
Et huet villaicht eppes mat Blosen an de Gelenker ze dinn.
Mir lafen d’Schudderen de Réck erof wann ech Leit héiere mat hire Fanger knacken! Wat geschitt do eigentlech genee?
Doriwwer zerbriechen d’Leit sech scho säit laangem de Kapp. An der Tëschenzäit ginn et awer Röntgebiller, op deenen een d’Etappe vum Fanger-Knacke schéi gesäit. Fir d’éischt gëtt den Ofstand tëscht de Schanke méi grouss, an dann entsti kleng Blosen an der Gelenkflëssegkeet, déi deng Schanke matenee verbënnt.
A wisou tauchen da Blosen op wann een e Gelenk auserneen zitt?
Ma wann den Ofstand tëscht den zwou Schanke méi grouss gëtt, dann entsteet en Ënnerdrock an der Gelenkflëssegkeet. Verschidde Gasen, déi virdrun an där Flëssegkeet opgeléist waren, fänken u kleng Blosen ze bilden. Doduerch kann den Ofstand tëscht de Schanken em 15-20% vergréissert ginn.
A wisou knackt dat dann esou eekeleg?
Doriwwer gëtt ëmmer nach diskutéiert! Mee eng Hypothese ass dass de Kaméidi vun der Bildung vun de Gasblose kennt.
Wéi kann dat da Kaméidi man?
Ma dat ass d’selwecht wéi wann’s de e Saugnapf vun der Mauer zitts! Soubal‘s de zitts, bilt sech en Ënnerdrock. Dee gëtt esou staark, dass iergendwann Loft vu baussen erakënnt fir den Drock auszegläichen. An dat „poppt“ jo och zimlech haart!
Ass dat dann net schiedlech fir d’Gelenker? Déi si jo eigentlech net dofir gemaach!
Et ginn net ganz vill Studien doriwwer. An awer schéngen d’Fuerscher, d’Dokteren an d’Osteopathen sech eens ze sinn: Gelenk-Knacken verursaacht kee Rheuma oder sou. Mee et ginn net genuch Studie fir negativ Effekter op d’Muskelen oder d’Sehnen auszeschléissen.
Sécherheetshalber soll een et also léiwer net iwwerdreiwe mam Fanger-Knacken.
Text: Corinne Kroemmer