(C) Shotshop

Dyslexie, och Legasthenie genannt, kennzeechent sech doduerch, dass eng Persoun bei mindestens duerchschnëttlecher Intelligenz eng Lies- a Rechtschreifstéierung huet. Eng Schwieregkeet, déi vill dyslexesch Schüler hunn, ass e Wuert a seng verschidde Lauter (Phonemer) ze zerleeën oder d’Lauter a Wierder ze erkennen. Et ass wichteg ze ënnersträichen, dass d’Ausprägung vun dëser Léierschwieregkeet vu Persoun zu Persoun verschidden ass.

LEARN (Learning Expertise and Research Network) hu mat enger betraffener erwuessener Persoun geschwat, déi hiren Diagnostik vun Dyslexie eréischt spéit erstallt krut, wéi si an hirem 2. Joer op der Uni an England wor.

LEARN: Dir hat vill Schwieregkeete liesen a schreiwen ze léieren. Doduerch hat Dir e schwieregen an ustrengende Schoulparcours. Dir hutt allerdéngs ni opginn an hutt Är eege Strategien entwéckelt fir weider ze kommen. Kënnt Dir kuerz iwwert Äre Schoulalldag erzielen a wéi Dir trotz deene grousse Schwieregkeete liesen a schreiwe geléiert hutt?

Meng Schwieregkeete sinn an der Schoul scho fréi opgefall, mee ech denken et wousst kee se richteg ze deiten a mir ze hëllefen. Weder an der Schoul nach am Lycée ass en Diagnostik gemaach ginn. Am 1. Schouljoer ass mengem Schoulmeeschter a menger Mamm opgefall,  datt ech vill Feeler schreiwen, virun allem an Diktater. Zum Beispill “Anna” hunn ech “Aann” geschriwwen. Am Rechnen hunn ech wéineg Feeler gemaach. Mäi Schoulmeeschter hat dofir recommandéiert, datt ech all Dag e Puzzle maache soll. Vun deem Dag un hunn ech all Dag, déi ganz Primärschoul duerch, e Puzzle gemaach. Gehollef manner Feeler ze schreiwen huet dat mir allerdéngs net.

Diktater a Prüfungen hunn ech während Stonne mat menger Mamm virbereet, well ech d’Wierder auswenneg schreiwe geléiert hunn, bis ech kee Feeler méi geschriwwen hunn. Wann awer am Diktat eng Verbform geännert huet, z.B. d’Verb koum an der Mehrzahl amplaz an der Einzahl, da war ech verluer an ech konnt d’Verb net schreiwen. Mat dëser Auswennegléierstrategie louch ech trotzdem ëmmer an der Joeresmoyenne 30 a sinn net sëtze bliwwen.

Wat fir mech am schwéierste wor, wor 2 Sprooche kuerz openeen ze léieren, Däitsch an dat Joer drop Franséisch. All déi Reegelen an Onregelméissegkeeten hunn ech mussen auswenneg léieren a verhalen. Doheem hunn ech englesch mat mengen Eltere geschwat an an der Schoul éischter lëtzebuergesch. Franséisch liesen a schreiwen ze léiere wor ganz schwéier fir mech, well ech och kee Bezuch zu där Sprooch hat. Ech hat weder franséisch Frënn nach Famill. A Fernseh hu mir doheem op Däitsch an Englesch gekuckt. Trotzdem sinn ech natierlech frou franséisch geléiert ze hunn, well ech et haut vill a menger Aarbecht brauch.

Am 4. Schouljoer hunn ech selwer erausfonnt, datt ech besser a méi séier liesen, wann ech mam Fanger liesen d.h. während dem Liesen hunn ech mäi Fanger ënnert all Wuert geluecht, wat ech grad liese wollt an doduerch hunn ech Buschtaf fir Buschtaf gelies a mech net méi esou séier an engem Wuert verluer. Dës Strategie huet mer och beim Iwwerliese gehollef, fir Feeler an Diktater ze fannen. Am Lycée hunn ech déi éischt 2 Joer nach gestruewelt an ab 9e hunn ech net méi zu de Klassenschlechteste gezielt, well just nach 1 Punkt pro Feeler ofgezu ginn ass an aner Fähegkeeten och wichteg woren, wéi d’Verständnis an d’Diskutéiere vun Texter.

LEARN: Dyslexie ass bei Iech am 2. Joer Uni diagnostizéiert ginn, wéi ass et zu dësem Diagnostik komm?

Ech sinn enger Professesch opgefall nodeems si mäin Exame verbessert hat. Si sot mir duerno ech hätt vill gutt Iddiën zesummegedroen an eng ganz interessant Diskussioun geschriwwen, mee ech hätt onmoosseg vill Schreiffeeler geschriwwen. Doropshin hunn ech hir vu menge Schwieregkeeten an der Schoul erzielt an och, datt meng Mamm mir während der ganzer Primärschoulszäit ëmmer erëm sot: “Du bass net domm, du hues Dyslexie, sou ewéi däi Papp, an da schreift ee vill Feeler. Mee dat ass net esou schlëmm.”

