
Adobe Stock
Dat kéint ee mengen, well Methan ass 25 mol méi schiedlech fir de Klima wéi den CO2. Bei weltwäit ronn 1,5 Milliarde Ranner kommen do riseg Quantitéite vum Zäregas Methan zesummen.
Awer et bleift net beim Methan. Fir sou vill Ranner ze fidderen, gi weltwäit Bëscher ofgeholzt fir Soja a Mais als Kraaftfudder fir d'Déieren unzebauen. D'Felder gi mat Konschtdünger gedüngt, woubäi erëm grouss Quantitéite Lachgas entstinn (Distickstoffmonoxid N2O). Dëse Gas ass awer fir d‘Klima guer net fir ze Laachen, mee souguer nach méi klimaschiedlech wéi Methan. En erwiermt d'Atmosphär 300 mol méi staark wéi CO2.
Zesummegefaasst heescht dat: Jo, sou wéi mir déi meescht Ranner haut fidderen si si ganz klimaschiedlech. Awer wann ee sech d'Fro e bësse méi genee ukuckt, stellt ee fest, datt net d'Kéi u sech de Klimaproblem sinn. Well wann d'Kéi net am Stall mat Kraaftfudder gemäscht ginn mee op der Wiss friessen dierfen, da kënnen se souguer gutt fir d‘Klima sinn.
Wéi? Faschten se da kee Methan méi?
Dach, dat entsteet bei der Verdauung vum Gras. Iwwregens repsen se de gréissten Deel vum Methan eraus, nëmmen ee klengen Deel entwutscht iwwert den Daarm. Awer et däerf een d'Kéi net eenzel kucken, mee zesumme mat der Wiss, op där se friessen. An dobäi stéisst een op déi iwwerraschend Tatsaach, datt Wise grouss Quantitéite CO2 späichere kënnen. D'Gesamt-Klimabilanz kann dann ënner Ëmstänn souguer positiv sinn, also datt ënnert dem Stréch méi Klimagaser aus der Atmosphär gezu gi wéi an si ofgi ginn.
Mee wéi kënne Wisen dann CO2 späicheren?
Wa Gras wiisst, hëlt et wéi all Planze CO2 op a baut mat deem doran enthalene Kuelestoff Planzemass op, also Grashällem, awer och Wuerzelen. An dat net ze knapp. D'Wuerzele vu verschidde Wisekräider gi bis zu 4 Meter déif an de Buedem! Wärenddeem uewen eng Kou d'Grashällem frësst, sammelt sech am Buedem Planzemass un, déi net ewechgefriess gëtt, mee am Buedem bleift. Réischt wann d'Wuerzelen ofstierwen, gëtt de Kuelestoff, deen an hinne gespäichert ass, erëm fräi a kënnt als CO2 zréck an d'Atmosphär. En Deel vum Kuelestoff gëtt awer och als Humus méi laang am Buedem gespäichert. De Buedem gëtt domadder zu deem, wat een en CO2-Pëtz nennt. Ënnert dem Stréch huet e méi CO2 opgeholl wéi en ofgëtt. Ënner gënschtegen Ëmstänn kann de Kuelestoff Dausende vu Joren am Buedem gespäichert bleiwen.
Also Kéi eraus op d'Wiss an alles ass gutt?
Sou einfach ass et leider net. Well ob eng Wiss mat Kéi ënnert dem Stréch méi Klimagaser späichert oder fräisetzt, hänkt vu ville Facteuren of: Wéi vill Déiere pro Fläch, wéi staark soll gedüngt ginn, wuesse vill verschidde Gras- a Kraiderzorten op der Wiss a sou weider. Dat gëtt intensiv erfuerscht, fir datt mir an Zukunft mat besserem Gewësse Mëllech drénken a Bifdecker iesse kënnen. Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!
Infobox
Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)