und Raumfahrt

Je schwerer ein Produkt für den Weltraum ist, desto teurer ist auch der Transport. Genau dort setzt das neue gemeinsame ...

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Plasma: Der vierte Aggregatszustand und seine Einsatzmöglichkeiten

Mit Hilfe von Plasma lassen sich Materialien mit besonderen Eigenschaften ausstatten. Was dabei alles möglich ist, erklä...

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Das Smartphone von morgen: Nicht nur sehen und hören, sondern auch fühlen

LIST-Materialforscher Emmanuel Defay forscht gemeinsam mit Kollegen an sogenannten piezoelektrische Anwendungen, mit den...

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR