Adobe Stock

Dat kéint ee mengen, well Methan ass 25 mol méi schiedlech fir de Klima wéi den CO2. Bei weltwäit ronn 1,5 Milliarde Ranner kommen do riseg Quantitéite vum Zäregas Methan zesummen.

Awer et bleift net beim Methan. Fir sou vill Ranner ze fidderen, gi weltwäit Bëscher ofgeholzt fir Soja a Mais als Kraaftfudder fir d'Déieren unzebauen. D'Felder gi mat Konschtdünger gedüngt, woubäi erëm grouss Quantitéite Lachgas entstinn (Distickstoffmonoxid N2O). Dëse Gas ass awer fir d‘Klima guer net fir ze Laachen, mee souguer nach méi klimaschiedlech wéi Methan. En erwiermt d'Atmosphär 300 mol méi staark wéi CO2.

Zesummegefaasst heescht dat: Jo, sou wéi mir déi meescht Ranner haut fidderen si si ganz klimaschiedlech. Awer wann ee sech d'Fro e bësse méi genee ukuckt, stellt ee fest, datt net d'Kéi u sech de Klimaproblem sinn. Well wann d'Kéi net am Stall mat Kraaftfudder gemäscht ginn mee op der Wiss friessen dierfen, da kënnen se souguer gutt fir d‘Klima sinn.

Wéi? Faschten se da kee Methan méi?

Dach, dat entsteet bei der Verdauung vum Gras. Iwwregens repsen se de gréissten Deel vum Methan eraus, nëmmen ee klengen Deel entwutscht iwwert den Daarm. Awer et däerf een d'Kéi net eenzel kucken, mee zesumme mat der Wiss, op där se friessen. An dobäi stéisst een op déi iwwerraschend Tatsaach, datt Wise grouss Quantitéite CO2 späichere kënnen. D'Gesamt-Klimabilanz kann dann ënner Ëmstänn souguer positiv sinn, also datt ënnert dem Stréch méi Klimagaser aus der Atmosphär gezu gi wéi an si ofgi ginn. 

Mee wéi kënne Wisen dann CO2 späicheren?

Wa Gras wiisst, hëlt et wéi all Planze CO2 op a baut mat deem doran enthalene Kuelestoff Planzemass op, also Grashällem, awer och Wuerzelen. An dat net ze knapp. D'Wuerzele vu verschidde Wisekräider gi bis zu 4 Meter déif an de Buedem! Wärenddeem uewen eng Kou d'Grashällem frësst, sammelt sech am Buedem Planzemass un, déi net ewechgefriess gëtt, mee am Buedem bleift. Réischt wann d'Wuerzelen ofstierwen, gëtt de Kuelestoff, deen an hinne gespäichert ass, erëm fräi a kënnt als CO2 zréck an d'Atmosphär. En Deel vum Kuelestoff gëtt awer och als Humus méi laang am Buedem gespäichert. De Buedem gëtt domadder zu deem, wat een en CO2-Pëtz nennt. Ënnert dem Stréch huet e méi CO2 opgeholl wéi en ofgëtt. Ënner gënschtegen Ëmstänn kann de Kuelestoff Dausende vu Joren am Buedem gespäichert bleiwen.

Also Kéi eraus op d'Wiss an alles ass gutt?

Sou einfach ass et leider net. Well ob eng Wiss mat Kéi ënnert dem Stréch méi Klimagaser späichert oder fräisetzt, hänkt vu ville Facteuren of: Wéi vill Déiere pro Fläch, wéi staark soll gedüngt ginn, wuesse vill verschidde Gras- a Kraiderzorten op der Wiss a sou weider. Dat gëtt intensiv erfuerscht, fir datt mir an Zukunft mat besserem Gewësse Mëllech drénken a Bifdecker iesse kënnen. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Infobox

Genial Fudderverwäertung

Wat de Mo respektiv d'Mee vu Kéi leeschten, ass phänomenal! Et sinn am ganze véier Mee, mat deenen d'Kou aus dem fir eis onverdauleche Gras wäertvoll Fleesch a Mëllech mécht. Pro "Moolzecht" frësst eng Kou em déi 20 Kilo Gras a Kraider, déi se kaum zerknat ofschléckt. Sie gierkst déi Mass da beim Idderzen (dt. Wiederkäuen) ëmmer erëm a klenge Portiounen erop an hir Maul, fir se mat Spaut ze vermëschen a méi kleng ze maachen, éier d'Kou se dann erëm ofschléckt. Doduerch kréien déi Mikroorganismen, déi an hire Mee liewen eng grouss Ugrëffsfläch, fir d'Zellulos an de Grieser a Kraider ofzebauen. An hirem gréisste Mo, der Panz, liewen 100 Milliarde vun dëse Mikroorganisme wéi Bakterien, Eenzeller an Hiefepilzer - pro Milliliter! Mat hiren Enzymer bauen si d'Zellulos virun allem zu Essegsaier of, déi vun der Schläimhaut vun der Panz opgeholl gëtt an der Kou Energie fir hire Stoffwiessel liwwert. Gläichzäiteg entsteet bei dëser Zellulosverdauung Methangas, datt d'Kou reegelméisseg eraus repst a fascht (an en Deel gëtt och nach aus dem Piff fräigesat). Wärend d'Mikroorganismen de Contenu vum Mo verdauen, multiplizéiere si sech zolidd. Dëse Bräi aus Mikroorganisme geréit dann um Enn vum Verdauungsprozess an de véierten a leschte Mo, de Labmo. Dee gläicht eisem Mo a verdaut den eewäissraichen a fetthaltege Bräi éier en en un den Daarm weiderleet. Do kann d'Kou dann déi opgespléckten Eewäiss- a Fettbestanddeeler vun de Mikroorganismen ophuelen a fir d'Mëllechproduktioun an de Muskelwuesstem asetzen.

