AdobeStock/dragonstock
E Ventilator killt eis of, awer net de Raum - dat ka just eng Klimaanlag.
Killt e Ventilator de Raum of?
Nee. Duerch dem Ventilator säi Gebléis gëtt d’Loft am Kontakt mam Kierper ofgekillt an duerch méi dréche Loft ersat, sou datt de Schweess méi séier verdonst, an dat killt eis Haut.
De Ventilator setzt d’Loft am Raum a Beweegung. Wann dëse Loftstroum widder eise Kierper bléist, da gëtt déi dënn waarm a fiicht Loft-Grenzschicht, déi direkt am Kontakt mat der Haut ass, ewech geblosen. Déi Loftschicht huet eng Temperatur vun ongeféier 30 bis 35°C an eng relativ Loftfiichtegkeet vu bal 100% (= mat Waasserdamp gesiedegt Loft).
Am klassesche Fall mat 25°C an enger relativer Loftfiichtegkeet vu 50% am Haus geschitt also dat hei, wa mer dem Loftstroum vum Ventilator ausgesat sinn:
- Eis Haut ass mat méi killer Loft a Kontakt an net méi mat Loft vun iwwer 30°C. Duerch dee méi groussen Temperatur-Ënnerscheed tëscht <Loft a Kontakt mat der Haut> an <Haut a Bluttgefäässer just ënner der Haut> geet d’Wäermt vum Kierper un d’Bausse-Loft méi séier iwwer: Eise Kierper gëtt méi séier gekillt.
- Eis Haut ass mat méi dréchener Loft a Kontakt an net méi mat Loft vu bal 100% Loftfiichtegkeet. Doduerch verdonsten déi winzeg Schweessdrëpsen, déi aus de Pore vun der Haut eraus komme vill méi séier. Mat der Verdonstung ass et esou, datt déi ëmsou méi séier geschitt, wat d’Loft méi dréchen ass, d’Loftfiichtegkeet also méi kleng ass. (A gesiedegter Loft, also bei enger Loftfiichtegkeet vun 100%,verdonst guer kee Waasser.) Fir datt Waasser (Schweess) verdonst, ass Energie noutwenneg. Déi entzitt dat Waasser senger Ëmgéigend, an dat ass an dësem Fall eis Haut. Si mat dem Gewebe just drënner liwwert des Energie ënner Form vu Wäermt, verléiert also Wäermt. Eise Kierper gëtt gekillt.
Wann et richteg waarm ass killt de “Verdonstung-Effekt” méi wéi den “Temperaturënnerscheed-Effekt”.
Iwwregens spillen déi 2 Phänomener permanent, op am Wanter oder am Summer, ob dobannen oder dobaussen:
- Wann et am Abrëll nach kill dobaussen ass an eng stramm Loft bléist, da kann et eis richteg kal ginn.
- Am Wanter an de Bierger bei -10°C kann et geféierlech ginn, wa vill Wand ass. Gefillt kann dat da wéi -20°C sinn.
- Am Summer killt eng waarm dréche Loft méi wéi eng waarm fiicht Loft, déi als schmeier oder “schwéier” empfonnt gëtt. Op et eis ze waarm ass oder net, huet dacks méi mat der Loftfiichtegkeet ze di wéi mat der Temperatur.
Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Ventilator an enger Klimaanlag?
Eng Klimaanlag killt tatsächlech d’Loft am Raum of, e Ventilator net.
Eng “Loft-Loft-Klimaanlag” funktionéiert änlech wéi e Frigo. Si suckelt waarm Loft aus dem Raum un a killt déi bannen an der Anlag of andeems se hier Wäermt entzitt . Dat geschitt mat Hëllef vun engem Killmëttel dat an engem geschlossene Rouersystem ass. Déi ofgekillte Raumloft gëtt dann erëm aus der Anlag zeréck an de Raum geblosen. D’Lofttemperatur am Raum ass doduerch méi niddereg wéi ouni Klimaanlag.
E Ventilator killt d’Loft am Raum net.
Funktiounsweis vun enger Klimaanlag: E Killmëttel hëlt bannen an der Anlag Wäermt aus der Raumloft op an transportéiert se an engem geschlossene Kreeslaf no baussen. Do gëtt d’Killmëttel dann erëm ofgekillt. D’Killmëttel wiesselt bei deem ganze Prozess vum flëssegen op gasfërmegen Zoustand an erëm zeréck, begleet duerch Verännerungen am Drock. Disclaimer: Des Illustratioun gouf vum Michèle Weber (Science Communicator beim FNR) mat Hëllef vu KI generéiert, an duerno vum Michèle Weber an André Mousset (Physiker an Auteur vum Text) iwwerpréift.
Kann een de Frigo benotze fir de Raum ze killen?
Nee, e Frigo an engem Raum ass eng Heizung am Raum.
Änlech wéi eng Klimaanlag killt e Frigo d’Loft a sengem Banneraum andeems e Wäermt no bausse befërdert, an esou de Bausseraum erhëtzt. Dës Iwwerdroung vun Energie geet awer net vum selwen, genau wéi bei der Klimaanlag. Si brauch zousätzlech elektresch Energie, déi ënner Form vu Wäermt am Raum lant. E Frigo mat oppener Dir brauch méi Energie fir ze killen an ass also eng Heizung!
Funktiounsweis vun engem Frigo. Disclaimer: Des Illustratioun gouf vum Michèle Weber (Science Communicator beim FNR) mat Hëllef vu KI generéiert, an duerno vum Michèle Weber an André Mousset (Physiker an Auteur vum Text) iwwerpréift.
Kann een sech och eng Klimaanlag selwer bauen?
Jo, allerdéngs ass hir Effizienz net garantéiert. Si hänkt dovun of wéi grouss de Raum ass a wéi vill Opwand bedriwwe soll ginn.
Am Internet an op Social Media ginn et Videoen, déi vun engem “Lifehack” oder “DIY Klimaanlag” schwäermen. Dobäi kommen entweder naass Dicher virum Ventilator oder gefruere Waasserfläsche viru respektiv hannert dem Ventilator zum Asaz. A béide Fäll soll d’Raumloft esou ofgekillt ginn. Wéi funktionéiert dat?
En naasst Duch virum Ventilator killt d’Loft déi duerch dat Duch geet tatsächlech temporär of, wëll d’Waasser am Duch verdonst an dat der Raumloft Energie entzitt. D’Duch soll de Loftstroum vum Ventilator dobäi net blockéieren. Et ass deselwechte physikalesche Prinzip duerch dee Schweessen eise Kierper ofkillt. Soubal d’Duch dréchen ass, ass et eriwwer mat der Killung. Well anescht wéi bei enger richteger Klimaanlag gëtt d’Wäermt net aus dem Raum eraus transportéiert.
D’Loft am Raum däerf och net ze fiicht ginn, wëll soss d’Killung duerch Verdonstung souwuel vum Duch wéi och vun onsem Schweess op der Haut ofhëlt. Wann d’Waasser am Duch verdonst geet d’Loftfiichtegkeet erop. E fiichte Raumklima gëtt awer als desagreabel empfonnt.
Bei der Versioun mat der gefruerener Waasserfläsch virun oder hannert dem Ventilator ass et esou: Genau wéi beim Verdonste vu Waasser am Duch ass och Energie noutwenneg, fir Äis ze schmëlzen. Des Energie gëtt an dësem Fall der Loft entzunn, déi de Ventilator op d’Äis bléist. D’Loft gëtt also tatsächlech ofgekillt.
Op sech domat allerdéngs d’Loft vum Raum vill ofkille léisst, ass alles Anescht wéi sécher. Schlussendlech hänkt et dovun of wéi grouss de Raum ass a wéi vill Waasser pro Minutt verdonst respektiv wéi vill Äis pro Minutt schmëlzt. An ob d’Äisbléck an demselwechte Raum gefruer gouf. Well e Freezer gëtt – genee wéi e Frigo – och Energie un de Raum of.
An och hei gëllt: D’Äis ka Wäermt nëmmen sou laang ophuele wéi et schmëlzt. Mee et ass awer villäicht eng gutt Alternativ zu enger Klimaanlag fir e klenge Raum temporär ofzekillen.
Dëse Video (op Englesch) erkläert de Prinzip mat den Äisbléck méi ausféierlech a weist och drop hin, op wat een oppasse muss:
Schreift eis Är Erfarungen, wann der et ausprobéiert hutt!
Auteur: André Mousset (Physiker)
Éditeur: Michèle Weber (FNR)
Illustratiounen goufe vum Michèle Weber mat Ënnerstëtzung vun ChatGPT erstallt an duerno vum Michèle Weber an André Mousset iwwerpréift.