De Mr Science gëtt seng Hautprouw of

En Team ronderëm de Professer Rejko Krüger, Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg an Dokter am Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL), schafft un enger grouss ugeluechter Parkinson Etüde, wou 800 Patienten an och 800 gesond Leit solle matmaachen. D’Ziler sinn, fir dës Krankheet, vun där et vill verschidden Zorte ginn, besser ze verstoen, se méiglechst fréi ze erkennen, a Medikamenter fir en Traitement ze fannen.

Wéi eng Verännerungen am Kierper provozéiere Parkinson?

Leit mat Parkinson hunn ze wéineg vun der Substanz Dopamin am Kierper. Matten am Gehir, an der substantia nigra stierwen Zellen of, déi dës Substanz produzéiere kënnen. Dopamin, wat als Gléckshormon bekannt ass, ass e wichtege Botestoff fir d’Nerven. Dat heescht, datt d’Nerven den Dopamin brauche fir Informatiounen am Kierper weider ze ginn. Wann dëse Botestoff feelt, klappt d’Kommunikatioun tëschent dem Gehir an dem Rescht vum Kierper net méi richteg, wouduerch een net méi richteg goe kann, a verschidde Beweegunge ganz schwéierfälleg ginn.

Wann een als Patient oder Kontrollpersoun bei der Studie matmécht, gi vill Tester gemaach déi d’Koordinatioun vum Kierper iwwerpréiwen. Dëst sinn Konzentratiounsübungen, Motoriksübungen awer och Gerochstester. De Verloscht vum Gerochssënn kann nämlech eng éischt Indikatioun op en Dysfonctionnement vun de Botestoffer sinn.

Jee nodeem wéi intensiv ee bei der Studie matmécht, kënnen och nach verschidde méi invasiv Tester gemaach ginn. De Mr Science kritt am Reportage e Prelevement vun Hautzelle gemaach, déi duerno an der Biobank IBBL (Integrated BioBank of Luxembourg) opbereet ginn, fir dann a Laboe, wéi dem Luxembourg Institute of Systems Biomedecine (LCSB), fir Fuerschungszwecker genotzt ze ginn.

Aus Hautzelle ginn Nervenzellen

Hautzellen si fäerdeg entwéckelt Zellen a kënnen net direkt an Nervenzellen ëmgewandelt ginn, déi een awer fir d’Recherche u Parkinson brauch. Duerch d‘Aktivéierung vu verschiddene Genen an der Hautzell (Fibroplasten) kann dës fir d’éischt a eng sougenannte pluripotent Stammzell ëmgewandelt ginn. Dës Stammzellen, sinn ähnlech wéi déi aus deene mir am Bauch vun eiser Mamm entstane sinn.

© Vita34 AG

Stammzelle kënnen sech an allméiglech aner Zelle verwandelen. Duerch Behandlung mat verschiddene Chemikalien an Hormone bréngen d’Fuerscher et am Labo fäerdeg aus Stammzellen, Nervenzellen ze maachen, wéi se am Gehir virkommen. Dës sinn da genetesch identesch mat de Nervenzellen vum Patient. Dës Ëmwandlungen daueren awer, wéi an der Natur och, e puer Méint.

Huet een d‘Nervenzelle bis geziicht a Symptomer vun der Parkinsonkrankheet erkannt, kann een op dësen Zellen Medikamenter testen, a kucken op een d’Zellen drop reagéieren. Mat der Hëllef vun engem Roboter kënne sou direkt dausende Medikamenter gläichzäiteg getest ginn. Dës Method erméiglecht et fir personaliséiert Fuerschung ze maachen. Et gëtt also net generell gekuckt, wéi sech Standardzelle verhalen, mee et fuerscht een direkt un den Zellen vun der betraffener Persoun.

Éischt Resultater weisen sech, mee dës sinn nach op engem fréie Fuerschungsstand an et wäert nach e laange Wee sinn bis d’Patiente vun den Erkenntnisser profitéiere kënnen.

Boxe géint den Tremor

Am Ufank vum Reportage geet de Mr Science op e Boxtraining, deen vum Parkinsonzenter vu Parkinson Lëtzebuerg zu Leideleng ugebuede gëtt. Boxen an aner sportlech Aktivitéite wierken sech positiv op d’Patienten aus, well dës gezielt Beweegungen d’Dopaminproduktioun beaflosse kënnen. Heiduerch fillen sech Betraffener kuerzzäiteg besser.

Als Patient oder Kontroll bei der Studie mat maachen

Wann dir Interessi hutt bei dëser Studie mat ze maachen, ob als Patient oder Kontroll, da mellt iech op parkinson.lu.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: RTL 
Illustration © Vita34 AG
Merci’en: Dr. Ibrahim “Ibo” Boussaad – Luxembourg Centre of Systems Biomedicine; Géradine Hipp, Sylvia Binck  -  CHL Parkinson Center; Science relations; Lycée Belval – dép. biologie; Dajana Grossmann

Aussi intéréssant

Studienteilnehmer gesucht Post-virale Fatigue: Post-Covid und Chronisches Erschöpfungssyndrom

Waren Sie an Covid-19 erkrankt und haben sich immer noch nicht erholt? Leiden Sie unter chronischer Müdigkeit? Dann ist ...

Étude en ligne Vieillir en bonne santé - Facteurs de risque pour maladies neurodégénératives

Enquête en ligne pour les plus de 50 ans pour identifier des facteurs de risque favorisant les maladies neurodégénérativ...

Recherche participants étude Qu'est-ce qu’affecte les résultats scolaires de mon enfant avec TSA ?

Est-ce que les compétences sociales, les émotions et la langue ont un impact sur la cognition et les résultats scolaires...

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR