D'Melanie weist dir an dësem Experiment wéi s du geheim Kläng entdecke kanns - mat engem Bigel an enger Schnouer.

Erklärung: Wann eng Persoun mat dir schwätzt, dann héiers du dat, well d'Schwätzen d'Loft zum "schwénge" bréngt. Dës Schwéngungen erreechen däin Ouer an da kanns du dës Persoun och héieren. De Schall (Musek, Kaméidi, Geräischer) breet sech also duerch d'Loft aus.

D'Schwéngungen déi entstinn, wann s du de Läffel géint de Bigel schléis, ginn duerch d'Schnouer méi staark iwwerdroe wéi duerch d'Loft. Dat bedeit datt de Schall vill besser iwwert de Fuedem un d'Ouer geleet gëtt wéi iwwert d'Loft.

Tipp: Looss denger Fantasie fräie Laf a probéier et mat verschiddene Metallgéigestänn aus!

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass! Eis Ziler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch interessant

Studienteilnehmer gesucht Post-virale Fatigue: Post-Covid und Chronisches Erschöpfungssyndrom

Waren Sie an Covid-19 erkrankt und haben sich immer noch nicht erholt? Leiden Sie unter chronischer Müdigkeit? Dann ist ...

Immunschutz vs. Virus Was schützt besser vor Covid-19: Impfung oder überstandene Erkrankung? Ein Update

Die kalte Jahreszeit steht vor der Tür und mit ihr wohl eine weitere Coronawelle. Dank Impfung, Booster und überstandene...

FNR , LIH