© RTL & FNR
Kann ee mat Planzen och Gold gewannen. A wéi zéie Planze Metaller aus dem Buedem. De Mr Science ënnersicht Phytomining.
Fir dëse Reportage ass de Mr Science op engem ale Schlammtipp vun der Eisenindustrie ënnerwee. Buedemanalysen hu gewisen, datt de Buedem hei staark mat Schwéiermetaller verseucht ass. Well den Terrain awer scho laang brooch läit, hu sech Planzen ugesidelt déi ënnert dëse Konditioune wuesse kënnen. Mee kënne Metaller déi am Buedem sinn och an d’Planz eragoen, a kéint een d’Metaller dann duerno aus de Planzen isoléieren?
Recherchen hu gewisen, datt et Planze ginn, déi z.B. de Metall Nickel an engem héije Moos uräichere kënnen. D‘Nickelkonzentratiounen an dëse Planzen si souguer méi héich wéi am Buedem op deem se wuessen, wat et méiglech mécht d’Planzen als „Minnenaarbeschter“ anzesetzen. Phytomining ass de Begrëff fir dës Zort vu Metallextraktioun.
Mir wollte erausfannen, ob Planzen um Schlammtipp dat och maache kënnen, a wéi dat geet. D’Analyse vun de Planze goufen am Staatslabo (LNS) gemaach, am Departement wou Liewensmëttel op Schwéiermetaller hin iwwerpréiwt ginn.
Am LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) interesséieren sech Fuerscher fir d‘Planzen déi Metaller uräicheren, mee dat nach aus engem anere Grond....
Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin