RTL

Video vum Reportage aus dem PISA Wëssensmagasin op RTL Télé Lëtzebuerg.

Mat den neien Impfstoffer géint Covid-19 trëtt och eng nei Zort vun Impfstoffer op de Maart: RNA-Impfstoffer. Wéi funktionéieren des? Wat ass RNA iwwerhaapt? A kënnen d’RNA-Impfstoffer eis DNA, also eis Ierfmaterial veränneren? Dat hu mir zesumme mam Olivier Catani vun RTL am leschte PISA Wëssensmagazin iwwert eist Immunsystem probéiert ze erklären. A mir hunn net ouni Grond an enger Kiche gefilmt.

RNA vs DNA

An all mënschlecher Zell lait gutt geschützt am Zellkär eist Ierfmaterial: eis DNA, mat eise Genen, déi z.B. bestëmmen, ob mer blond oder brong Hoer kréien, oder eventuell bestëmmte Krankheete kréie kënnen oder éischter net. Wat DNA méi genee ass hu mer an dësem Artikel erkläert.    

Et kann ee sech eis DNA och wéi e grousst Kachbuch virstellen, mat lauter Rezepter, fir Proteinnen ze maachen. Des Proteinne brauch eise Kierper fir allméiglech Funktiounen ze erfëllen. An dës Proteinne gi vun eisen Zellen a spezielle Protein-Kichen (de Ribosomen) an der Zellflëssegkeet (dem Zytoplasma) gekacht, also ausserhalb vum Zellkär. Mee eis Zellen hunn ee Problem: d’Käch an der Protein-Kichen verstinn d’Rezepter aus dem DNA-Kachbuch net. Well si an enger Sprooch geschriwwe sinn, déi d’Käch net kennen.

Schema_Zelle

Illustratioun: Schematesch Representatioun vun enger Déieren- oder Mënschenzell.

Dofir mussen eis Zellen aus DNA fir d’éischt RNA maachen – si mussen d’Kachrezept also iwwersetzen. Wéi dat genee geet, hu mir an dësem Artikel erkläert. Dat iwwersate Rezept (d’RNA) gëtt dann aus dem Zellkär an d’Zellflëssegkeet an d’Protein-Kichen transportéiert. A wann d’Protein gemaach ass, gëtt d’Rezept zerrappt an ewechgehäit – d’RNA gëtt ofgebaut.

Wat bei der Covid-19 RNA-Impfung an eisen Zelle geschitt

Dem neie Coronavirus SARS-CoV-2 säin Ierfmaterial besteet net aus DNA wéi bei eis, mee aus RNA. Dat ass bei verschiddene Viren einfach sou. Bei den RNA-Impfstoffer géint Covid-19 kréie mir e klengt Stéck vun der RNA vum SARS-CoV-2 gesprëtzt, dat an enger Enveloppe aus Fetter agepaakt ass. Des Enveloppe ka mat eisen Zelle verschmëlzen an sou kënnt d‘RNA vum Virus an eis Zellflëssegkeet eran - awer net an den Zellkär bei eis DNA. An et gëtt och keen Dolmetscher an eisen Zellen, deen RNA zréck an DNA iwwersetze kann. D’RNA-Impfung kann also net eis Ierfmaterial veränneren.

Eisen Zellen ass et egal ob si mat hirer eegener RNA oder friemer RNA an der Protein-Kiche schaffe mussen. Sou maachen si aus der friemer RNA vum Virus eng Protein – déi sougenannte Spike-Protein op der Uewerfläch vum SARS-CoV-2. Des Spike-Protein geet dann aus eisen Zellen eraus, an déi friemt RNA vum Virus gëtt ofgebaut – si bleift also net an eisen Zellen.

Wéi eng RNA-Impfung eis géint Covid-19 schütze kann

Géint des frësch produzéiert Spike-Protein mécht eise Kierper dann eng Immunäntwert, a mir sinn dann am Idealfall géint Covid-19 geschützt (wéi laang, wëssen d’Fuerscher nach net).

Et kann een sech dat sou virstellen: eist Immunsystem kritt mam Spike-Protein, wat duerch d’Impfung gemaach gëtt, eng Foto vum SARS-CoV-2 sengem Gesiicht gewisen, Et mierkt sech wéi en ausgesäit. A wa mir méi spéit dem richtege SARS-CoV-2 begéinen, also dem ganze Virus, kann et direkt mat enger Attack reagéieren.

Wéi eist Immunsystem funktionéiert gouf och an der PISA-Sendung iwwert d’Immunsystem vum 31.01.2021 op engem Fussballterrain nogespillt (och disponibel op Englesch via RTL Today). Du kanns et och an desem Artikel op science.lu noliesen.

Text: Michèle Weber (FNR)
Video: RTL
Illustratioun: Linda Wampach (FNR)

 

Infobox

Infobox: PISA – de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu

Aussi intéréssant

Studienteilnehmer gesucht Post-virale Fatigue: Post-Covid und Chronisches Erschöpfungssyndrom

Waren Sie an Covid-19 erkrankt und haben sich immer noch nicht erholt? Leiden Sie unter chronischer Müdigkeit? Dann ist ...

État des lieux scientifique Covid long : Que savons-nous – de plus?

Face à la recrudescence automnale de la pandémie, le sujet du covid long s’impose à nouveau. Quelles sont les dernières ...

FNR

Aussi dans cette rubrique

FACTCHECK Quels sont les avantages et inconvénients de l’heure d’été ?

Changer d’heure deux fois par an est censé économiser de l’énergie, mais aurait un impact négatif sur la santé. Le point sur ce qu’en dit la science.

FNR
Artificial Intelligence The EU AI Act: driver or brake for research and innovation?

The world's first law to regulate artificial intelligence got the green light: the EU AI Act of the European Union. Three scientific experts explain what they think of the regulations.

29 février
Histoire du calendrier Quelles sont les origines de notre calendrier ?

Le 29 février n'a lieu que tous les quatre ans – pendant ce qu'on appelle les années bissextiles. Mais quelle en est l’explication et comment nos ancêtres ont-ils mis au point notre système calendair...

FNR