Déi Professesch huet mir vun engem Programm erzielt, wat vun der Uni finanzéiert wor, an deem Persoune wéi ech op Dyslexie getest ginn an dann och Hëllefsstrategien ugebuede kréien. Ech hunn un deem Programm deelgeholl. E Psycholog huet verschidden Tester duerchgefouert, ënnert anerem hunn ech Wierfelen zu Formen zesummesetze sollen, wat mir immens schwéier gefall ass an ech sollt Feeler an Texter identifizéieren. Ech hunn zimlech schlecht bei ville Subtester ofgeschnidden a krut den Diagnostik “Dyslexique”. Ech krut eng Rei Hëllefsmëttel zur Verfügung gestalt. Fir d’Coursen opzehuelen, krut ech en Diktaphon vun der Uni gestallt. Meng Examen hunn ech an engem anere Sall geschriwwen, zesumme mat anere Persounen, déi dyslexesch woren a mir haten no der Reegelexamenszäit 15 Minutte méi laang Zäit fir ze iwwerliesen. D’Rechtschreiwung hat awer och net méi déi Wichtegkeet wéi an der Primärschoul.

LEARN: Wéi gitt Dir haut an Ärem Beruff an an Ärem Alldag mat Dyslexie ëm?

A mengem Beruff liesen a schreiwen ech vill a sinn ëmmer erëm mol mat Feeler konfrontéiert. Allerdéngs hunn ech eng Sekretärin, déi och nach eemol alles noliest. An der Schoulzäit sot meng Mamm ëmmer: “Wann s de grouss bass, kriss de eng Sekretärin, déi deng Feeler fënnt.” An esou ass et och gaang. Dat mécht engem Courage. Heiansdo vergësst een déi Schwieregkeet och, mee et gëtt een an deene komeschste Situatiounen erëm dorunner erënnert. Wann ech midd sinn oder am Stress sinn, kënnt et mer vir, datt ech net méi weess, wéi ee Wuert geschriwwe gëtt. Wann ech et gesinn, da weess ech: hmm, dat ass falsch geschriwwen, mee ech kann net soen, wat dru falsch ass. Da kënnt et vir, datt Matmënschen dorop opmierksam ginn. Ech sinn dann oft genéiert a weess net, wat soen. Dat Wichtegst ass net opzeginn an all méiglech Strategien ze probéieren, fir mat där Schwieregkeet besser eens ze ginn.

LEARN: Villmools Merci fir dëst Gespréich.

Auteur/Kontakt: LEARN (Uni Luxemburg)

Photo © Shotshop.com

 

Infobox

Wat ass LEARN?

 


LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

 

Matarbeschter

 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS
Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

 

Waat ass EMACS ?

 

EMACS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

 

Fir weider Informatiounen

Aussi intéréssant

Etude en ligne À quelle vitesse reconnaissons-nous les nombres dans différentes langues?

Comment les nombres en différentes langues sont-ils traités dans le cerveau d'enfants, d'adolescents et d'adultes multil...

« Schnëssen » pour la science Des chercheurs collectent des données sur la langue nationale au moyen d’une application mobile

Quelles sont les variantes locales du luxembourgeois dans le pays ? Pour répondre à cette question, l’Université de Luxe...

Sprooch léieren Kann ee Sprooche ëmmer léieren? Oder ass et iergend wann ze spéit?

Gëtt et eng “kritesch Period” fir eng Sprooch ze léieren, wou et dono einfach ze spéit ass?

Aussi dans cette rubrique

Santé mentale Impact de l'adversité en début de vie sur la santé mentale plus tard dans la vie

De nouvelles connaissances sur les effets à long terme d’une séparation des parents ou d’une adoption sur la santé mentale soulignent qu'il faut offrir un soutien aux enfants concernés.

Projet COVID-Kids La satisfaction de vie et le bien-être des enfants à l’épreuve de la pandémie

Les enfants et adolescents sont durement touchés par les changements liés à la pandémie du coronavirus. Le projet COVID-Kids s’est intéressé aux conséquences de la première vague sur eux.

FNR Awards 2020 Pour des vidéos sur la mise en œuvre de l’éducation plurilingue pour jeunes enfants

Claudine Kirsch et Simone Mortini de l'Université du Luxembourg reçoivent un prix pour une innovation basée sur une recherche exceptionnelle.

psychologische auswirkungen
Etude COVID-19 Quels sont les effets psychologiques du « social distancing » ?

Participez à cette étude et aidez les chercheurs à mieux comprendre l'impact de la crise corona sur la psyché de la population au Luxembourg et dans les pays voisins.