Hautzedaags gi Kéi allerdéngs dacks net just mat Gras a Wisekraider mee zousätzlech mat Kraaftfudder gefiddert. Nëmmen esou kënne si hir vill Mëllech produzéieren oder séier genuch Fleesch usetzen. Kraaftfudder besteet aus Weess, Mais oder Soja, awer och aus Pressréckstänn, déi bei der Produktioun vun Ueleg ufält oder aus dem Offall vun der Béierproduktioun, fir nëmmen e puer méiglech Kraaftfudderquellen ze nennen.

Fudderszousätz géint Methan?

Verschiddene Verbraucher gëtt et ëmmer méi wichteg, Mëllech a Fleesch ze kafen, déi sou produzéiert ginn datt et sech gutt mam Klima verdréit. Dofir experimentéiere Fuerscher mat Zousaatzstoffer am Kou-Fudder. Si solle verhënneren, datt déi Mikroorganismen, déi am Verdauungstrakt vun de Kéi d'Zellulos vun hirem Fudder verdauen, dobäi ze vill Methan produzéieren. Sou hunn US-amerikanesch Fuerscher Kéi zousätzlech zu hirem normale Fudder kleng Quantitéite vun enger bestëmmten Algenzort ze friesse ginn. Doduerch hu si ronn 80 Prozent manner Methan ausgestouss. Den Nodeel vun där Method: déi speziell Algenzort ass ze seelen, fir se am grousse Moossstaf als Fudderzousaatz fir Kéi anzesetzen.

Aner Fuerscher hunn eng Start-Up gegrënnt, déi Pellets mat Knuewelek fir Kéi entwéckelt hunn. Domadder soll bis zu 30 Prozent manner Methan ausgestouss ginn. E bësse méi wierksam soll den Hemmstoff vun enger anerer Firma sinn: Dee blockéiert am Mo vun der Kou Enzymer, déi fir d'Methanproduktioun responsabel sinn. Domadder konnt a Studien de Methan-Ausstouss em 50 Prozent reduzéiert ginn. De Problem bei all deenen Zousaatzstoffer ass awer, datt si zwar an d'Stallfudder gestreet kënne ginn, awer net op Wisen. Dofir experimentéiere Fuerscher domadder, des Zousaatzstoffer zum Beispill am Drénkwaasser vun de Kéi opzeléisen oder si de Kéi als Pëllen ze ginn, déi sech an hirem Mo nëmme lues opléisen. Eréischt den Asaz am grousse Moossstaf an der Praxis mat begleedende Miessunge vum Methan-Aussstouss vun de Kéi wäert weisen, ob des Zousatzstoffer wierklech halen, wat se verspriechen.

Anti-Methan-Mask

De gréissten Deel vum Methan, deen d'Kéi produzéiere faschten se net eraus, mee se repsen en eraus. Dofir huet eng brittesch Firma eng Mask entwéckelt, déi een de Kéi iwwert hir Nueslächer strécke kann. D'Schnëss bleift dobäi fir d'Friesse fräi. De Methan, deen aus hirer Schnëss erauskënnt, soll duerch eng katalytesch Reaktioun an der Mask an CO2 a Waasser ofgebaut ginn. Bis elo gouf des Koumask awer nach net a wëssenschaftleche Studie getest...

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
  1. Methane emissions from cattle
    Johnson K.A. et al., Journal of Animal Science, 1995
    https://academic.oup.com/jas/article-abstract/73/8/2483/4632901
  2. Are dietary strategies to mitigate enteric methane emission equally effective across dairy cattle, beef cattle, and sheep?
    Gastelen S. van et al., Journal of Dairy Science, 2019
    https://www.journalofdairyscience.org/article/S0022-0302(19)30422-9/fulltext
  3. A comprehensive quantification of global nitrous oxide sources and sinks
    Tian H. et al., Nature, 2020
    https://www.nature.com/articles/s41586-020-2780-0
  4. Grassland carbon sequestration: management, policy and economics
    FAO-Studie, Integrated Crop Management Vol. 11, 2010
    http://www.fao.org/3/i1880e/i1880e00.htm
  5. Global greenhouse gas emissions from animal-based foods are twice those of plant-based foods
    Xu X. et al., Nature Food, 2021
    https://www.nature.com/articles/s43016-021-00358-x
  6. Net reductions in greenhouse gas emissions from feed additive use in California dairy cattle
    Feng X. et al., PLOS ONE, 2020
    https://journals.plos.org/plosone/article?id=10.1371/journal.pone.0234289
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi intéréssant

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg - juin 2022

Les dernières études au Luxembourg ont permis la découverte de candidats thérapeutiques pour le traitement de plusieurs ...

Kalgestallt Firwat geet de Smartphone aus, wann et kal ass?

Bei Temperaturen ënner 0 Grad léisst den Handyakku no an den Telefon schalt sech och alt mol aus. Firwat ass dat esou?

FNR
Torf Wéi kënne Mouere géint de Klimawandel hëllefen?

Blummefrënn sollen op Torf verzichten, fir d'Moueren als wäertvoll Liewensraim ze erhalen. Awer och fir d‘Weltklima sinn...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR