Mojtba moawia

Chilli enthält Capsaicin

Lecker Iessen, gewierzt mat Chilli: Firwat gëtt et engem da waarm, gëtt ee rout am Gesiicht an fänkt een u mat schweessen?

Dat ass dem Capsaicin seng Schold! Dat ass déi Substanz am Chilli, déi dës onangenehm Reaktioun ausléist. Doduerch soll se d’Déieren drun hënneren fir d’Planz ze friessen.

Wat geschitt dann do genee?

Mir hunn an eisem Mond verschidde Sensoren, fir Hëtzt a Péng ze detektéieren. Capsaicin aktivéiert net nëmmen de Sensor fir intensiv Péng, mee och dee fir Hëtzt. D’Gehir kritt also zwou Botschafte vum Capsaicin geschéckt: “ Ech verursaache Péng” an “ Ech si waarm”. Doraus schléisst et, dass eppes extrem Waarmes am Mond ass.

An da gëtt et engem tatsächlech waarm?

Nee, dat ass just eng Illusioun. Mee d’Gehir fält drop eran a gëtt dem Kierper de Kommando fir dréngend eppes géint déi extrem Hëtzt ze maachen: Eis Oderen dehnen sech zum Beispill aus, fir eist Blutt méi séier iwwert d’Haut ofzekillen. Duerch déi intensiv Duerchbluddung killt eise Kierper zwar of, mee mir ginn och rout am Gesiicht. An d’Schweessdrüse ginn och aktivéiert, fir eise ganze Kierper weider ofzekillen.

Mee a Wierklechkeet ass eise Kierper guer net waarm?

Nee. D’Fuerscher hunn esouguer erausfonnt, dass bei verschiddenen Déieren d’Kierpertemperatur däitlech erofgeet, well de Kierper sech ofkillt, obwuel en net iwwerhëtzt ass.

Mee waard emol, dat heescht Chilli verbrennt eis de Mond guer net, mir mengen dat just?

Jo, mir gi vum Chilli ausgetrickst fir dass mer en net méi sollen iessen. A mir iessen en awer! De Capsaicin selwer ass op alle Fall an normale Quantitéiten net schiedlech fir eise Kierper, mee d’Reaktiounen, déi en duerch seng Tricken ausléist, kënnen awer ënner Ëmstänn problematesch ginn.

A fir all déi, déi elo virwëtzeg sinn: Schmaacht emol eng Mentholkamell mat enger Drëps Tabasco drop a loosst iech iwwerraschen!

Virwëtzeg wat zum Thema Chilli zu Lëtzebuerg gefuerscht gëtt? Da kuck an der Infobox.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Joseph Rodesch a Marc Diederich
Foto © Mojtba moawia

 

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Dem Marc Diederich säi Labo um Kierchbierg (Laboratoire de Biologie Moléculaire et Cellulaire du Cancer - lbmcc) beschäftegt sech scho säit laangem mat der Benotzung vun natierleche Substanzen am Kampf géint de Kriibs.

Si huelen eng Rei Wierkstoffer aus Gewierzer a Planzen ënnert d’Lupp a probéieren erauszefannen, op se eventuell kënne benotzt gi fir Kriibs virzebeugen oder ze behandelen. An deem Kontext hunn si d’Aarbecht vun engem amerikanesche Labo ervirgehuewen, déi 2007 kloer gewisen hunn, dass Capsaicin kriibshemmend ass an  als Behandelung kéint a Fro kommen.

Dat kléngt villverspriechend, et muss een awer weider Studien ofwaarden ier Capsaicin enges Daags als Medikament kann op de Maart kommen.

Auch interessant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen eréischt am September nees...

FNR
Chili, Peffer & Co. Firwat ësst een a waarme Länner schaarf?

Bei richteg schaarfem Iesse schweesst ee séier. Mä firwat iessen d'Leit a waarme Länner trotzdeem oft gär schaarf? Et gë...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR