„Léieren“ heescht dass all Zort vun Informatiounen an Erfahrungen am Gehir gespäichert ginn.

D'Schoul geet rëm un. Proffe probéieren eis Saache bäizebrénge mat Geschichten, Beispiller, Experimenter etc. Et gëtt vun de Schüler erwaard fir dat alles ze „léieren“ an an der Prüfung erëmzeginn. Mee wat ass eigentlech „léieren“?

Ma „Léieren“ heescht dass all Zort vun Informatiounen an Erfahrungen am Gehir gespäichert ginn. Dobäi muss d’Gehir net nëmmen Informatiounen ophuele mee och Lien tëscht Informatioune maachen.

Wat genee geschitt do an eisem Kierper?

D’Informatioun gëtt ënner Form vun Nerveverbindunge gespäichert. Eist Gehir besteet aus e puer Milliarden Zellen, an all Zell ka gläichzäiteg mat e puer dausend aner Zelle Verbindungen agoen. Sou eng Verbindung ass sou eppes wéi en Aarm vun Zell zu Zell. Duerch d‘Verbindung vu verschiddenen Zellen entsteet eng Aart Zellcode, wat e sech ka virstelle wéi eng Zort Barcode. Iwwert des Verbindunge ginn elektresch a chemesch Signaler vun Zell zu Zell iwwerdroen, an sou kënnen d’Informatioun och aktiv benotzt ginn. Et ginn e puer 100 Trilliarde Méiglechkeete wei d’Zellen sech kenne verbannen an organiséieren.

Also eng 1 matt 14 Nulle – so a wat wier, wann all des Verbindungen opgebraucht wieren oder wann sech eng Informatioun déi gespäichert ass ännert?

Ma des Verbindungen sinn net permanent, an dofir verhale mir jo och laang net alles. Wann d’Verbindung net benotzt gëtt, gëtt se rëm opgeléist, an da kënnen sech rëm nei Verbindunge forméieren.

Ech léiere jo grad eppes, heescht dat dass ech grad nei Nerveverbindunge maa?

Jo, genee. Pass op dass de der elo kee Knuet dra mëss!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Ënnerscheed tëscht Jongen a Meedercher

D‘anatomesch Ënnerscheeder an der Gehirstruktur sinn immens grouss. Zum Beispill sinn bei Meedercher d’Nerveverbindungen tëscht deenen zwou Gehirhalschenten dacks besser. Doduerch gi méi Informatiounen ausgetosch an d’Meedercher kennen dann zum Beispill besser zwou Saache matenee maachen. Verschidden Regiounen am Gehir kenne sech och bei Meedercher e puer Joer méi frei entwéckele wéi bei Jongen. Dofir kennen d‘Jongen am Schoulalter méi Problemer hu fir nozelauschteren oder auswenneg ze verhalen. Dofir hu si awer dacks méi Liichtegkeet fir mat Symboler an abstrakte Konzepter ëmzegoen. Si hunn et also méi einfach an der  Mathé an der  Physik.

Sou huet jiddereen seng Stäerkten a Schwächten. Déi Ënnerscheeder tëscht Jongen a Meedercher kann een och net verallgemengeren. Heiansdo sinn d’Ënnerscheeder tëscht zwee Jongen oder zwee Meedercher nämlech méi grouss wéi tëscht engem Jong an engem Meedchen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Dr Magali Perquin a seng Fuerscherequippe aus dem CRP Santé hu erausfonnt dass méisproocheg Leit manner Risiko hunn fir am Alter Gedächnisproblemer ze kréien an aner neurologesch Krankheeten ze entwéckelen. Een deen 3 Sprooche schwätzt huet dräi mol manner Risiko, een deen all Dag mat zwou Sprooche jongléiert huet 4 mol manner Risiko.

Auch interessant

Dissertation in drei Minuten Entzündung des Nervensystems: Parkinson-Forschung am Mini-Gehirn

Doktorandin Sònia Sabaté Soler arbeitet am LCSB an der Optimierung von 3D-Modellen des Mittelhirns und ist eine der Gewi...

Dissertation in drei Minuten Parkinson: mehr als nur eine Bewegungsstörung

Die Doktorandin Laure Pauly erforscht an der Uni Luxemburg das retrograde prozedurale Gedächtnis von Parkinson-Patienten...

Präklinische Modelle Personalisierte Krebsbehandlung mit Hilfe von Patienten-Avataren

Das LIH hat gemeinsam mit Forschungspartnern eine Sammlung patientenbasierter, präklinischer Hirntumormodelle angelegt, ...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR