FNR

Video vum Experiment

Material

  • Digitalen (USB- oder WiFi-)Mikroskop (um Internet fir +/- 30 Euro ze kréien)
  • Computer, Tablett oder Smartphone deen un den digitale Mikroskop gekoppelt gëtt
  • Saache fir ënnert dem Mikroskop ze kucken

Duerchféierung

Schléiss däin digitale Mikroskop via USB-Uschloss un däi Computer un, oder jee no Mikroskop kanns Du et och iwwer WiFi an eng App mat engem Smartphone oder Tablett verbannen. Maach de Mikroskop un a lee eppes drënner oder hal e sou no wéi méiglech iwwert eppes, wat s de dir méi genee ukucke wëlls. D’Bild, dat de Mikroskop mécht, gesäis du da live um Ecran vun dengem Computer, Tablett oder Smartphone. Dréi um Riedche vum Mikroskop, fir de Fokus an/oder d’Vergréisserung anzestellen. Déi meescht einfach digital Mikroskoper erlaben zwou Vergréisserungen. Du kanns och Fotoe vun de Saachen ënnert dem Mikroskop maachen an déi ofspäicheren. Looss dech iwwerraschen, wat s du alles entdecke kanns!

Prinzip

En digitale Mikroskop funktionéiert wéi ee klasseschen optesche Liichtmikroskop, just datt en amplaz vun engem Okular (dat, wat ausgesäit wéi eng kleng Spektiv, wou een normalerweis mat den Aen derduerch kuckt) eng integréiert digital Kamera huet, déi e Bild vum Objet ënnert dem Mikroskop direkt op en Ecran projezéiert. Fir de Rescht huet den digitale Mikroskop och en Objektiv, also eng Vergréisserungslëns an eng Liichtquell (kleng LED-Luuchten). Déi meescht gënschteg digital Mikroskoper kënne Saache bis zu 1000x vergréisseren – dat heescht et léisst eppes 1000 Mol méi grouss ausgesinn, wéi et tatsächlech ass.

Alldag

Fuerscher benotze méi grouss a professionell Mikroskoper, fir z.B. bestëmmt Strukturen an Zellen oder Gewebeprouwen ze ënnersichen. An diagnostesche Laboe wéi dem Staatslabo ginn sou z.B. och Gewebeprouwe vu Kriibspatienten hirem Tumeur méi genee gekuckt, fir z.B. ze bestëmmen, ob en aggressiv oder éischter guttaarteg sinn.

D’Mikroskopie war an ass och wichteg fir Bakterien oder Viren ze identifizéieren, well déi sou kleng sinn, datt se mam bloussen Aan net siichtbar sinn. D’Vergréisserung vun engem Mikroskop wéi deem, wat mir fir dëst Experiment benotzt hunn, ass awer leider net grouss genuch, fir Bakterien oder Vire beobachten ze kënnen.

Tipps

Wann s de wëlls wëssen, wéi grouss eppes ass, wat s de ënnert dem Mikroskop leien hues, kanns du en duerchsiichtege Lineal dernieft leeën an do op der Millimeterskala eng ongeféier Aschätzung vun der Gréisst kréien.

Falls du Inspiratioun brauchs, wat s de der alles esou ënnert dengem digitale Mikroskop ukucke kéints, da kuck emol hei:

 

 

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Video: Michèle Weber a Joseph Rodesch (FNR)