Indian Navy

An dëser Géigend sichen se nom verschwonnen Fliger vu Malaysian Airlines

Mir kommen op de Mound, awer just e puer Kilometer an d’Déift ... firwat ass et esou schwéier eppes um Mieresbuedem erëm ze fannen? Sou wéi de Malaysia Fliger deen am Mäerz erofgefall ass?

D’Mier stellt de Mënsch viru ganz aner Erausfuerderunge wéi de Weltall! Fir de Malaysia Fliger ze fanne stellen sech 3 grouss Problemer: éischtens ass et stackdäischter do ënnen a Luut dréit net ganz wäit, zweetens ass den Drock esou grouss dass een extrem spezialiséiert Equipement brauch, an drëttens ass d’Topologie vum Mieresbuedem do net genee bekannt!

Mee wéi déiw läit de Wrack dann? 3-4 Kilometer? Ass dat lo sou onméiglech dohinn ze kommen?

Ma wann’s de bedenks dass de Mënsch just 70 Meter déif kann tauchen, dass spezialiséiert Mamendéieren bis maximal 3 000 Meter déif tauchen kënnen, an dass se 73 Joer gebraucht hu fir d’Titanic op 3 800 Meter Déift erëm ze fannen ... ech fannen da sinn déi 4,5 Kilometer Déift wou dëse Wrack soll leien awer schonn eng grouss Erausfuerderung!

Ok, mee de Fliger huet jo sou eng „Black Box“ déi piipst! Do missten se jo just dem Geräisch nogoen...

Jo, mee Schallwellen am Waasser ... dat ass och net esou einfach. D’Schallwelle kënnen am Waasser nämlech ëmgeleed gi wann d’Temperatur, de Salzgehalt oder den Drock sech verännert! Sou dass do, wou’s du d’Signal mooss, net onbedéngt do ass, wou d’Signal entsteet! Well d’Schallwellen ebe komesch an onprevisibel ëmgeleed gi sinn!

De Problem matt der Blackbox huet sech awer lo erleedegt...?

Jo, well déi net méi piipst – lo wëllen se nach eng riseg Fläch ofscannen mee dat kann nach Joeren daueren.

Weider Informatioune fannt der wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Indian Navy 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

 

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen. 

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

   
Fuerschung zu Lëtzebuerg

Schallwelle stellen net nëmmen am Waasser eng Erausfuerderung duer! Och an der Konstruktioun ass et wichteg ze verstoe wou Schallwellen (Vibratiounen) während dem Bau entstinn a wéi se sech verbreeden, fir eventuell Problemer kënnen ze verhënneren.

A genee domat beschäftegt sech d’Fuerschersequipe „Engineering Science“ vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat ARCELOR. Si huelen ënnert d’Lupp wéi d‘Schallwelle bei bestëmmte Bautechniken entstinn a wéi se sech duerch déi verschidde Materialien verbreeden. Ziel ass et fir sou mann wéi méiglech Schallwellen hierzestellen, fir Problemer aus dem Wee ze goen.

Auch interessant

UV-empfindliche Perlenkette Wie gut schützt meine Sonnencreme?

Durchsichtige oder weiße UV-Perlen werden farbig, wenn Sonnenstrahlen auf sie fallen. So kannst Du deine (alte) Sonnencr...

FNR
Lichtstreuung Reproduziere die blaue Farbe des Himmels und einen Sonnenuntergang!

In diesem Experiment machen wir Sonnenuntergänge mit einer Taschenlampe, Wasser und etwas Milch nach!

FNR
Light Graffiti Male mit Licht!

Mache ein originelles Neujahrsfoto!

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR