
shotshop.com
Ma an deem ee mat engem Laser d‘Krëmmung vun der Hornhaut verännert. Déi suergt nämlech wéi eng Lëns dofir, dass Liichtstralen op der Netzhaut hannen am Aa fokusséiert ginn an ee schaarft Bild erginn. Wann d’Hornhaut awer vun Natur aus staark gebéit ass, treffen sech d’Liichtstralen un der falscher Platz an dann ass ee kuerzsiichteg. D’Aen-Chirurgen droen da virsiichteg mat engem Laser eng genau calculéiert Schicht vun der Hornhaut erof, fir eng Optimal Krümmung ze kréien. Sou kënne si och d’Hornhaut corrigéieren, wann ee wäitsiichteg ass.
Wéi kann ee Laser dann d‘Hornhaut erof krazen?
Bei der, den Ament beléiftsten, Operatiounstechnik gëtt als éischt eng ganz dënn Schicht vun der Hornhaut erofgeschnidden. Nëmmen op engem Wupp bleift se mat der reschtlecher Hornhaut verbonnen. Dës Schicht gëtt dann op d’Säit geklappt. Da gi kuerz Laserpulser op d’Hornhaut ofgeschoss, déi da lues a lues verdämpt. Wann déi optimal Form vun der Hornhaut erreecht ass, gëtt déi op d’Säit geklappte Schicht wéi en Deckel erëm zréck geluecht.
Dat kléngt no enger schwéierer Operatioun…
Deen wou operéiert muss virun allem oppassen, net ze vill vun der Hornhaut erofzehuelen, well se dann ze dënn gëtt an Téitschen kréien kinnt, wat eng schwéier Komplikatioun ass.
Geschitt dat dacks?
Zum Gléck just ganz rar, well virun der Operatioun gemooss gëtt wéi déck d’Hornhaut ass. Serieux Aen-Chirurge rode vun enger Operatioun of, wann déi ze dënn ass.
A wéi eng Risike ginn et nach?
Dacks kritt een dréchen Aen, wat no enger Zäit wéi kann doen. Bei der Operatioun kënnen nämlech Nervenfaseren duerchtrennt ginn, déi d’Netzhaut duerchzéien. Si kënnen dann net méi mellen, dass d’Hornhaut dreschen ass fir esou fir nei Tréinenflëssegkeet ze suergen. Relativ dacks ginn et och Problemer fir an der Nuecht gutt ze gesinn. Wat et nämlech méi donkel ass, wat d’Pupill méi grouss gëtt, fir méi Liicht an d’Aen ze loossen. Dobäi kënnen dann Operatiounsnarben an d’Bléckfeld kommen an d’Bild onschaarf maachen, virun allem ronderëm hell Luucht, wéi zum Beispill bei Autoscheinwerfer.
A wéi eng Risike ginn et op laang Dauer?
Also wat ganz laang Périoden ugeet, weess een dat nach net, well d’Aen eréicht säit ongeféier 30 Joer gelasert ginn. Mee dee Problem hunn aner neientwéckelt Operatiounstechniken och. Eppes ass sécher: wann ee méi al gëtt, brauch een erëm en Brëll: en Liesbrëll géint Alterswäitsiichtegkeet.
Déi kann een nach net fort operéieren?
D’Aen-Chirurgen experimentéieren dofir nach un enger fiabeler a sécherer Technik. Dofir bleift also nach vill Spannendes ze erfuerschen!
Schaarf gesinn dank dem Skalpell
Kontaktlënsen implantéieren?
Eng verwurrelt grouss Unzuel un Operatiounstechniken
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com