Blonde Haare

shotshop.com

Déi meescht Mënschen op der Welt hunn vun Natur aus däischter Hoer. Bei engem véierel vun all de Leit sinn d’Hoer souguer déifschwaarz.

Mr. Science, wann een aus enger Summervakanz erëm kënnt, wierken d’Hoer dacks méi hell wéi virun der Vakanz. Mee dat betrëfft nëmme blond Leit – Leit mat schwaarzen Hoer dogéint net. Firwat?

Fir dat ze verstoen, muss een sech e bësse mat der Chimie vum Kapp befaassen. A mënschlechen Hoer si gewësse Pigmenter dran, sougenannte Melaniner. Dës komplizéiert chemesch Substanzen, déi an den Hoerwuerzelen entstinn, ginn den Hoer – mee och der Haut an den Aan– hir Faarf. An den Hoer ass d’Zesummespill vun zwee ënnerschiddleche Melaniner fir d’Faarf verantwortlech: den Eumelanin an de Phäomelanin. Jee nodeem, wéi een Undeel vu béide Pigmenter dran ass, kann d’Hoerfaarf vun hellblond bis déif schwaarz goen.

 Wéi funktionéiert dat?

Den Eumelanin ass schwaarz-brong, de Phäomelanin – an deem Schwiefel dran ass – dogéint giel-rout. Mënschen, deenen hir Hoer vill Eumelanin oder wéineg Phäomelanin hunn, hunn donkel Hoer. Wann d’Verhältnis vun de Pigmenter ëmgekéiert ass, dann huet een eng hellbrong oder blond Hoerfaarf. Besonnesch vill Phäomelanin hu Leit mat rouden Hoer.

A wat huet dat mam Ophellen an der Sonn ze dinn?

De besonnesch energieräichen ultraviolett Undeel am Sonneliicht zerstéiert d’Pigmenter. Do duerch gëtt d’Hoerfaarf méi hell. Phäomelanin also dee mam Schwiefel reagéiert awer vill méi empfindlech op UV-Stralung wéi den Eumelanin. Dowéinst wierkt Sonneliicht méi staark bei blonde Mënschen, iwwerdeems ee bei Leit mat schwaarzen Hoer knapps een Ënnerscheed gesäit.

 Wierken d‘Hoer dann, wann een net méi sou vill an der Sonn ass, erëm méi däischter?

Am Ufank emol net, well zerstéiert Pigmenter sech net erëm regeneréiere kënnen. De méi hellen Toun geet eréischt da lues a lues fort, wann d’Hoer nowuessen.

Dee wou nach all seng Hoer huet, huet am Duerchschnëtt ongeféier iwwer 150000 Hoer – a kéint am Prinzip nach méi dovun hunn. D’Natur huet der Kapphaut ongeféier 5 Milliounen Hoer-Ulage ginn, vun deenen déi meescht awer net aktiv sinn. D’Déckt vun den Hoer variéiert tëscht 0.03 a 0.15 Millimeter – a schwaarz Hoer si méi déck wéi blonder. All Dag wiisst een Hoer ongeféier een Drëttel Millimeter – a bis zu 7 Joer laang. Dann ass een Hoer um Enn vum Liewen ukomm a fält eraus. Dowéinst fënnt ee – och bei Mënschen ouni Hoerausfall – all Dag bis zu 100 ofgestuerwen a verlueren Hoer an der Biischt. Dee Mënsch mat de längsten Hoer, ee Mann aus dem Vietnam, huet iwwregens eng Hoerlängt vu méi wéi 6 Meter.

Verdeelung vun den Hoerfaarwen

Déi meescht Mënschen op der Welt hunn vun Natur aus däischter Hoer. Bei engem véierel vun all de Leit sinn d’Hoer souguer déifschwaarz. Dat läit dorun, dass déi schwaarz Hoerfaarf genetesch dominant ass. D’Verdeelung vun den Hoerfaarwe gesäit an Europa awer anescht aus. Virun allem am Norden an Oste vum Kontinent ass den Undeel vu Leit mat blonden oder hellbrongen Hoer héich. Natierlech blond Hoer ginn et soss praktesch just nach bei den Aborigines an Deeler vun Australien, an am Südwestpazifik. Bekannt ass och den Indianerstamm vun de Mandan a Nordamerika, bei deem och säit ëmmer vill Leit mat hellen Hoer liewen. Leit mat rouden Hoer liewen ursprénglech bal nëmmen an Irland, Schottland a Wales.

Auteur: scienceRELATIONS/Ralf Butscher
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR