Tim Reckmann/pixelio.de

Am Duerchschnëtt ginn ëm 400 ml an d’Blos, éier een op d’Toilett muss.

E Freide war ech um Tour a wéi sou oft hunn ech, nodeems ech bis fir d'éischt op d'Toilett war, dono dauernd missen...ass meng Blos geschrumpft?

Am Duerchschnëtt ginn ëm 400 ml an d'Blos, éier een op d'Toilett muss - et kann awer och méi sinn, jee no Persoun a jee nodeem ob s de beim klengste Besoin gees oder réischt wann et wierklech net méi geet. Méi kleng gouf déng Blos awer sécher net...

Ma firwat kann ech et dann d'éischt 2 Stonnen aushalen an da muss ech bemol am Hallef-Stonnen-Takt an nach méi oft?

Wat s de uewen era schëtts, kënnt jo net direkt rëm ënnen eraus. D'Flëssegkeet geet iwwert de Verdauungssystem an d'Bludd, gëtt da vun der Nier gefiltert a geet weider an d'Blos - dat brauch Zäit. An deenen zwou Stonnen, wou s du net op d'Toilett waars, hues du mat dénge Kollege jo bestëmmt net een eenzege Mini gedronk?

Nee.

Mam éischten Toilettegang bass de awer nëmmen ee Mini lass ginn, an déi nächst an der Schlaang waren um hallwe Wee bei d'Blos - déi huet sech also déi nächst Kéier méi schnell gefëllt. A während deems hues du wahrscheinlech monter weider Mini'e gedronk...

Hmm...jo.

Du hues also net nëmmen zimlech vill Flëssegkeet zou der geholl, mee en plus blockéiert den Alkohol e Stoff, deen der Nier hëlleft, Waasser aus dem Urin nees an de Kierper z'absorbéieren éier et an d'Blos geet. Wann d'Nier dat net méi uerdentlech mécht, lant méi Flëssegkeet wéi normal an denger Blos. Dofir muss de net nëmme méi oft op d'Toilett, mee du kriss en plus e décke Kapp, well däi Kierper deshydratéiert.

Autor: Liza Glesener
Photo: © Tim Reckmann/pixelio.de

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 09/12/15 opgeholl

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Wann een Alkohol drénkt, geet deen net nëmmen an d'Bludd an an d'Blos, mee z.B. och an de Schweess. Souguer an den Hoer kann een en noweisen - an zwar nach Méint nodeems ee gedronk huet! Hei schreift sech also d'Geschicht vun enger Persoun hirem Alkohol-Konsum nidder. Wat engem seng Hoer méi laang sinn, wat een e méi laangen Zäitraum kann dokumentéieren.

Des Technik ass awer net nëmmen a punkto Alkohol interessant, mee och wat Pestiziden an aner Ëmweltgëfter ugeet. Mir otmen all Dag där Stoffer an, oft ouni dass mer et matkréien - och si ginn an d'Hoer agebaut. D'Human Biomonitoring Research Unit um Luxembourg Institute of Health huet sech dës Thematik zur Spezialitéit gewielt: si recherchéiere Methoden mat deenen ee ka moossen, wéi staark mir enger ganzer Rei Gëfter ausgesat sinn.

Aussi intéréssant

Canicule Journées chaudes et nuit tropicales: Quelle chaleur de plomb !

À ces conditions les mécanismes de refroidissement de notre corps se heurtent à leurs limites. Surtout dans les agglomér...

MNHN , FNR
D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et eigentlech gesond, de S...

FNR
Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR
Naturschutz am Gaart Ass en Insektenhotel gutt oder schlecht?

Mr Science, iwwerall stinn dës Insektenhoteller mat Äscht a Bambusréiercher, an deenen Insekten niste sollen. Sinn déi eigentlech wierklech sënnvoll fir den Insekteschutz?

FNR