© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssenmagazin

Kann ee mat Planzen och Gold gewannen. A wéi zéie Planze Metaller aus dem Buedem. De Mr Science ënnersicht Phytomining.

Fir dëse Reportage ass de Mr Science op engem ale Schlammtipp vun der Eisenindustrie ënnerwee. Buedemanalysen hu gewisen, datt de Buedem hei staark mat Schwéiermetaller verseucht ass. Well den Terrain awer scho laang brooch läit, hu sech Planzen ugesidelt déi ënnert dëse Konditioune wuesse kënnen. Mee kënne Metaller déi am Buedem sinn och an d’Planz eragoen, a kéint een d’Metaller dann duerno aus de Planzen isoléieren?

Recherchen hu gewisen, datt et Planze ginn, déi z.B. de Metall Nickel an engem héije Moos uräichere kënnen. D‘Nickelkonzentratiounen an dëse Planzen si souguer méi héich wéi am Buedem op deem se wuessen, wat et méiglech mécht d’Planzen als „Minnenaarbeschter“ anzesetzen.  Phytomining ass de Begrëff fir dës Zort vu Metallextraktioun.

Mir wollte erausfannen, ob Planzen um Schlammtipp dat och maache kënnen, a wéi dat geet. D’Analyse vun de Planze goufen am Staatslabo (LNS) gemaach, am Departement wou Liewensmëttel op Schwéiermetaller hin iwwerpréiwt ginn.

Am LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) interesséieren sech Fuerscher fir d‘Planzen déi Metaller uräicheren, mee dat nach aus engem anere Grond....

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

Infobox

RTL PISA - De Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Auch interessant

Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

FNR
Blumen-Experiment Verwandele weiße Tulpen in farbige!

Mit nur wenig Material, kannst Du in kurzer Zeit weiße Tulpen (oder andere Blumen) in farbige verwandeln.

FNR
Schädlinge Der Borkenkäfer: Vom Sekundärschädling zum Todfeind der Fichten

Von den rund 50 Borkenkäferarten in Luxemburg sind vor allem zwei der schädlichsten Vertreter aktiv: der Buchdrucker und...

Auch in dieser Rubrik

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR