
Wikimedia - Colin Davis
Odere sinn net blo, du gesäis se just blo!
Déi Odere sinn net blo, du gesäis se just blo!
Hä? Wat ass dann do den Ënnerscheed? Wann ech se blo gesinn, da sinn se och blo!
Nope! Wéi’s du sees, Blutt ass rout, an d’Oderen och! Wann’s de eng grouss Wonn hues, oder während enger Operatioun, da gesäis de d’Odere jo direkt, ouni d’Haut dotëschent, an da sinn se rout!
Et huet also eppes mat der Haut ze dinn!?
Genee! Eis Haut ass jo eng Barrière fir eise Kierper, fir eis ze schützen! Viru Bazillen oder aner Krankheetserreger, mee och virun der Sonn, also virun der Luucht! Déi kann net déif ënnert d’Haut dréngen. Dofir gesäis de déi ganz kleng dënn Oderen, déi direkt ënnert der Haut lafen, rout. Bis dohin ass näämlech alles normal, d’Luucht kennt duerch, an du gesäis alles an der Originalfaarf!
A wat geschitt wann et e bësse méi déif ass?
Ab 5 mm huet d’Luucht Problemer fir duerchzekommen! Rout Liichtstrahle si méi haartnäckeg, a gi méi déif an d’Haut eran an dann absorbéiert. Déi blo hunn et méi schwéier, a bei 5 mm ginn se d’Saach op, sou ze soen. Do kommen se net weider, a gi vun den Odere reflektéiert, wéi op engem Spigel. Se kommen also zréck an eist Aan, a mir gesinn se. Dofir gesi mer d’Odere blo, och wann se a Wierklechkeet rout sinn!
Wow, et ass also alles just eng Saach vu Wahrnehmung! Mir mécht dat zwar e bëssen Angscht dass mer d’Saachen net ëmmer esou gesinn, wéi se sinn. Mee wéinstens verstinn ech elo firwat! An ech hat scho gemengt ech hätt blot Blutt!
Text: Corinne Kroemmer