FNR

Eng Carte Blanche vum Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR), Marc Schiltz.

An enger Zäit, an där d’Wëssenschaft staark am Fokus vun der Ëffentlechkeet steet, an et nieft Luef och Kritik gëtt, ass et schéin ze gesinn, datt d’Vertrauen an d’Wëssenschaft bei der Lëtzebuerger Bevëlkerung awer weiderhin héich ass, sou de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche (FNR), an enger rezenter Carte Blanche op RTL. 

An enger representativer Ëmfro, déi den FNR all puer Joer duerchféiert koum Mëtt Mäerz eraus, datt d’Vertrauen an d’Wëssenschaft bei eis am Land am Verglach mat 2019 nach liicht geklommen ass: 70% vun der der Lëtzebuerger Bevëlkerung vertraut der Wëssenschaft an der Fuerschung. Zu Lëtzebuerg ass d'Vertrauen an d'Wëssenschaft domadden zum Deel bedeitend méi héich ewéi a villen aneren Länner. 

D’Covid-Kris huet eis och virun Ae gefouert, wéi nëtzlech et ass, dass mer eis eege wëssenschaftlech Expertise am Land hunn an 83% vun den Befroten stëmmen zou, datt den Bäitrag vu Wëssenschaftler wichteg ass, fir d’Ausbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg ze bremsen. Dat ass en eenzegaartegen Vertrauensbeweis fir d'Wëssenschaftler. Bei der Ëmfro hunn dann och 57% der Ausso zougestëmmt, datt Investissementer an d’Fuerschung hei am Land weider klamme sollten. Avis aux décideurs politiques!

D’Vertrauen, dat Gesellschaft der Wëssenschaft entgéint bréngt ass fir d’Fuerschungscommunautéit immens wichteg. Mee et ass keen Acquis, well et ka sech erëm änneren. 

Als Wëssenschaftler verflicht dat ons, un déi grouss Défi'en fir d'Zukunft erun ze goen: Klimawandel an Energie Transitioun; Konsequenzen vun der digitaler Transformatioun op Aarbecht, Wirtschaft a Gesellschaft; Gesondheet am globale Kontext. D’Fuerschung muss sech vun dëse gesellschaftlechen a globalen Erausfuerderunge guidéiere loossen, an dobäi de permanenten Dialog mat der Gesellschaft fleegen. 

Zum Vertrauen gehéiert awer och, dass mer als Fuerscher d'Éierlechkeet hu fir ze soen dass mer net Alles wëssen – soss bréichten mir jo net méi ze fuerschen. Virun 12 Méint hätt kee Fuerscher kéinte garantéieren dass mir haut e Covid Vaccin hätten. Elo hu mer en, mee et hätt och kéinten aneschters goen. Mir kënnen net verspriechen dass mir op alles eng Äntwert fannen. Fuerschen heescht nämlech un der Grenz zum Onbekannten ze stoen. An mir wëssen net genau wat ons déi aner Séit erwaart. Heiansdo seegelen mer no Indien, a mer entdecken Amerika; mee heiansdo entdecken mer och näischt, trotz vill Asaz an Aarbecht. Och dat gehéiert zur Fuerschung. Wann dat Verständnis de Wëssenschaftler entgéintbruecht gëtt, dann sinn ech zouversiichtlech dass mer onsen Engagement vis-à-vis vun der Gesellschaft kënnen anhalen.

Auteur: Marc Schiltz (FNR)
Éditeuren: Michèle Weber, Didier Goossens, Jean-Paul Bertemes (FNR) 

Aussi dans cette rubrique

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Mars 2024

Que dit la science sur les animaux « hypoallergéniques » ? Quelle est la taille du plus grand scorpion du Jurassique ? : voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Janvier / Février 2024

Comment la tradition du Buergbrennen a-t-elle évolué ? Y-a-t-il un lien entre allergie et cancer du cerveau ? Voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Décembre 2023

Une méthode de prédiction des méga-inondations ; un ver de terre inconnu ; une protéine qui protège nos gènes : voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

FNR Awards 2023 Prix d'excellence pour la recherche, le mentoring et la vulgarisation scientifique au Luxembourg

Découvre les lauréats et les candidats de la shortlist des FNR Awards de cette année, qui ont été décernés en octobre.