© Moast

No laangem hin an hier hu mir en elo nees zeréck zu Lëtzebuerg: den Tram! Hie soll net nëmmen hëllefen de Verkéiersproblem an der Stad an de Grëff ze kréien, ma och eng méi ëmweltfrëndlech Transport-Optioun bidden. Dat heescht awer net, dass den Tram mat Waasserdamp fiert ;)

Den Andrée Mousset, Physiker a fréieren Enseignant, huet den neien Tram ganz genau ënnert d‘Lupp geholl an eng Artikel-Serie (op Franséisch) iwwert de lëtzebuerger Tram geschriwwen.

Comment fonctionne le tram de Luxembourg ? Partie 1

A sengem éischten Artikel verréit den André Mousset Dir ënnert anerem, dass den Tram eben net mat Waasserdamp, ma mat Stroum fiert:

Fir de Stroum kënnen ze notzen, brauch den Tram speziell Motoren, déi d‘elektresch Energie a Beweegung ëmwandelen. Dem neien Tram seng Motore kënnen awer net nëmme Stroum a Beweegung ëmwandelen, ma se kënnen och de Géigendeel, nämlech Beweegung a Stroum ëmwandelen. Si funktionéieren also och als Generator. Wéi genau dat funktionéiert erkläert den André an dësem Artikel:

Dir ass bestëmmt och schonn opgefall, dass den Tram um Kierchbierg vun enger iwwerierdescher Stroum-Leitung begleet gëtt!? Ma ab der rouder Bréck feelt dës Leitung an den Tram fiert ganz fräi bis op d’Stäreplaz. Dëst erméiglechen esou genannte Super-Kondensatoren a Lithium-Batterien. Wéi genau? Dat erkläert den André a folgenden Artikelen:

An de Mr Science erklärt a sengem Pisa-Video wéi den Tram seng Batterien an e puer Sekonnen opluede kann:

Comment fonctionne le tram de Luxembourg ? Partie 2

Vu wou kënnt de Stroum deen den Tram verbraucht? Ënnert anerem des Fro beäntwert den André a sengem zweeten Artikel zum neien Tram:

Och d’Fro dono wéi den Tram am Wanter gehëtzt an am Summer gekillt gëtt, gëtt an dësem Artikel behandelt an a folgendem Artikel am Detail erkläert:

Comment fonctionne le tram de Luxembourg ? Partie 3

Den Tram huet net eng, och net zwou oder dräi, mee 4 verschidden méiglech Aart a Weisen fir ze bremsen. Wéi eng dat sinn - a weider interessant Fakten zu de Sécherheetsmoossnamen op déi den Tram zeréckgräift, gëss Du am 3ten Artikel vun eiser Tram-Serie gewuer:

Mir hoffen dass dës Artikelen derzou bäidroen, ze weisen wéi vill Wëssenschaft an eisem Alldag ass - an den Tram ass heifir e ganz besonnesch spannend an och relativ komplext Beispill! :)


Video: Moast
Konzept: FNR/Moast

Aussi dans cette rubrique

Artificial intelligence Should AI research develop at a slower pace? Questions to experts

Major AI providers are calling for a slower, more tightly controlled pace of AI development and are warning of the potential risks posed by more potent systems. AI researchers from Luxembourg respond...

Ofkille bei Hëtzt Wéi Ventilator a Klimaanlag eis ofkillen

Am Géigesaz zu der Klimaanlag killt de Ventilator de Raum net of. An awer fille mir eis ofgekillt. Entdeck d’Physik hannendrun!

FNR
Ziel mir keng! – De Science Check Ordinateurs quantiques : promesses et risques

Qu'est-ce qu'un ordinateur quantique, en quoi est-il si révolutionnaire, et nos cartes de crédit et mots de passe seront-ils encore sûrs le jour où il sera opérationnel ?