Et gesäit op alle Fall emol sou aus! Mee se falen awer net all no ënnen!

Wéi net all?

Ma et ass der vläit schonn opgefall dass d’Gasbullen am Guinness vill méi kleng si wéi déi an engem Mini zum Beispill. Well se méi kleng si bleiwen se méi liicht un der Glasuewerfläch pächen. An der Mëtt vun dengem Pint schwammen se awer no uewen, wéi eng typesch Gasbull eben. An dobäi rappen se de Béier mat. Dee fléisst also do och no uewen.

Mee et ka jo awer net alles no uewe goen? Soss wier däi Glas jo iergendwann ënnen eidel!

Jo, dat geet schlecht. Mee fir iwwerhaapt no uewen ze komme muss do Béier verdrängt ginn. Doduerch entsteet eng Konvektiounsbeweegung: de Guinness fléisst an der Mëtt no uewen a laanscht de Rand erëm erof. Um Wee no ënne rappt de Béier dann di Gasbulle mat déi un der Glaasuewerfläch gepecht hunn.

Aaah. Dat heescht an der Mëtt ginn d’Bullen erop an um Rand ginn se erof? Mee firwat gesäit et dann sou aus wéi wann se all géifen erofgoen?

Guinness huet jo déi aussergewéinlech schwaarz Fuerf an ass quasi onduerchsiichteg. Dofir gesäis du déi Bullen an der Mëtt guer net, du gesäis just déi um Rand déi no ënne ginn.

A firwat hues de déi Konvektiounsbeweegungen net an engem Mini?

Wéi ech virdru scho gesot hunn: d’Gasbullen am Guinness si vill méi kléng wéi am Mini. Et ass also en aner Gas!  Während am Mini d’Gasbullen aus Kuelendioxid besti sinn se am Guinness aus Stéckstoff. Stéckstoff ass manner léislech am Béier, dofir sinn d’Bullen esou kleng a kennen ouni Problem di Konvektiounsbeweegung matmaachen.

Krass! Dat ass mir nach ni opgefall!

Ma wann’s de mer et net gleefs da kanns de jo muer mol méi genee kucken.

Maachen ech ! Guinness drénken als wëssenschaftlech Studie ! Dat kann ech mer jo bal net laanscht d’Nues goe loossen!

A wann’s de nach méi iwwert di verschidde Béierzorten an hier Hirstellung wëlls wëssen, da géi séier op de Site kucken!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Lager versus Ale

Lager (Pilsner) ass an der Regel méi liicht wéi Ale (manner Kalorien a manner Alkoholgehalt). D’Wuert Ale ass bei eis vläit net esou bekannt, mee dat ass zum Beispill deen typeschen englesche Béier (dréif, mat engem Hiefsaatz, ouni vill Spruddelen an am léifsten op Zëmmertemperatur – sieheAsterix und Obelix bei den Briten”) an dee meeschte belsche Béier an däitsche Weessbéier dee mir hei sou drénken. Et gëtt och eng Réi lëtzebuerger Alen, wéi zum Beispill den Okult an de wëllen Ourdaller.

Den Ënnerscheed tëscht Lager an Ale läit un der Hief déi benotzt gëtt. Fir Lager ze maache gëtt eng ënnergäreg Hief (Saccharomyces pastorianus) benotzt déi bei nidderegen Temperature vun 2 - 5°C gäre gelooss gëtt an den Zocker komplett an Alkohol ëmwandelt.  Fir Ale ze braue gëtt eng uewergäreg Hief (Saccharomyces cerevisiae) benotzt déi bei enger Temperatur vun 18 °C gäre gelooss gëtt. Oft bleift bei dëser Gärung Reschtzocker deen net an Alkohol a Kuelendioxid ëmgewandelt gëtt.

Verschidde Gärungsprozesser

Traditionelle Béier, wéi zum Beispill den Trapistebéier, gëtt am Faass oder an der Fläsch nach eng zweete Kéier gäre gelooss andeems e bëssen neien Zocker derbäi gemaach gëtt. Dofir fënnt een um Fong vun der Fläsch e Saatz – déi doudeg Hief. Doduerch hält de Béier sech méi laang an e gëtt méi spruddeleg.

Dee meeschte Béier gëtt hautesdaags awer gefiltert a pasteuriséiert sou dass keng Hief méi dran ass. Fir dass de Béier trotzdem spruddeleg bleift gëtt während dem Fëlle vum Faass oder de Fläschen einfach Kuelendioxid dran opgeléist.

Wat mécht de Goût vum Béier aus?

Béier besteet jo haaptsächlech aus Waasser, Happ a Malz.

Malz ass ganz einfach gekeimten a gedréchente Geescht dee je no Laun ka gebak, geréischtert oder gegrillt ginn fir di verschidde Béierzorten ze maachen.

Et ass den Happ deen dem Béier dee liicht battere, fruuchtegen an erfrëschenden Aroma gëtt. Et gëtt eng ganz Réi vun Happzorten – méi oder manner batter, fruuchteg, sauer oder pikant.

De bayresche Weessbéier gëtt zum Beispill mat Weess gemaach (zousätzlech zum Malz), grad ewéi déi belsch Blanche, déi en plus nach mat Koriander an Orangeschuele gewierzt ass. Dem Braumeeschter senger Phantasie sinn also keng Grenze gesat: et gëtt Béier mat Walness, Dënnenzapfen, Lakritz an esou guer mat Mierwaasser.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Zwee englesch Chemiker, den Andy Alexander vun der University of Edinburgh an den Dick Zare vun der Stanford University , hu sech am Kader vun hirer Fuerschungsaarbecht ameséiert fir d’Geheimnis vun de Guinness-Bullen ze entlüften. Op den éischte Bléck klengt dat vläit wéi en Abrëllswitz, mee hier Resultater enthale vill Informatiounen iwwert d’Art a Weis wéi Flëssegkeete sech behuelen (wat iwwregens hiren offizielle Fuerschungsberäich ass). Hier Resultater kennen effektiv derzou bäidroe fir zum Beispill di lescht Drëps Pëtrol aus dem Buedem ze kréien andeems een ähnlech Konvektiounsbeweegunge provozéiert.

Aussi intéréssant

Kachwëssen Wéi vill Alkohol bleift nom Kachen am Iessen?

Ob Boeuf bourguignon oder Béierzooss fir de Brod: Bei ville Rezepter kënnt Wäin oder Béier an d'Kachdëppen. Mä verkacht ...

FNR
Schlummertrunk Firwat mécht roude Wäin éischter midd?

Dacks geet ee Glas vun deem rubinroude¨n, schwéiere Wäin duer, a scho kënnt de Mann mam Hummer. Firwat ass dat sou?

FNR
Ernierung Firwat kritt ee vun ze vill Viz den Schësser?

Dacks héiert een, datt ee vun ze vill Viz den Duerchfall kritt. Mr Science, ass do eppes drun? A wann jo, firwat ass da...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR