
© shotshop.com
Science.lu huet Froen zum Thema Wëssenschaft un all d’lëtzebuerger Parteie geschéckt, déi an deene 4 Bezierker fir d’Wahlen 2018 kandidéieren. An eiser Série „Walen 2018 – Positioune vun de Parteien zur Wëssenschaft“ publizéiere mer d’Äntwerten vun de jeweilege Parteien. Hei de geneeë Wuertlaut vun der éischter Fro:
En 2016, le Fonds National de la Recherche (FNR) a lancé conjointement avec la Chambre des Députés l’initiative « Pairing Scheme – Politics meets Research » dans le but de promouvoir l’échange entre le monde scientifique et le monde politique, ainsi que d’encourager les femmes et les hommes politiques à recourir davantage aux résultats scientifiques pour étayer leurs décisions. Dans quelle mesure votre parti fonde-t-il ses propositions/positions sur des résultats scientifiques et souhaite-t-il à l’avenir accroître cette proportion ? Comment votre parti suggère-t-il de renforcer le dialogue entre les responsables politiques et les chercheurs ? Que manque-t-il actuellement (selon votre parti) pour que davantage de résultats scientifiques soient intégrés dans le processus décisionnel politique ?
D’Parteie fannen et all wichteg, dass se hier Décisioune kënnen op wëssenschaftleche Resultater baséieren.
D’DP mécht drops opmierksam, dass een sech als Députéierten dacks mat ganz techneschen Dossieren aus ënnerschiddleche Kommissioune befaasst. An dass do dann dacks net genuch Zäit géif bleiwen, fir sech an de leschten techneschen Detail anzeschaffen. Dofir wier et wäertvoll wann een op gutt Partnerschaften ziele kéint.
Fir déi gréng feelen aktuell eng adequat intern wëssenschaftlech Expertise an och e reegelméissege Recours zu externer Expertise. Sie sinn der Meenung dass thematesch Débâten an der Chamber missten an de parlamentaresche Kommissiounen an Zesummenaarbecht mat Fuerscher preparéiert ginn, déi Experten an deene jewilege Sujete sinn. Ausserdeem misst eng méi enk Collaboratioun tëscht der Chamber an de lëtzebuerger Fuwrschungsinstitutiounen en place gesat ginn, fir d’wëssenschaftlech Expertise am legislativen a regulative Prozess ze renforcéieren.
Déi Lénk werfen an deem Kader d’Fro vun der Autonomie vun der Recherche op. Ma sie schwätzen sech awer och derfir aus, fir méi Know How vun der Fuerschung an de reglementaresche Prozesser vun der Chamber z’integréieren, notamment andeems obligatoresch Auditioune vu Chercheuren an de Kommissiounen géifen agefouert ginn. Anerersäits kéint eng online Plattform hëllefen, déi Kontakter vu Chercheuren no Domaine d’expertise oplëscht.
D’ADR ass och favorabel zu engem Echange tëscht der Fuerschung an der Politik. Sie wërft op, dass Lëtzebuerg Problemer huet an all Domaine Expertise ze liwweren, wëll mir jo net an all Domaine aktiv sinn. A sie werfen och op, dass d’lëtzebuerger Recherche Problemer géif kréien, all Partei op engem selweschten Niveau kënen ze bedéngen. Sie mengen dohier dass ee kéint d’Necessitéit fir e méi substantiellen, kontinuéierlechen an institutionnaliséierte Conseil Scientifique um Niveau vun de Regierungsdecisioune gesinn, ma dass dest um Niveau vun de Parteie méi schwiereg wier. Ausserdeem gesinn sie de Risiko vun deontologesche Problemer…
D’LSAP wéilt gär selwer méi Recours huelen op wëssenschaftlechen Know How, vrun allem an de Sozial- a Geeschteswëssenschaften, an do méi präzis an de Beräicher Educatioun, Santé, Finanzen a Justiz. Sie plädéieren och fir e Renforcement vun institutionnaliséierten Echangen tëscht Politik a Fuerschung. Ma sie fannen dass et awer och nach méi informell Renconteren tëscht Chercheuren a Politiker misst ginn, fir dass net nëmme Politiker kéinte méi wëssenschaftlech Donnéen zur Kenntnis huelen, ma dass och d’Fuerscher hier Fuerschung méi der politescher Realitéit kéinten upassen. No dem Ressenti vun der LSAP ass et ënnert anerem duerch dee Magel u sozialem Impakt vun der Fuerschung dass aktuell d’Resultater vun der lëtzebuerger Fuerschung net ëmmer sou kënnen an den Entscheedungsprozess integréiert ginn.
D’CSV ass der Meenung dass de Pairing Scheme vum FNR e gudden éischte Schrëtt wor a Richtung vu méi developpéierten Echange-Plattformen. An dass a sou Plattformen och Leit aus der Wirtschaft an Industrie sollten derbäi sinn an dest an entweder engem informelle Kader, oder an engem méi institutionnaliséierte Kader.
Hei d’Äntwerte vun de Parteien am Detail:
Dans quelle mesure votre parti fonde-t-il ses propositions/positions sur des résultats scientifiques et souhaite-t-il à l’avenir accroître cette proportion ?
DP
déi gréng
déi Lénk
ADR
PiD
LSAP
CSV
Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Foto: shotshop.com